Aktualitéit

Marianne Welter
Camionsentreprisen

D'Existenz vu Lëtzebuerger Camionsentreprisen, wei Arthur Welter, kéint an den nächsten zéng Joer a Fro gestalt ginn, seet d'Marianne Welter, Direktesch bei Arthur Welter an och Presidentin vum Groupement Transport.

Romain Schumacher
Fussball

Nach ni huet e Lëtzebuerger Veräin op deem Niveau gespillt, an dat och nach zwee Joer noeneen. Trotzdeem kritiséiert den Trainer vum F91 d'Fussballfederatioun. "Mir si Joren hannendran".

René Winkin a Raymond Aendekerk
CO2-Steier

Déi geplangten CO2-Steier wier net héich genuch fir en Effekt ze hunn, seet de Raymond Aendekerk. De René Winkin gesäit dat anescht: en Deel vum Spritverkaf kéint sou an d'Ausland verlagert ginn.

Fernand Kartheiser
No Demissioun

De Fernand Kartheiser kritiséiert den ADR-Generalsekretär an de Parteipresident a fuerdert personell Konsequenzen. D'Parteispëtzt hätt ze séier an ze däitlech op de Kommentar vun der Sylvie Mischel reagéiert.

Alain Duschène
Arméigewerkschaft

De SPAL-President Christian Schleck hätt festgehalen, datt hien net Demandeur fir en neie Poste wier, bestätegt de Chef d'État-Major Alain Duschène. De Christian Schleck wier awer net strofversat ginn.

De Rot vun der Europäescher Unioun
EU-Budget 2021 - 2027

D'EU-Länner si sech guer net eens doriwwer, wéi héich den nächsten Budget vun der Europäescher Unioun soll sinn. De Sträit ass voll am Gaang a riskéiert um EU-Sommet ze eskaléieren.

5G
Technologie

Firwat brauche mir d'5G-Technologie, wéi eng Schrëtter mussen nach geholl ginn a wéi steet et ëm d'Sécherheet vum Reseau? De Stephan Polet huet sech mam zoustännege Regierungsbeamten Eric Krier ënnerhalen.

Zwee Lëtzebuerger Zaldoten am Militärcamp zu Masar-e Scharif am Norde vun Afghanistan
Arméi

Wiert d'CGFP sech prinzipiell géint d'Versetzung vum Christian Schleck, oder well hien op sengem neie Posten net méi senger gewerkschaftlecher Aarbecht kéint nogoen?

Illustratioun fir Parteifinanzéierung
Parteiefinanzéierung

Déi politesch Parteie solle vun 2020 u ronn 30 Prozent méi staatlech Sue kréien. Dat gesäit d'Gesetzespropositioun vum LSAP-Fraktiounschef fir d'Reform vun der Parteiefinanzéierung vir. Den Text soll nach dëst Joer deposéiert ginn.

Esch
Vëlospist

Lescht Woch huet den Transport- an Infrastrukturminister François Bausch de Bau vun enger Vëlospist tëschent Esch an dem Quartier Belval ugekënnegt. E Projet, deen déi zwee Zentere verbanne soll.

Jean Schoos
ADR

De Jean Schoos schléisst net aus, datt d'Sylvie Mischel iergendwann nees eng Féierungsroll an der ADR iwwerhëlt. Wa si nees en Amt wéilt iwwerhuelen, kéint si sech also dofir opstellen, seet de Parteipresident.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • The Jim Kent Show

Net verpassen

  • Haut den Owend live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen