Immateriellt Kulturierwen Wat huet de Kleesche mat Dréchemaueren ze dinn?

Den Inventaire vum liewege Kulturpatrimoine ass viru Kuerzem aktualiséiert ginn. De Patrick Dondelinger vum Kulturministère seet, et géif schonn dru geschafft ginn, nach weider Traditiounen op d'Lëscht ze setzen.

Rick Mertens / cz

Patrick Dondelinger
De Patrick Dondelinger vum Kulturministère

Am Moment stinn néngTraditiounen op der Lescht vum nationale Patrimoine:

  • D'Schueberfouer
  • Déi Iechternacher Sprangprëssessioun
  • Niklosdag
  • D'Lëtzebuerger Haus- a Flouernimm
  • D'Hiewanskonscht
  • D'Eemaischen
  • D'Oktav
  • D'Konscht vun den Happeschbléiser
  • D'Konscht vum Dréchemauerbauen

Konditioun fir op d'Lëscht vum immaterielle Kulturierwen: Interessegruppe musse sech asetzen

Et solle weider Traditiounen op dës Lëscht kommen, wéi zum Beispill d'Wanderschäferei, d'Konscht vum Brennen, oder d'Klibberen, seet de Patrick Dondelinger. Hie géif momentan an Zesummenaarbecht mat de betraffene Leit kucken, Efforten an déi Richtung ze ënnerhuelen.

Niklosdag a Liichtmëssdag sinn zwou Traditioune mat deene vill Leit Kandheetserënnerunge verbannen. Niklosdag steet op der offizieller Lescht vun eisem nationale Kulturierwen, Liichtmëssdag awer net. Dat géif sech doduerch erklären, datt e Veräin eng Ufro gestallt huet, fir datt Niklosdag op d'Lëscht vum immaterielle Kulturierwe soll kommen. Fir Liichtmëssdag gouf keng entspriechend Ufro gestallt, sou de Patrick Dondelinger vum Kulturministère.

Generell misst ëmmer e Veräin, eng Associatioun oder e Grupp vu Leit de Wëllen äusseren, fir eppes op d'Lëscht vum nationale Patrimoine setzen ze loossen, seet de Patrick Dondelinger.

"Jo, Leit, déi dat als hiert Kulturierwen ugesinn, selwer liewen, an och un aner Generatioune wëlle weiderginn. Et weider vermëttelen als Traditioun, an de Leit erklären ëm wat et do geet. An eben hir Traditioune wëlle mat aneren deelen."

Identitéit, Diversitéit, Kontinuitéit a Kreativitéit sinn e puer vun de Krittären

D'UNESCO-Konventioun vun 2003 iwwer den immaterielle Kulturierwe géif déi néideg Krittären definéieren, wéini eng Traditioun op esou eng Lëscht ka kommen. Fir d'UNESCO ass Kulturierwen eppes dat d'Leit, déi et praktizéieren als hiert Kulturierwen ugesinn.

"Dat ass den éischte Kritär: d'Leit musse selwer soen, dat do ass fir eis eist Ierwen. Mir hunn et kritt, a mir ginn et weider, well et fir eis wäertvoll ass an eis e Gefill vun Identitéit a Kontinuitéit gëtt."

An d'Identitéit wier an deem Fall un Diversitéit, Kontinuitéit a Kreativitéit gekoppelt. "Et ass also eppes, wat sech vu Generatioun zu Generatioun erneiert, am Zesummespill mat der Geschicht mat der Natur a mat der Ëmwelt. Och d'Nohaltegkeet an de Respekt vun de Mënscherechter si wichteg Krittären", sou de Patrick Dondelinger vum Kulturministère.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Luxtram
Mobilitéit

D'UNESCO gëtt an engem Avis gréng Luucht fir den Tronçon B vum Tram a schwätzt vun engem "progrès dans la vie urbaine". E Gespréich mam Robert Philippart, Site Manager vun der UNESCO an der Stad Lëtzebuerg.

bigstock-Syria-Palmyra-Roman-Ruins-91622429-1024x696.jpg

Wann d'Terrormiliz IS zu Palmyra an op aner Plaze kulturell Schätz zerstéiert, dann ass dat och en Ugrëff op d'Geschicht vun der Mënschheet, soen Experten an eisem Dossier.  

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen