Gläichberechtegung We are equal

"We are equal" - esou heescht den neie Projet vum Ministère fir d'Gläichberechtegung tëschent Fra a Mann. Et geet ëm d'Bekämpfung vun de Geschlechter-Stereotyppen an dofir huet de Ministère d'lescht Woch verschidden Outile virgestallt.

Pit Walté / cbi

We are equal
Symbolbild. Foto: Bigstock / marchmeena

Et wier eng Prioritéit vum Gläichstellung-Ministère d'Verbreedung vun de Gender-Stereotyppen ze evitéieren, seet d'Ministerin Taina Bofferding. Virun allem bei de Jonke wéilt een usetzen, an deementspriechend hätt een och d'Moyene gewielt.

Zum Beispill gouf eng Homepage lancéiert, www.rockmega.lu, déi sech spezifesch u méi e jonke Public riicht. Zesumme mat enger Studentin hätt een eng Broschür ausgeschafft, also vu Jonke fir Jonker, an et géif een iwwer déi sozial Medie Videoen diffuséieren.

Eng pedagogesch Camionnette

En anert Outil dat ausgeschafft gouf ass de MEGA Jumper, eng pedagogesch Camionnette, mat där de Ministère an d'Schoulen, op Jugendtreffpunkten oder Festivalle fiert, fir do a Kontakt mat de Jonken ze kommen. An dat wier e Schwéierpunkt vun der Strategie, seet d'Ministerin.

"Bei de Stereotyppe wëlle mer déi Jonk mat Situatioune konfrontéieren, fir si zum Nodenken ze bréngen an datt si esou vläicht selwer erkennen, datt si sech och mol vu Virurteeler leede loossen. Wa mer an der Egalitéit gäre virukommen, ass et wichteg bei de Jonken unzesetzen an hinnen d'Valeur vun der Egalitéit ze vermëttelen a virzeliewen."

Nieft der Aarbecht um Terrain wier d'Fuerschung en zweete Schwéierpunkt am Ministère fir d'Gläichstellung tëschent Fra a Mann, an dofir géif ee mat der Uni Lëtzebuerg zesummeschaffen. Et géif hei spezifesch ëm d'Rollen- a Geschlechter-Stereotyppe goen, seet d'Taina Bofferding.

Iwwer Stereotyppe fuerschen

Duerno wéilt een d'Resultater aus dëser Fuerschung verwennen, fir an Zukunft nei Projeten auszeschaffen. Et géif een am Ministère mierken, datt sech Stereotyppen nach ëmmer am Zesummeliewen hale géifen an dofir wier et wichteg ze wëssen, firwat sech esou Virurteeler an der Gesellschaft festsetzen, fir an enger zweeter Etapp Strategien dogéint ze entwéckelen.

Infoen iwwer d'Campagne We are equal an d'Broschüre mam selwechten Numm fënnt een ënner www.mega.public.lu

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Pit Walté
Lauschteren

Méi zum Thema

Sonja Kmec.JPG
Gläichstellung vun de Geschlechter

"Mit den Haien streiten - Frauen und Gender in Luxemburg seit 1940 " ass den Titel vun engem Buch, dat op Initiativ vum CID Fraen an Gender erauskoum. Et geet ëm d'Gläichstellung vun de Geschlechter.

Simone Beck Meenung
Fräie Mikro

Déi sozial a wirtschaftlech Ënnerscheeder tëscht Mann a Fra ginn ëmmer méi grouss. Eréischt an 170 Joer kéint eng Gläichstellung erreecht ginn. En enttäuschend Resultat fir Lëtzebuerg.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen