Sensibiliséierung fir de Klimawandel "Zu Fouss, mam Vëlo oder Bus an d'Schoul"

Mat den Eltere mam Auto an d'Schoul? Oder awer léiwer zu Fouss? An Zäite vum Klimawandel ka jiddereen en Effort maachen. Fir d'Schüler an d'Elteren ze motivéieren, op den Auto ze verzichten, huet d'Stad Lëtzebuerg e Concours fir d'Grondschoulen organiséiert.

Simon Larosche

Schoulklass Hamm "Zu Fouss, mam Velo oder Bus an d'Schoul"
Foto: Photothèque de la Ville de Luxembourg

De Bäitrag vum Simon Larosche lauschteren


Wie mam Vëlo, mat der Trotinette zu Fouss oder mam Bus an d'Schoul komm ass amplaz mam Auto, krut all Kéiers e Sticker. Ronn 2.800 Schüler aus de Stader Grondschoulen hu matgemaach. Huet dat eppes bewierkt? A wisou hunn d'Kanner matgemaach? De Simon Larosche huet bei Gewënner an der Grondschoul zu Hamm nogefrot.

De Concours "Zu Fouss, mam Velo oder Bus an d'Schoul" vun der Stad Lëtzebuerg gouf vum 18. September bis den 18. Oktober organiséiert. D'Resultat gouf rezent presentéiert.

Méi zum Thema

Ariane Koenig.JPG Interview
Science for Climate

186 Wëssenschaftler vun der Uni Lëtzebuerg solidariséiere sech an engem oppene Bréif mat de jugendleche Klimaaktiviste vu Youth for Climate Luxembourg. De Maurice Antony huet mat der Wëssenschaftlerin Ariane König doriwwer geschwat.

Danièle Weber Réckbléck
EU-Politesche Wocheréckbléck

Eng Woch voller Emotiounen: Vill Äddien - fir déi eng endgülteg, well si net méi kandidéieren, fir déi aner ongewëss, well si net wëssen, ob si erëmgewielt ginn. Mir kucken op dës Woch zeréck.

Sven Clement
Klimadebatt

Et géif der Piratepartei leed doen, datt si e Video vum Optrëtt vun engem Kandidat fir d'Europawahlen, bei der Youthforclimate-Manifestatioun, publizéiert huet. Dat seet de Sven Clement, dee Youth For Climate awer gläichzäiteg kritiséiert.

Sophie Di Vora
Safari-Guide a Südafrika

D'Sophie Di Vora war schonn ëmmer vun Afrika, der Flora a Fauna an och vun de Mënschen faszinéiert. Et war fir si kloer: No der Schoul geet et net op d'Uni, mee bei déi Big Five.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen