Aktualitéit

DSC09888.jpg
Pilotprojet

Am Kader vun engem Pilotprojet vum Educatiounsministère kënne Schüler a Personal aus dem Centre pour le développement moteur elo eemol d'Woch e Schnelltest maachen. Mir ware sur place dobäi.

COVID-19 VACCIN
CORONA-PANDEMIE

Wéi sécher ass den Impfstoff AstraZeneca a soll virun domat geimpft ginn? Déi Fro beschäftegt den Ament d'Gesondheetsministeren an der ganzer EU. D'Länner zéie ganz ënnerschiddlech Konsequenzen.

Webinar Lëtzebuergesch an der Schoul
Webinar

Wéi eng Forme Lëtzebuergesch kommen am Bildungssystem vir? Wéi setzt et sech gemeinsam mat de Friemsproochen zu enger multilingualer Sproochenausbildung zesummen? Doriwwer hu véier Enseignanten an enger Diskussiounsronn geschwat.

Hôpitaux Robert Schuman - Hôpital Kirchberg
Hôpitaux Robert Schuman

D'Verwaltungs- a Finanzdirektesch Sandra Thein iwwerhëlt an enger Iwwergangsphas d'Direktioun vum Hôpitaux Robert Schuman. Den HRS weist iwwerdeems all Virwërf vu sech, eng parallel Impfcampagne geplangt ze hunn.

Frank Schroeder Meenung
Fräie Mikro

Obscho se gemaach si fir eis Gesellschaft ze schützen, beschneiden d'Covid-Mesuren eis Fräiheeten. Allerdéngs ass en Deel vun deem, wat verschiddener als Verloscht vu Fräiheete verstinn fir anerer ni eng Realitéit gewiescht.

ECDC
EU-GESONDHEETSPOLITIK

D'Europäesch Agence fir Medikamenter an den Europäeschen Zentrum fir Krankheetspreventioun a Kontroll sollen als Konsequenz aus der Pandemie gestäerkt ginn. Déi geplangte Reform geet awer net wäit genuch, soe Kritiker.

Kultur am Confinement
Ee Joer Pandemie

Mëtt Mäerz d'lescht Joer sinn d'Riddoen zougaangen an d'Luuchten ausbliwwen. Virun engem Joer huet sech d'Welt fir déi Kulturschafend an allen Hisiichte verännert. E Réckbléck.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen