Musiktherapie "Wier de Beruff reglementéiert, kéinte mir d'Demanden assuréieren"

Zanter 2004 gëtt et d'Gesellschaft fir Musikstherapie zu Lëtzebuerg, déi sech dofir asetzt de Beruff ze promouvéieren an ze reglementéieren. Well Musekstherapeut oder -therapeutin ass hei zu Lëtzebuerg net offiziell unerkannt.

Pit Walté / cbi

Musekstherapie
Symbolbild. Foto: Bigstock / l i g h t p o e t

Et géif hei am Land eng Demande no Musekstherapië ginn, an eigentlech wier och genuch ausgebilt Personal do fir op dës Demande ze reagéieren, schreift d'Gesellschaft fir Musiktherapie an engem Communiqué.

Mee well de Beruff net reglementéiert wier, kéinten dës Therapien net ëmmer assuréiert ginn, seet d'Cathy Schmartz, Presidentin vun der Associatioun.

"Mir hu ronn 30 Musekstherapeuten an -therapeutinnen als Member, déi opgrond vun der aktueller Situatioun net an hirem Beruff schaffe kënnen. Dat heescht, wa mir Ufroe kréie vu Leit, déi e Musekstherapeut sichen, da wësse mir, datt mir am Prinzip Kolleegen a Kolleeginnen hätten, déi hëllefe kéinten, awer net an deem Beruff schaffen, mee zum Beispill Educateur oder Enseignante sinn. Deementspriechend sinn déi dann net disponibel, fir eng Musekstherapie unzebidden."

De Beruff reglementéieren

Donieft géif déi Net-Reglementéierung bedeiten, datt sech am Prinzip jiddwereen hei am Land Musekstherapeut nennen a Sëtzungen ubidde kéint. Wat e Problem wier, well een dem Patient géigeniwwer eng Verantwortung hätt, seet d'Cathy Schmartz. Dofir géif ee sech als Gesellschaft fir Musiktherapie och dofir asetzen, datt de Beruff unerkannt gëtt.

"Mir si schonn eng Zäitchen a Gespréicher mam Gesondheetsministère. Mir hunn och un der Ëmfro zu de Gesondheetsberuffer matgemaach, déi de Ministère organiséiert hat a wou am Oktober d'lescht Joer d'Resultater virgestallt goufen. Do war eng Recommandatioun, de Musekstherapeut an -therapeutin als Beruff ze reglementéieren a mir hoffen natierlech, datt dës Recommandatioun och eescht geholl gëtt."

Méi Infoen zu der Gesellschaft fir Musiktherapie an zu der Musekstherapie am Allgemengen fënnt een ënner www.musiktherapie.lu

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Pit Walté
Lauschteren

Méi zum Thema

James Rose - Proms In The Park 2018
BSO Resound

E professionellen Ensembel, dee just aus Museker mat Behënnerung zesummegesat ass, ënner der Leedung vun engem Chef mat Behënnerung - dat ass de Resound Ensemble vum Bournemouth Symphony Orchestra.

Projet Loos alles eraus 4.jpg
Danz a Rap Event

Jonker aus der Jugendpsychiatrie verschaffen a selwer geschriwwene Rap-Texter a Choreographien all hir perséinlech Erliefnisser. D'Sylvia Camarda an den David Galassi begleede si dobäi.

Projet Loos alles eraus
"Looss alles eraus"

Musek an Danz sinn net nëmmen Divertissement, mä och eng Zort Therapie. Am Projet "Looss alles eraus" sprangen 20 Jugendlecher déi vun der Jugendpsychiatrie betreit ginn, iwwer hire Schied.

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen