"Les écrans en famille" Wéi eng Limitte fir de Mediekonsum fir Kanner?

D'lescht Woch hunn den Educatiounsministère a Bee Secure eng Campagne ënner dem Numm "Les écrans en famille" lancéiert. Et wëllt een den Eltere Recommandatioune ginn, wéi een de Mediekonsum vun de Kanner an d'Zäit, déi si virun engem Bildschierm verbréngen, kontrolléieren an organiséiere kann.

Pit Walté / cz

Bee Secure: "Les écrans en famille"
Foto: SNJ

Smartphone, Fernsee, Tablett, de Computer oder Spillkonsolen: Mir verbréngen ëmmer méi Zäit virun engem Ecran a fir d'Kanner gëllt dat och. Mee wéi geet een als Elteren domat ëm? Fir bei där Fro ze hëllefen, hätt een dës Campagne gestart, seet de Jeff Kaufmann vu Bee Secure.

"Den Ursprong vun der Campagne ass, datt mir bei Bee Secure an och beim Ministère, ëmmer nees gefrot goufen, wéi ee mat de verschiddene Sujeten ëmgeet. Zum Beispill wéi vill Bildschierm-Zäit dann elo ze vill ass fir e Kand an engem bestëmmten Alter? Oder wéi ee mat Videospiller soll ëmgoen?"

Een Deel vun der Campagne si Biller mat Messagen, déi den Educatiounsministère a Bee Secure op hire soziale Medien deele wäerten. An et wiere virun allem sechs zentral Recommandatiounen:

  • Evitéieren, datt Kanner ënner sechs Joer eleng Videospiller spillen
  • Evitéieren, datt Kanner ënner dräi Joer virum Ecran setzen. Dono d'Utilisatioun dem Alter entspriechend upassen.
  • Fir datt d'Kanner Schlof kréien, Zonen am Haus definéieren, an deene si d'Bildschiermer net benotzen dierfen.
  • Mam gudde Beispill virgoen, d'Kanner léiere vun hiren Elteren.
  • Mat de Kanner doriwwer schwätzen, wat si kucken a spillen, wa si eleng sinn.
  • Virun 13 Joer kënnen d'Kanner de Risiko an de soziale Medien nach net richteg aschätzen. Eltere mussen hir Kanner dofir sensibiliséieren.

Den Afloss vu Bildschiermer op de Schlof an d'Entwécklung vum Kand

Et wéilt een den Eltere Richtlinne mat op de Wee ginn, seet de Jeff Kaufmann. Et sollt een de Kanner d'Medien awer net verbidden, mee hinnen den eegestännegen a responsabelen Ëmgang domat bäibréngen.

Nieft de Messagen, déi een op de soziale Medie verbreet, hunn de Ministère a Bee Secure och eng Broschür ausgeschafft, "Les écrans en famille - Gérer, éduquer et accompagner".

"An der Broschür fënnt een den aktuelle Wëssensstand an der Wëssenschaft zum Afloss vun de Bildschiermer op d'Entwécklung vum Kand a sengem Schlof. Dat zentraalt Stéck vun der Broschür ass awer d'"3-6-9-12-Reegel". Eng Reegel vum franséische Psycholog Serge Tisseron, déi proposéiert, wéi vill Zäit e Kand am entspriechenden Alter maximal virum Ecran verbrénge sollt."

Eng digital Versioun vun der Broschür "Les écrans en famille - Gérer, éduquer et accompagner" a weider Informatiounen zu der Campagne fannt Dir ënner www.bee-secure.lu.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Pit Walté
Lauschteren

Méi zum Thema

Kanner, déi hire Smartphone notzen
UNICEF Rapport

Lëtzebuerg schneit schlecht of, wann et ëm eng adequat Zukunft vu senge Kanner geet. Dat geet aus engem neie Rapport vun der Unicef an der Weltgesondheetsorganisatioun ervir.

Wéi ausgebrannt si Schüler, Enseignanten an Elteren?
Educatioun

"Den Enseignement a besonnesch de Fondamental ass den Ament an enger Kris", där Meenung ass de Patrick Arendt. D'Ufuerderungen un d'Léierpersonal géif zouhuelen a vill Kolleege géife sech eleng gelooss fillen.

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen