Den 19. November ass World Toilet Day. Dat klengt a priori e bësse komesch, mee wann een d'Fakte kuckt, dann ass et guer net méi komesch. Véier Milliarde Mënsche mussen ouni geséchert Sanitatioun auskommen. Iwwer zwou Milliarde musse mat Drénkwaasser auskommen, dat duerch Fäkalien infizéiert ass. An all Joer stierwen iwwer 400.000 Leit duerch Duerchfall, deen duerch inadequat sanitär Zoustänn verursaacht gëtt.
De World Toilet Day, deen zanter 2013 offiziell vun der UNO organiséiert gëtt, ass also net vu Muttwëll. Besonnesch well zanter 2015 d'Recht op adequat Sanitatioun als Mënscherecht unerkannt gouf.
Et geet jo ëm méi, wéi just den Accès zu enger propperer Toilette, dat verlaangt jo eng ganz Infrastruktur ronderëm. Mee et soll bis 2030 all Mënsch Accès hunn zu sanitären Anlagen, déi een als sécher bezeechne kann.
Eis Bezéiung zur Toilette
Hei zu Lëtzebuerg hu mer wuel manner Problemer mat der Situatioun, an et schéngt fir eis relativ selbstverständlech, datt mer eis Gesondheet net all Kéier riskéieren, wa mer op d'Dëppe ginn.
An dat ass jo eng vun deenen éischte Saachen, déi een als Mënsch a sengem Liewen iwwerhaapt mécht. Den Dreck aus sengem Kierper evakuéieren. An iergendwann léiert ee jo och, propper ze ginn.
De Gang zum Troun misst theoretesch fir all Mënsch eppes sinn - op alle Fall zu Lëtzebuerg - wat all Dag e puermol passéiert. An trotzdeem schwätze mer net "einfach esou" dovun.
Op d'Dëppe goen, iergendwou higoen, op den Troun goen, et gëtt vill Metapheren, mee et ass rar, datt ee riicht eraus seet, datt een defequéiere geet.
Eng doudeg Robbe gebären, e Grouss un d'Stadwierker schécken, e Snickers frittéieren, e Fax aus Darmstadt kréien, et feelt net un Ëmschreiwunge fir eng Saach, déi all Mënsch mécht.
An dat seet jo och schonn eppes iwwer eis Bezéiung zu deem aus, wat een um Locus mécht. Mir halen et fir eis, mir wëllen net wëssen, wat déi aner do maachen, am beschten näischt dovu matkréien, well et eekeleg ass. Oder éischter, well et eis eekelt. Besonnesch an enger Gesellschaft, déi esou drop getrimmt ass, fit, propper, schéin, modern, dynamesch a wat weess ech net nach alles ze sinn, do schwätzt een net iwwer dat, wat hanner de Kulisse passéiert. Mee dat war net ëmmer esou.
Andere Zeiten, andere Sitten
Wann ee säi Geschäft maache geet, dat ass bei eis jo eng Metapher. Bei de Réimer war et awer keng.
D'Réimer hunn nämlech hir Geschäfter net onbedéngt an engem Konferenz-Zëmmer ofgehalen, mee op der Toilette. Zesummen. Niefteneen. Ouni Geschlechter-Trennung. Verschidde Réimer haten Toilettë béi sech doheem am Haus, mee déi mécht sinn op déi ëffentlech Toilettë gaangen. Do souz een dann niefteneen an huet dat gemaach, wat gemaach huet misse ginn, nämlech net just d'Nougat-Press ugeworf, mee och ganz dacks Business.
An et huet een net nëmme Geschäfter zesumme gemaach, mee nach vill aner Saache matenee gedeelt. Zu Vindolanda, engem gréissere réimesche Fort um Hadrians-Wall, gouf en Toilettebrëll aus Holz fonnt, dee relativ ofgenotzt war. Also vill benotzt. Also warscheinlech och vill gedeelt. An d'Réimer wossten nach näischt vu Bakterien, a si haten och keng Toilettë mat Spull, wéi mir se hunn, mee si haten Toiletten, wou d'Waasser duerch e Gulli duerchgelaf ass. War de Waasserdrock net héich genuch, gouf net onbedéngt alles mat ewech gespullt. A si hate keen Toilettëpabeier, mee e Schwamp, um Wupp vun engem Bengel, mat deem si sech den Hënner ofgemaach hunn. Dee Schwamp ass dann no Gebrauch an en Eemer Waasser oder Esseg geraumt ginn an huet dann drop gewaart, datt deen nächsten e sollt benotzen.
Caring is sharing, an hei goufe wéi gesot och vill interessant Bakterien an aner Liewensforme weiderginn.
Am Mëttelalter ass dee convivialen Aspekt dann erëm verluer gaangen, mee an der Neizäit fënnt een dat awer och erëm. De Louis XIV. ass jo bekannt dofir, säi Geschäft an aller Ëffentlechkeet verriicht ze hunn, ënner anerem fir all Mënsch ze weisen, wien de Boss ass. An et ass sech och drëm gestridde ginn, zu Versailles um Haff, wien dann déi freedeg Éier hätt, dem Kinnek seng Chaise percée eidel ze maachen.
A verzeit mir, wann ech dat elo salopp ausdrécken, mee wann een duerch esou Aktioune seng hierarchesch Iwwerleeënheet ausdréckt, da weist een deenen anere jo am Fong, datt een op si schäisst, an datt si engem um Aarsch laanscht ginn.
Souvill Metapheren an nëmmen e puer Minutten, fir se ze placéieren. Mee do si mer erëm béi deem, wat ech virdru gesot hunn. All Mënsch mécht et, mee net all Mënsch schwätzt dovun a wann, dann dacks nëmmen iwwer Ëmweeër. Mir sinn eben haut net méi zu Versailles.
Mee och an England gouf et eng speziell Funktioun um kinneklechen Haff, déi vum Groom of the Stool. Dee Groom sollt dem Kinnek bei sengen Ablutiounen hëllefen. Dee Poste gouf awer am fréien 20. Joerhonnert ofgeschaf, souwéi och déi Toiletten, déi fir eis haut geleefeg sinn, sech lues a lues verbreet hunn. Op alle Fall bei deenen, déi se sech leeschte konnten.
E vitale Besoin?
Eis Bezéiung zur Toilette berout jo haut éischter op Eekel an Diskretioun. Et zielt een jo net einfach esou an der Ëffentlechkeet, wat een alles um Dëppe gemaach huet. An trotzdeem, op der Uni, zu Louvain, do schéngt sech déi moralesch Fro net esou wierklech gestallt zu hunn. Do huet nuets - also, meeschtens nuets - all Mënsch dohi gepisst, wou e wollt, sans gêne, an der Ëffentlechkeet, do hunn déi wéinegst sech dru stéiere gelooss.
Dat, wat méi desagreabel war, waren d'Spueren den Dag dono, an de Geroch. An et ass jo och net onbedéngt hygienesch, wann ee seng Kierperflëssegkeeten, sief et Urin oder Erbrachenes, iwwerall hi verbreet. Dat wier zu Lëtzebuerg net virstellbar, mee mat 20 Joer an 20 Promill ass dat fir vill Studente kee Problem.
Also, dat just fir ze soen, datt eist Verhältnes zu eise Kierperflëssegkeeten näischt ass, wat sech net verännere kéint.
Eng Fro vu Bedierfnesser
Fir elo zeréck op de World Toilet Day ze kommen, et geet hei jo och net direkt dorëm, all Mënsch eng Toilette dohin ze stellen, mee Konditiounen ze schafen, an deenen all Mënsch Zougang zu sanitären Anlagen huet, déi fir hien net geféierlech sinn. Dat heescht, wou d'Exkrementer dono net onbedéngt an d'Drénkwaasser erasickeren, oder wou den Titus Pullo engem grinsend de Schwamp-Bengel dohin hält, nodeem hien e grad benotzt huet.
Datt et e liewenswichteg Bedierfnes ass, datt Mënsche gesond mat hiren Ausscheedungen ëmgoe kënnen, dat ass mengen ech kloer. Dat ass jo fir eis hei vläicht selbstverständlech, mee fir vill Leit um Planéit ass et et net.
Datt mer gëeekelt domat ëmginn, dat ass, wéi gesot, eppes, dat variéiere kann. Verschidde Leit schumme sech fuerchtbar, wa si beim Fuerzen erwëscht ginn, anerer hu Personal, déi hinnen hir Thunderbox botzen, nodeem si sech an aller Ëffentlechkeet sanitär entspaant hunn.
A jo, eng Chaise percée kann een op Englesch och Thunderbox nennen!
Konsequenzen
Bon, wat eekeleg ass a wat net, do kann ee laang driwwer diskutéieren. Dat wat mech hei awer och interesséiert, ass de moraleschen Aspekt.
Hei am Weste stierwen ëmmer manner Leit, zanter mer am 19. Joerhonnert Fortschrëtter am Beräich Medezin, mee awer och Sanitäranlagen, gemaach hunn. Dat ass och eppes, wat mer allgemeng als Fortschrëtt ugesinn.
Wa mer et awer elo sollen esou wäit kréien, datt ALL Mënsch am nächste Joerzéngt Zougang zu enger propperer Toilette kritt, dann hu mer weltwäit ëmmer manner Leit, déi stierwen. An dacks ass et esou, datt wann een eng Léisung proposéiert fir esou Problemer, wéi deen hei, datt da schonn direkt een anere kënnt a mengt, déi Léisung géif d'Gesamtsituatioun just verschlechteren. Wa manner Leit stierwen, da kéint et zu enger demographescher Explosioun kommen. Also, enger nach méi grousser ...
Mir hunn jo e klenge Klimaproblem. Mir hunn och eng Situatioun, wou mer sou lues a lues an dee Beräich kommen, wou eis Ressourcen net ouni Weideres d'Unzuel vu Mënschen einfach esou weider kënnen droen. Dat ass, mengen ech, och kloer.
Laut där Logik heescht dat, wa mer elo dofir suerge wëllen, datt op där enger Säit all Mënsch Zougang zu Hygiène kritt, da kréie mer op där anerer Säit warscheinlech onerwënschte Konsequenzen. Sou formuléiert klengt dat schonn tragesch, well dat géif jo bedeiten, datt eng gutt Saach a Wierklechkeet e Schrëtt an déi falsch Richtung wär.
Gutt, mee dat ass d'Saach net wäit genuch geduecht. Dat wier déi falsch Approche, Leit net ze hëllefen, wat jo hei bedeit, datt Leit géife stierwen, obschonn hiren Doud vermeidbar wär, just fir datt dono vläicht manner Leit stierwen, dat ass schonn e bësse wäit hiergeholl. A wat een och bedenke muss, méi en héijen hygienesche Standard bedeit och dacks, datt manner Kanner gemaach ginn. Dat heescht, datt de putative Problem sech vläicht vum selwe léist. Wann et nämlech de Leit weltwäit net vill méi schlecht sollt goen, wéi eis hei zu Lëtzebuerg, jo, da brauche si manner Kanner, an da kréie si iergendwann och esou wéineg Kanner, wéi mir hei.
Da géif déi Fro vun der Iwwerbevëlkerung sech iergendwa vum selwen apendelen.
Bon, et huet een de Choix. Entweder et geet ee proaktiv un de Problem erun a sicht no Léisungen, oder et léisst ee weider Leit stierwen, déi net stierwe missten. Dat eent verlaangt eng laangfristeg Iwwerleeung, déi net intuitiv ass, dat anert wier eng Iwwerleeung, déi kuerzfristeg op Eekel an Egoismus baséiert. Pervers ass, datt den Egoismus warscheinlech méi vun der laangfristeger Léisung eppes hätt. Do ass et jo dann och berouegend, datt mer an engem Zäitalter liewen, wou d'Mënschheet grad iwwerzeegt duerch hiert poséiert, pragmatescht a rationellt Handelen, gell?