Reesen Weltoppenheet verlaangt intellektuell Ustrengung

Dëse Weekend war zu Lëtzebuerg de Salon ''Vakanz'', an enger Zäit, wou den Tourismus boomt. Nach ni sinn esou vill Leit duerch d'Welt gereest an haten doduerch d'Méiglechkeet, aner Kulture kennenzeléieren. Mä eng nei Kultur entdecken heescht net onbedéngt, si z'erliewen, a scho guer net, si ze verstoen.

Laurent Moyse

Meenung Tu-tuk Taxien zu Bangkok
Tuk-tuk Taxien zu Bangkok am Chinatown (Foto: Bigstock / Elena Ermakova)

Laut der Welttourimusorganisatioun UNWTO sinn 2015 net manner wéi 1.181.000.000 Touriste gezielt ginn. Dat ass een absolute Rekord am Reesgeschäft. An deene leschte Joren ass d'Zuel vun den internationalen ''Arrivéeë'' jäerlech ëm minimum 4 Prozent an d'Luucht gaangen. Dëse Wuesstem ass eng gutt Nouvelle fir all déi Länner, déi wirtschaftlech staark vun der Touristebranche ofhänken, well doduerch Aarbechtsplaze geschaaft ginn, an de lokalen Handel dovunner profitéiert.

Massentourismus vs. Entdeckungsreesen

Duerch déi stänneg verbessert Transportméiglechkeeten ass d'Reesen eng Gewunnecht fir Honnerte vu Millioune vu Leit ginn. D'Mobilitéit huet sech an deene leschte Joerzéngte stänneg weiderentwéckelt, och wann dat u sech näischt Neies ass. Schliisslech waren déi éischt Mënschen Nomaden, déi vill ënnerwee waren a kee feste Wunnsëtz haten. Eréischt no a no si si sesshaft ginn an hu sech an territorial a politesch Entitéiten zesummegeschloss. De Wëllen, nei Géigenden z'erfuerschen, war awer domat net gestëllt. Déi grouss Entdeckungsreesen hunn am Laf vun de Joerhonnerten d'Weltgeschicht gepräägt. De Virwëtz war grouss, nei Gebidder ze fannen, an doduerch ass den Eruewerer a Kontakt mat frieme Kulture komm, déi hien net ëmmer richteg verstanen an heiansdo richteg zerstéiert huet.

Tourismus a Kultur loosse sech zwar gutt verbannen, mä wann ee gesäit, wéi sech vill Leit behuelen, soubal si de Fouss an en anert Land setzen, kann ee sech sécherlech Froe stellen. De Massentourismus hannerléisst Spueren, déi net ëmmer am Aklang si mat ëmweltfrëndleche Consideratiounen. A wann ee sech freeë kann, datt verschidde Plazen esou vill Leit unzéien, well si d'Joconde am Musée du Louvre, d'Akropolis zu Athen oder d'chinesesch Mauer zu Peking wëlle vun no gesinn, sou kënnt een net dolaanscht, sech ze froen, wat hinne méi wichteg ass: ee Selfie zu Disneyland oder um Strip zu Las Vegas de Frënn matzedeelen oder de geschichtlechen Hannergrond vun enger Plaz oder engem Monument ze kennen.

Globaliséierung hëlt keng Barrièren ewech

Et kéint ee jo unhuelen, datt duerch dat villt Reesen d'Onverständnisser tëschent de Kulturen sech géifen ofschwächen, nom Prinzip: "Les voyages forment la jeunesse." Wäit verfeelt! D'Globaliséierung huet an de Käpp vu ville Leit déi kulturell Barrièren net ewech geholl. D'Klischeeën iwwer aner Kulture prägen nach ëmmer den ëffentlechen Discours, de Frieme bleift dee beléiftste Sënnebock. Den Norde stänkert géint de Süden, de Süde reegt sech iwwer den Norden op, de Westen traut dem Osten net an den Oste stéchelt géint de Westen.

Zu enger Zäit wou d'Politk reegelméisseg versot, wann et ëm Vëlkerverstännegung geet, wou d'intellektuell Elitten net méi amstand sinn, d'Welt richteg z'erklären, gedeien d'Discoursen op dem fruchtbare Buedem vun Ignoranz an Iwwerflächlechkeet. Kultur gëtt just nach wouer geholl, wa si als Massephänomen optrëtt. De "Soft Power" vun den eenzelen Natioune berout op Identitéitsmerkmaler, déi e Land oder eng Géigend oder eng Bevëlkerung op e puer Stereotyppe reduzéiert, eng Zort "Images d'Epinal", ouni déi kee méi an eiser Zäit medial bestoe kann.

Déi stänneg Diskussioune ronderëm Grenzen, Sproochen, Sitten, Reliounen dréinen am Krees. Si sinn d'Illustratioun vun engem déiwe Malaise, deen d'Mënsche vis-à-vis vu sech selwer hunn. D'Weltoppenheet ass eng Charakteristik, déi eng intellektuell Ustrengung verlaangt. D'Kultur am breede Sënn vum Wuert erfuerdert eng Immersioun an aner Sphären, déi engem eppes Neies op de Wee matgëtt. Dofir muss een awer prett sinn, Neies opzehuelen, aner Dimensioune kennenzeléieren, ouni seng eege Geschicht, seng Sprooch oder seng Liewensphilosophie wëllen opzeginn. Dovu si mir op eisem Planéit awer nach wäit ewech.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Front National Unhänger
Europa

Wat ass Populismus? Wou kommen déi Tendenzen hier? Wat bedeit dat fir Europa? Mir hu jonk Erwuessener aus europäesche Länner zum Thema befrot. Hir Léisunge schéngen evident an net komplizéiert.

sébastien louis, radek lipka-4862.JPG Riicht Eraus
Europa

Viruerteeler vermëttelen a Westeuropa ee falscht Bild iwwer osteuropäesch Gesellschaften, soen de Fotograf Patrick Galbats grad ewéi de Radek Lipka an de Sébastien Louis vum Filmfestival CinEast.

Helminger in Porto
Literatur

De Guy Helminger ass zu Porto op Hausbesuch. De Schrëftsteller verbréngt seng Owender mol an enger WG, mol op enger "Mindshake-Soirée" – Nomen est Omen. Mir hunn éischt Andréck vun der Plaz.

Denis Scuto Meenung
Fräie Mikro

Wéi ass et méiglech, datt e méisproochegt Land, wat sech als "dynamesch, oppen an zouverlässeg" presentéiert, Sproochenufuerderunge virschreift, déi zéngdausenden Immigranten net kënnen erreechen?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen