Messenger-Servicer Whatsapp an der Kritik

Whatsapp steet an der Kritik: ee geplangten Update forcéiert den Austausch vun Donnéë mat Facebook. Op der Sich no alternative Servicer géif d'Tendenz a Richtung dezentral Systemer goen, esou de Pascal Steichen vu Security Made in Luxembourg.

Cyrille Hill / tt

Sozial Medien

Weltwäit hu sech Millioune Benotzer alternativ Messengerdéngschter erofgelueden, nodeems Whatsapp eng Ännerung vu sengen Notzungsbedéingungen ugekënnegt huet.

Update hëlt den Notzer de Choix

Bis elo konnt ee selwer decidéieren, ob Donnéeën iwwert d'Telefonsverhaalen an Adressebuch mat de Nimm, der Verlinkung zu anere Konte wei Twitter a GPS-Daten, falls aktivéiert, och bei Facebook landen. Den neien Update forcéiert awer elo den Zougrëff op dës sougenannte Metadonnéeën. No Kritik um obligatoreschen Update huet d'App vum Facebook-Grupp dann den Delai fir seng Notzer bis de 15. Mee verlängert.

D'Messagë selwer bleiwen awer verschlësselt, theoretesch kënnen also weeder Whatsapp nach Facebook déi liesen.

Den Update géif den Notzer de Choix huelen, sou de Pascal Steichen. Mat sou Notzungsbedéngunge kéint een seng Privatsphär net oprecht erhalen, fënnt de Generaldirekter vun der Cybersecurity Agence:

"Mir lafen net alleguer plakeg duerch d'Landschaft. Mir sinn ugedoen, mir wëllen ee gewëssent Bild vun eis weisen no baussen, anere Leit, déi déi mer kennen och déi mer net kennen an dat ass um Internet net anescht. An mat Automatisme wéi dat heiten, hu mer déi Méiglechkeet net méi."

D'Situatioun bannent der EU

An der EU sollen dës nei Reegelen awer net gëllen: zanter 2016 gräift d'Dateschutz-Grondveruerdnung, déi d'Veraarbechtung vun Donnéeën EU-wäit reegelt. Déi Veruerdnung verbitt de geplangten Echange vun Donnéeën tëschent Whatsapp a Facebook. An der EU muss een dofir fir d'Cliente een extra Environnement schafen, erkläert de Pascal Steichen.

D'Donnéeë missten an Europa bleiwe respektiv "spezifesch gehandhaabt ginn, datt déi net einfach sou weider genotzt ginn ouni datt déi eenzel Persoune jeeweils dat ëmmer akzeptéieren."

Déi imposéiert Reegele wieren awer schonn an der Vergaangenheet net esou ëmgesat gi wéi erwaart. 2016 goufe schonn d'Notzungsbedéngungen sou geännert, datt Donnéeën tëschent den zwou Applikatioune kënnen ausgetosch ginn. 2017 krut Facebook dowéinst vun der EU-Kommissioun eng Strof vun 110 Milliounen Euro.

Déi Problematik wier allgemeng awer net nei, sou de Pascal Steichen. Mam Verkaf vu gesammelten Donnéeë géifen déi Entreprisen hir Sue maachen. Et hätt een awer gespiert, datt déi nei Entwécklungen ze wäit ginn an dowéinst hätte Leit sech Alternative wéi Signal an Telegram erofgelueden.

Sech Zäit huele beim Choix

Och de russesche Messengerdéngscht Telegram ass am Fong verschlësselt, d'App gouf awer schonn a Vergaangenheet wéinst Secherheetslücken a wéinst dem Späichere vun Donnéeën op hire Servere kritiséiert.

Signal ass och verschlësselt a baséiert op engem Open source-code, dat heescht, datt all Mënsch kann no Feeler am System sichen. Déi amerikanesch App gëtt duerch Spende finanzéiert, eng éischt grouss Investitioun koum vum Whatsapp-Matbegrënner Brian Acton.

De Pascal Steichen réit dozou, sech beim Choix Zäit ze loossen an net nëmmen eng App ze benotzen.

Allgemeng hofft hien, datt an Zukunft de Fokus méi op dezentral Initiativë geluecht gëtt, am Plaz op d'Produite vu grousse vernetzte Gruppen. De Generaldirekter vu Security Made in Luxembourg gesäit do eng Alternativ zu de momentanen Applikatiounen:

"Däitschland, Frankräich an och England hunn Projeten, déi op déi Matrix-Léisung opbauen an (...) eng Léisung hunn, wou all Land ka säint opbauen an sech matenee verbannen, ouni alleguer mussen engem Drëtte Confiance ginn."

Fir de Pascal Steichen ass dee Prinzip am demokrateschsten an och vum Point de Vue Sécherheet am robuststen.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Cyrille Hill
Lauschteren

Méi zum Thema

Judith Reicherzer Meenung
Fräie Mikro

Déi Jonk siche sech an der Pandemie hir Fräiheet am Internet. An der Kris ass dat ganz verständlech, an awer brauchen si e puer Limitte, fir sech am Netz net ze verléieren, sou d'Judith Reicherzer.

Lukas Held
Prisma

Früher lag Autonomie darin, jemandem seine Aufmerksamkeit zu schenken. Heute liegt sie darin, jemandem Aufmerksamkeit zu entziehen - also zu ignorieren.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen