Zäitspuer: Episod 1 Grujeleg Accidenter an Iessen ewéi um Haff

1981 huet déi lescht Eisenäerz-Minn zu Lëtzebuerg zougemaach. Iwwer 40 Joer méi spéit, kann ee sech just nach schwéier virstellen, wéi haart den Aarbechtsalldag ënner dem Buedem deemools war. An eiser Sendung "Zäitspuer" loosse mir Leit zu Wuert kommen, déi d'Minnenaarbecht selwer materlieft hunn.

Rick Mertens

Zäitspuer Episod 1 Minnen
Minnenaarbechter beim Mëttegiessen an der Minn Ottange II (1960). Credit: Collection Musée National des Mines de Fer, Photographe Betz

Datt dës Erënnerungen un d'Minnenaarbecht nach ëmmer accessibel sinn, ass dem Luciano Pagliarini ze verdanken. De Lokalhistoriker huet an de 70er, 80er, a fréie 90er Joren stonnelaang Leit interviewt, déi selwer an de Minne geschafft hunn, oder am direkten Ëmfeld vun de Minnenaarbechter gelieft hunn. D'Tounopname vun dëse Gespréicher gëtt et bis haut, an si sinn eng Goldgrouf fir Leit, déi sech fir déi industriell Vergaangenheet vun der Minett-Regioun interesséieren.

D'Historiker François Klein a Marco Gabellini hunn d'Kollektioun fir d'Online-Ausstellung "Minett Stories" nei opgeschafft. De Rick Mertens huet sech an der "Zäitspuer" erkläre gelooss, firwat dës Opnamen esou wäertvoll sinn.


An der Mediathéik:

Zäitspuer / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Net verpassen

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Am November gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen