Wëssenschaft Waterblitz: "Wëssenschaftler fir een Dag"

Wéi vill Nitrat- oder Phosphatwäerter sinn an de Gewässer hei zu Lëtzebuerg? A wou kéinten eventuell Pollutiounssourcë sinn? Mam Projet Waterblitz soll dat erausfonnt ginn.

Tessy Steffen Koenig / cz

Water
Foto: Earthwatch.org.uk

Et ass e participative Projet, bei deem jiddwereen, deen interesséiert ass, ka matmaachen. Bis de 15. September kann ee sech iwwer dëse Link registréieren. Duerno kritt een e sougenannte Waassertestkit heem geschéckt. Domat kann een dann den Nährstoffgehalt an de Gewässer tëschent dem 20. an dem 23. September moossen.

Daten ausliese per App

De Waterblitz-Projet ass Deel vum Programm Nexus Citizen Science vun der Universitéit Lëtzebuerg. D'Zil dovun ass et, mat interesséierte Gruppen aus Lëtzebuerg respektiv de Biergerinnen a Bierger ze kollaboréieren. D'Donnéeën, déi dobäi erauskommen, kann een iwwer d'Fresh Water Watch Applikatioun direkt eroplueden.

Eng Applikatioun, déi ee sech op sengem Smartphone gratis kann eroflueden. Heibäi kann een d'Donnéeën direkt op der Plaz aginn an och eroplueden.

Et kann ee sech awer och e Formulaire eroflueden, D'Donnéeën notéieren a spéider iwwer Internet op der Säit vum Earthwatch Institute androen.

E kompletten Iwwerbléck iwwer d'Nährstoffer

Zil vum Projet wier et, esou de Karl Pickar, Doktorand op der Uni Lëtzebuerg, sou vill wéi méiglech Donnéeën ze sammelen an en Iwwerbléck iwwer d'Nährstoffer ze kréien, déi an de Gewässer sinn. "Wann héich Nitrat- a Phosphatwäerter am Waasser dra sinn, bilde sech méi Algen a Planzen, déi dem Waasser Sauerstoff entzéien. Den Ekosystem ass dann net méi am Equiliber."

En Iwwerbléck iwwer d'Pollutioun kréien

Et wier e Sujet, deen all Mënsch géif concernéieren, esou de Karl Pickar. "Déi ganz Thematik vun der Waasserqualitéit ass esou komplex. Do mussen d'Bierger mat agebonne ginn." Nom Weekend ass et och jiddwerengem fräi zougänglech kucken ze goen, wéi d'Donnéeë vun de Gewässer ausgefall sinn.

D'Wëssenschaftler aus Lëtzebuerg, esou wéi aus de Stied London, Dublin a Paräis, déi och beim Projet matmaachen, wäerten d'Donnéeën aus. Si erhoffe sech doduerch méi Erkenntnisser iwwer den Nährstoffgehalt an de Gewässer ze kréien an esou erauszefannen, ob a wéi héich d'Pollutioun an de Gewässer ass.

An der Mediathéik:

Kultur / / Tessy Steffen Koenig
Lauschteren

Méi zum Thema

Google
Google

De Mouvement écologique kritiséiert, datt nach ëmmer net kloer wier, wéi vill Killwaasser de Google-Datenzenter wäert verbrauchen. Dat géif awer beim Ëmklasséiere keng Roll spillen, seet de Jos Schummer.

Wassersprinkler
D'Drénkwaasser an Zäite vun Dréchent

Dat waarmt Wieder beaflosst d'Drénkwaasserversuergung, seet d'Waasserverwaltung. Laangfristeg hannerléisst awer och de Klimawiessel do déifgräifend Spuren, zum Beispill um Niveau vum Grondwaasser.

Jughurtfabrick
Ëmweltschutz an Industrie

Déi geplangte Jughurtfabrick zu Beetebuerg géif bei maximaler Auslaaschtung all Dag 3.500 Kubikmeter Drénkwaasser verbrauchen. Kann den SES dës Quantitéit liwweren a wat geschitt mam Waasserpräis?

Waasserzougank
Waasserzougank

D'Palestinenser am Westjordanland an an der Gazasträif leiden ënner Waassermangel. Et gi genuch Reserven, mä d'Palestinenser brauche fir all Bur eng Autorisatioun vun der israelescher Militärverwaltung.

Waasser
Ressourcen

D'UNO huet den Accès zu Drénkwaasser als Mënscherecht deklaréiert. Trotzdem ginn et iwwerall op der Welt Wasserkonflikter. Hannendru sti wirtschaftlech Interessien - d'Waasser gëtt kommerzialiséiert.

wasser-1024x811.jpg

Déi fënnef Gemenge vum "Contrat de rivière Uelzecht" hunn ee kriteschen Avis formuléiert zum Projet. Interview mam Beetebuerger Schäffen an DP-Deputéierten Gusty Graas

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen