Aktualitéit

D’Steierpolitik ass typesch eng national Kompetenz. Décisiounen am Beräich vun der Steierpolitik mussen eestëmmeg vun den EU-Member-Staaten geholl ginn. Dorunner huet sech och mam Traité vu Lissabon wéineg geännert.

An der Spezialemissioun Europawalen ass et d’Analyse vun de Walprogrammer vun de Parteien zum Thema Migratioun, mat Aussoe vu Kandidaten, an Expert’en duech d’Emissioun féiert d’Mick Entringer a Begleedung vun der Presidentin vun der Auslännerorganisatioun ASTI Laura Zuccoli.

De Serge Kesseler huet mat enger Rei Kandidaten iwwert d’Aussen-, d’Sécherheets- respektiv d’Verdeedegungspolitik an der EU geschwat: ee Beräich an deem d’Europaparlament nëmme wéineg Matsproocherecht huet.

D’Chamber-Institutiounskommissioun huet hir Aarbecht um Deontologie-Codex fir d’Députéiert gëschter sou gutt ewéi ofgeschloss. Dem LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry no kann d’Chamber nach virum Summer iwwert de Verhalenskodex ofstëmmen.

Am Europawahlkampf schwätzt sech keng Partei géint Dateschutz aus, mee et fehle konkret Proposë wéi "informell Selwerbestëmmung" ka garantéiert ginn - sou d'Analys vum Pia Oppel

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen