Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch Wien ass hien? Wou ass hei? Wéini ass elo?

D'Linguistin Caroline Döhmer schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eppes iwwer Persounen, Raum an Zäit.

Simon Larosche / Caroline Döhmer / cz, cbi

Caroline Döhmer
D'Linguistin Caroline Döhmer. Foto: Archiv

Simon Larosche: Persounen, Raum an Zäit. Dat klengt jo bal no Weltraum oder Zäitreesen, ass awer nees Grammatik, oder?

Caroline Döhmer: Vläicht klammen ech elo a mäi grammateschen DeLorean mat de Fligeldieren! Also et geet ëm den Ech-hei-elo-Punkt, well beim Schwätzen a beim Schreiwe schafe mer permanent Referenzpunkte fir bestëmmt Elementer.

Wat fir Elementer mengs de domat?

Du sos an der Intro zum Beispill: "si erzielt eis haut" - do muss ee wëssen: Wien ass si? Wien ass genee "eis" a wéini ass "haut"? Fir d'Pronome vun der 3. Persoun hu mer meeschtens Referenzpunkten am Text: den "si" mécht hei eng Referenz op d'Caroline Döhmer. Also alles mat "hien/hatt/si" resp. de schwaache Formen "en/et/se" geet meeschtens op en Objet oder eng Persoun zeréck, déi schonn am Text resp. am Gespréich genannt gouf.

Méi spannend sinn dann d'Persoune vun der 1. an 2. Persoun, well hei komme mer lo an de Situatiounskontext, wou et ëm de Spriecher an den Adressat geet: Wie schwätzt mat wiem? Am Singulier hu mer de Spriecher an den Adressat an am Pluriel a Spriechergrupp an en Adressategrupp. Wann s du "eis" sees, mengs du also dech an de Grupp vun den Nolauschterer.

Jo, mir sinn e grousse Grupp.

Maja, wann s du dat sees, bass du d'Origo vun der Ausso.

Origo? Ass dat net dee schwaarze Kichelche mat der wäisser Fëllung?

Net ganz, de Spriecher resp. Schreiwer huet eng Origo, seng Originn, säin Ech-hei-elo-Punkt. Mam Saz eleng "ech sinn haut fäerdeg ginn" ka keen eppes ufänken, wann ech d'Origo net kennen. Wann dat am Einstein sengem Tagebuch steet mam Datum 5. Dezember 1919, dann hunn ech alles aus der Situatioun erauskritt, wat ech muss wëssen, fir déi richteg Referenzen am Saz ze erkennen.

De Linguist schwätzt hei vun "Deixis" (griichesch δείκνυμι deíknymi fir "weisen"). Et ass eng Verweisfunktioun, fir Persounen, Zäit oder Raum. Dat ass och, wann ech soen "d'Dier ass lénks". Dat ass vu menger Positioun aus richteg, mee du bass quasi vis-à-vis an dofir ass d'Ausso vun denger Origo aus falsch, lo mol ganz vereinfach gesot. Ausser du häss eng Riets-Lénks-Schwächt.

Da ginn et natierlech nach aner sou genannt deiktesch Elementer, an dat kënnen Demonstrativpronome resp. Demonstrativartikel sinn: dëse Kuch, dës Rees oder méi abstrakt: dësen Aspekt. Oder ech kann e staarken Artikel betounen: dee Kuch, déi Rees, deen Aspekt.

A wat war elo mat Raum an Zäit?

Wann en Artikel oder Pronomen als Verweisfunktioun nach net duergeet, kann ech nach e klengt Lokaladverb drunhänken: dee Kuch do, déi Rees hei. An hei kënne sech Raum an Zäit am Lëtzebuergesche vermëschen: Mer hunn déi kleng Lokaladverben "hei" an "do".

Déi si meeschtens raimlech ze verstoen, fir eppes Noes oder eppes Wäites. Déi loosse sech och als Adjektiv oder Substantiv benotzen: deen heite Plover, déi dote Faarf. Oder och elliptesch: Bei deene Faarwe muss ech der soen, datt dir déi heite besser geet wéi déi doten!

Wat heescht "elliptesch"?

Dat ass, wann een eppes ewechléisst. Fannen ech och super spannend, do wäert ech deemnächst eng ganz Episod driwwer maachen.

Zeréck bei den heiten / doten. Et kann een nämlech och soen, dee leiten an dee loten (ofgeleet vun den Adverben "elei" an "elo"). An do si mer bei der Vermëschung vu Raum an Zäit, bei "elo". Fir d'Lëtzebuerger ass den "elo" am Prinzip just zäitlech ze verstoen: Ech sinn elo hei.

Mee an eisen Nopeschdialekter (am Muselfränkeschen an am Rheinfränkeschen) huet en nieft der zäitlecher Bedeitung och eng raimlech. Do fanne mer da Sätz wéi "komm mol (e)lo her" (komm heihinner) oder Lokaladverbe wéi "elobaussen" oder "elobannen" (fir "heibaussen" oder "heibannen"). An esou léisst sech och déi demonstrativ Form "deen (e)loten" erklären. Et mécht eng Referenz op eppes, wat no bei der Origo ass, zäitlech oder raimlech: dee lote Film oder an där loter Vakanz.

Ob et den "elo" als Lokaladverb (fir e streng raimleche Gebrauch) am Lëtzebuergesche gouf, konnt ech elo net noweisen, mee meng Quelle ginn och just bis an 1950er Joren zeréck.

Origo an Deixis, déi loten oder déi dote Wierder musse mer eis lo verhalen.

Jo, oder op d'mannst kuerz ofspäicheren.

Méi zum Thema

Caroline Döhmer
Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Se regéieren, se wiesselen, se verschmëlzen - d'Fäegkeete vu Prepositiounen am Lëtzebuergeschen. D'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, erkläert.

Caroline Döhmer
Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

D'Linguistin Caroline Döhmer, déi beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch schafft, erzielt eppes iwwer de Komparativ, d'Steigerung vun Adjektiven am Lëtzebuergeschen.

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen