Gemengewahlen Wéi ass d'Bréifwahl zu Lëtzebuerg gereegelt?

Den 8. Oktober sinn zu Lëtzebuerg d'Gemengewahlen. Net alleguer d'Wieler kënnen, duerch professionell oder perséinlech Grënn, deen Dag an de Wahlbüro goen. Wéi eng Konditioune mussen erfëllt sinn, fir duerch d'Bréifwahl seng Stëmm ofzeginn?

Gilles Wünsch / tsk

Bréifwahl

D'Wieler iwwer 75 Joer dierfen a priori un der Bréifwahl deelhuelen ouni eng aner Konditioun mussen z'erfëllen. All déi aner Wieler mussen eng Demande un de Schäfferot vun der jeeweileger Gemeng erareechen a verschidde Konditiounen erfëllen, seet de Laurent Knauf aus dem Inneministère.

"Esou Konditioune kënnen zum Beispill sinn, wann een iwwer den 8. Oktober an der Vakanz ass oder net ka mat wiele goen, well e krank ass."

De Schäfferot iwwerpréift dann, ob d'Konditioune fir d'Participatioun um Vote par Correspondance erfëllt sinn. D'Wieler ënner 75 Joer, déi un der Vote par Correspondance wëllen deelhuelen, sollen am Beschten eng Pièce justificative bei d'Demande dobäi leeën, zum Beispill e Fligerticket oder e Certificat vum Dokter, wann e krank ass. Oder all aner Méiglechkeet, déi d'Demande kann ënnerstëtzen.

Bestëmmten Zäitraum muss agehale ginn

D'Gemenge géingen am Prinzip Formulairen zur Verfügung, deen een da beim Schäfferot oder der Gemengeverwaltung kéint ufroen. De Formulaire kann awer och iwwer den Internetsite guichet.lu erofgeluede ginn.

D'Demande fir d'Bréifwahl kann ee fréistens zéng Woche virun a spéitstens 30 Deeg virun de Wahle maachen. D'Demande muss also an der Period vum 31. Juli bis den 8. September beim Schäfferot erakommen, seet de Laurent Knauf.

"Et geet duer, wann dat eng 'Lettre simple' ass. Et muss ee seng Demande net, wéi an der Vergaangenheet per Recommandé eraschécken."

Eng Confirmatioun, datt de Bréif ukomm ass, gëtt et och net méi.

Bulletin de Vote zeréckschécken

Wann de Schäfferot der Meenung ass, datt d'Konditiounen erfëllt sinn, da kritt de Wieler vun der Gemengeverwaltung eng Convocatioun fir de Vote de Correspondance mam Bulletin de Vote geschéckt. Dee Bulletin muss da mat der Enveloppe, déi dofir virgesinn ass, op d'Gemeng zeréck geschéckt ginn, sou de Laurent Knauf.

Fir déi nächst Chamberwahle sinn och Changementer fir d'Bréifwahl virgesinn. D'Regierung huet den 3. Mäerz dëst Joer ee Gesetzprojet deposéiert, fir de Vote par Correspondance ze generaliséieren. Alle Wieler steet et op, eng Demande fir de Vote par Correspondance ze maachen. "Ouni datt een zousätzlech dozou nach muss Justificatiounen uginn, sou wéi dat haut nach ass," sou de Laurent Knauf

Méi zum Thema

Serge Jochheim.JPG
Gemengewahlen

D'Partei hätt net genuch Kandidate fonnt, "déi capabel sinn, fir Politik ze maachen", sou den neie PID-President Serge Jochheim. Bei de Chamberwahle wëllt d'Partei fir Integral Demokratie awer untrieden.

Pinocchio-Fake-News.jpg
Gemengewahlen

D'Parteien déi d'Ofkommes iwwert Fake News an den Opruff zum Haass am Virfeld vun de Gemengewahlen ënnerschriwwen hunn, reagéieren op d'Kritik vun der ADR.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen