Café Scientifique Wéi eng Facteure beaflossen d'Péng?

Péng - Se ass onangenehm, mir schwätzen net gären driwwer, si frou wann se ewech ass, an dach ass se en Deel vun eisem Liewen.

Pit Walté / cbi

Péng
Symbolbild. Foto: Bigstock / Maridav

Op der Uni Lëtzebuerg gëtt genau an deem Beräich gefuerscht. Wat sinn d'Facteuren, déi e Wéi manner schlëmm maachen oder wéi en Afloss huet den Alter op d'Receptioun vun der Péng? Dat sinn nëmmen e puer Froen déi do am Fokus stinn.

De Moment fuerscht d'Wëssenschaftlerin drun, wéi sech den Alter drop auswierke kann, wéi intensiv een e Wéi spiere kann. Dofir ginn nach Fräiwëlleger gesicht. Et muss ee mindestens 60 Joer hunn a kierperlech fit sinn. Et kann ee sech per Mail: brainstudy@uni.lu oder Telefon: 46 66 44 62 84 mellen.

De Pit Walté huet sech fir de Café Scientifique informéiert.

An der Mediathéik:

Café Scientifique / / Pit Walté
Lauschteren

Méi zum Thema

Thierry Bosman an Ursula Rosen
Intergeschlechtlechkeet

Intergeschlechtlech Mënsche kënne biologesch kengem binäre Geschlecht zougeuerdent ginn. Mir hu mat enger intergeschlechtlecher Persoun an enger Mamm vun enger intergeschlechtlecher Persoun geschwat.

dav
DNA-Analys

DNA-Informatioune kënnen an déi falsch Hänn geroden an a verschiddene Fäll esouguer géint eis genotzt ginn. Fir déi Date besser schützen ze kënnen, gouf e spezielle System entwéckelt.

Ouschtereeër
Gesondheet

D'Fierwe vun Eeër gehéiert einfach zu Ouschteren. Dacks gëtt gesot, datt et ongesond wier, ze vill Eeër a kuerzer Zäit ze iessen. Stëmmt dat? Mir hu bei enger Dieteticiene nogefrot.

Milena Steinmetzer
Straight Edge Beweegung

An de 70er hu sech jonk Leit zesumme gedoe fir en Zeeche géint den Drogekonsum ze setzen. Dat war den Ufank vun der Straight Edge Bewegung. D'Milena Steinmetzer lieft zanter ronn fënnef Joer nom Motto "Straight Edge".

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen