Mediechronik Wat sollen ëffentlech-rechtlech Medien um Internet ubidden?
Déi ëffentlech-rechtlech Medien an Däitschland stinn am Moment staark ënner Drock. D'Kritik kënnt net nëmme vu rietse Populisten, mä och vun Zeitungsediteuren déi fäerten, datt déi ëffentlech Senderen hinnen um Internet Lieser ewech huelen. Hannendru stécht d'Fro, wéi eng Roll déi Ëffentlech-Rechtlech online sollen erfëllen. Et ass eng Diskussioun, déi wuel nach laang net eriwwer ass, an déi och zu Lëtzebuerg misst gefouert ginn.
An Däitschland gëtt am Januar en neie Rundfunkstaatsvertrag ofgeschloss. An dësem Vertrag leeën d'Ministerpresidenten aus de 16 Bundeslänner fest, wéi eng Aufgaben déi ëffentlech-rechtlech Radio- an Tëleessenderen z'erfëllen hunn, an u wéi eng Reegele si sech dobäi mussen halen.
Zënter Méint leeft d'Lobbyaarbecht an der däitscher Mediewelt dofir op Héichtouren. Den neie Rundfunkvertrag interesséiert nämlech net just déi Responsabel vun den ëffentleche Senderen, mä och d'Zeitungsediteuren, déi zënter Jore mat engem Réckgang vun hiren Oplagen ze kämpfen hunn.
Si gesinn d'Online-Texter vun de staatleche Senderen als eng Konkurrenz, déi mat ëffentleche Sue finanzéiert gëtt. D'Editeure fuerderen dofir scho laang, datt méi streng gereegelt gëtt, wéi vill Text déi Ëffentlech-Rechtlech op hiren Internet-Sitten däerfen ubidden.
Eng grondsätzlech Fro
Am Prinzip däerfe Säite wéi tagesschau.de oder heute.de elo scho keng "Presse-ähnlech Texter" verëffentlechen. Dës Regel léisst awer relativ vill Interpretatiounsspillraum. An effektiv fënnt een op den Appen an Internetsitte vun den däitschen Ëffentlech-Rechtleche relativ ausféierlech Noriichten a Form vun Text.
Et wier eng Iwwerraschung, wann d'Bundeslänner mat deem neie Rundfunkvertrag vill doru géifen änneren. D'Diskussioun wäert deemno aktuell bleiwen. An Däitschland ginn d'Verträg tëscht de Länner an den Ëffentlech-Rechtlechen nämlech relativ dacks geännert.
An et ass eng Diskussioun, déi wichteg ass ze feieren. Et geet nämlech ëm méi wéi d'Fro, ob d'Zeitungen illegitimmer Konkurrenz ausgesat sinn: Et geet ganz grondsätzlech ëm d'Fro, wéi eng Roll déi ëffentlech-rechtlech Medien am online-Zäitalter solle spillen. Solle si sech och weiderhin op audio-visuelle Contenu spezialiséieren, an deemno online virun allem no neien, innovative Weeër sichen, wéi si Audio- a Video-Contenu kënnen un de Public bréngen? Oder ass geschriwwenen ëffentlech-rechtleche Journalismus an Zäite vum Internet ganz einfach inevitabel, a vläicht souguer noutwenneg?
Kee Vertrag zu Lëtzebuerg?
Et si Froen, déi sech net just an Däitschland, mä och zu Lëtzebuerg stellen. Wann och ënnert anere Viraussetzungen. De radio 100,7 ass hei am Land deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Sender. Iwwer d'Pressehëllef gëtt de Staat awer och den Zeitungen, an demnächst verschiddenen online-Portaler finanziell Ënnerstëtzung. A vun 2021 u kritt och RTL-Tëlee bis zu zéng Milliounen d'Joer fir en ëffentlechen Optrag z'erfëllen.
Wat bedeit dat fir d'Internet-Presenz vun de verschiddenen Acteuren? Mussen RTL an de radio 100,7 an Zukunft gewëss Regelen anhalen, fir hirem ëffentlechen Optrag och online gerecht ze ginn? Oder ka jidderee maache wat e wëllt?
E Rundfunkstaatsvertrag, deen dës Froen aktuell hält, gëtt et zu Lëtzebuerg net. Den Text, deen den Optrag vum radio 100,7 definéiert, ass zum Beispill aus dem Joer 1992. D'Wuert Internet kënnt doranner net vir.