Wat bréngt eng Alphabetisatioun op Franséisch?
Den Direkter vum Centre de Logopédie hofft, datt d'Grondschoule landeswäit op de Wee ginn, fir nieft der däitscher och eng franséisch Alphabetisatioun unzebidden. Ee Gespréich mam Marc Schmidt iwwer déi véiert Episod vun eiser Podcast-Serie "Schlechte Schüler".

De Marc Schmidt ass ausgebilte Grondschoulenseignant a Sonderpädagog, hien huet een Doktorat iwwer Sproochentwécklungsstéierungen an engem méisproochege Kontext gemaach. Hie schafft zënter 1991 um Centre de Logopédie, deen hien zënter 2018 als Direkter leed.
De Centre de Logopédie betreit Kanner mat enger Héierschiedegung oder déi eng Sproochentwécklungsstéierungen hunn. Fir déi Kanner wier et net einfach fir mat ville Sproochen a Kontakt ze kommen.
"Mir si prett"
Eng Alphabetisatioun op Franséisch wier och "eng ganz Partie" vun dëse Kanner "op jiddwer Fall" eng Hëllef, mengt de Marc Schmidt. Am Centre de Logopédie wier do schonn an den 1970er driwwer geschwat ginn. Mee d'Iddi wier ëmmer dorunner gescheitert, datt déi concernéiert Kanner just fir een Deel vun hirem Schoulparcours am Centre de Logopédie betreit ginn. Just wa landeswäit an der regulärer Schoul de Choix méiglech wier op Franséisch Liesen a Schreiwen ze léieren, da wier de Centre de Logopédie prett fir och op dee Wee goen: "Et ass am Gaange sech vill ze änneren. Dat mécht eis an der Logopedie ganz vill Freed."
Pilotprojet: Nach vill Inconnuen
Zu Schëffleng gëtt zënter der Rentrée 22/23 eng Schoulklass op Franséisch alphabetiséiert. Zu Uewerkuer, Diddeleng an an der Fiels geet et fir d'éischt Schouljoren déi nächst Rentrée lass. De Marc Schmidt begleet dëse Pilotprojet vun der franséischer Alphabetisatioun als Expert. An deen "Groupe de consultance" géif et drëms goen, Prinzipië festzeleeën no deenen de Projet soll funktionéieren. Zum Beispill, fir wéi eng Kanner déi franséisch Alphabetisatioun Sënn kéint maachen. Am Prinzip wier déi Offer fir romanophon Kanner interessant, déi also zum Beispill Franséisch, Italienesch, Portugisesch, Spuenesch oder Rumänesch doheem schwätzen. Da wier et awer och wichteg ze kucken, ob d'Elteren hir Kanner eventuell op Franséisch besser kéinten ënnerstëtzen.
De Marc Schmidt gesäit kee grondsätzleche Problem doranner, datt Franséisch eng manner "lautgetrei" Sprooch ass ewéi Däitsch. Effektiv kéint dat punktuell méi schwiereg sinn. Mee d'Method fir Liesen a Schreiwen ze léiere wier mëttlerweil a béide Sprooche ganz änlech.
Méi Froe stellt de Marc Schmidt sech doriwwer, wat am Pilotprojet no der Alphabetisatiounsphas geschitt. Zum Beispill misst een ofwaarden, wéi d'Kompetenze vun de Kanner sech am Däitschen entwéckelen.
Am Moment wier virgesinn, datt d'Lëtzebuergesch als Unterrechtssprooch an den Niewefächer eng immens grouss Roll spillt. Dat wier op der enger Säit ganz gutt, fënnt de Marc Schmidt: "Op der anerer Säit muss een awer och iwwerleeën, dat brauch Zäit. An déi Zäit, déi déi Lëtzebuerger Sprooch elo anhëlt, ass awer manner do fir déi franséisch respektiv déi däitsch Sprooch. An do stellen ech mir d'Fro: Huet dat keng Repercussiounen op d'Kompetenzen am Däitschen an am Franséischen, jee nodeem a wéi enger Sektioun een ass?"
Wat nach muss geschéien
De Marc Schmidt betount och, datt d'Famillje ganz fréi misste berode ginn, wéi si mat de Sprooche sollen ëmgoen. Fir "kee Quatsch" ze maachen, misst ee wëssen, wat de "Familljeprojet" ass, wéi d'Sprooche sollen organiséiert ginn doheem: Am Idealfall géifen d'Elteren hir staark Sprooch mam Kand schwätzen a méiglechst wéineg Sprooche vermëschen. De Marc Schmidt wënscht sech, datt esou eng Berodung "sou fréi wéi et nëmme geet" géif gemaach ginn: "Mir hunn ee Service Audiophonologique, deen en place ass, deen dat kéint iwwerhuelen."
Eng franséisch Alphabetisatioun aféieren, wier awer just eng Pist fir d'Situatioun ze verbesseren. Kanner, déi weiderhin op Däitsch alphabetiséiert ginn, missten dorobber besser preparéiert ginn, wéi bis elo, mengt de Marc Schmidt. Den Ament géif d'Bréck vum Lëtzebuergeschen zum Däitschen bei ville Kanner, déi aner Sproochen doheem schwätzen, net gutt funktionéieren. A fir datt dat besser klappt, missten d'Kanner no der Spillschoul "wierklech ganz gutt" Lëtzebuergesch schwätzen. Et misst een also evaluéieren, wat virdru geschitt. An entscheedend wier do den Zäitraum, wou d'Kanner an d'Crèche ginn: "Sinn do iwwerall Leit, déi gutt genuch Lëtzebuergesch schwätzen?"
Den 12. Dezember ginn déi zwou Episode vum "Schlechte Schüler" publizéiert op 100komma7.lu an iwwerall do wou et Podcaste gëtt.
Dir kënnt och weider wéi gewinnt déi eenzel Episoden direkt an der 100,7-App oder iwwer den Internetsite lauschteren.
Klickt dofir hei ënnendrënner op déi jeeweileg Episod.
Episod 4 - En français, s'il te plaît
Zu Schëffleng léiert elo eng Schoulklass op Franséisch Liesen a Schreiwen. Wat kann ee sech vum Pilotprojet erwaarden? Ëm déi Fro geet et an der véierter Episod vun der 100,7-Podcast-Serie "Schlechte Schüler".
Episod 3 - Esch international
D'Sara sollt fir d'zweet sëtze bleiwen. Elo geet hat an eng ëffentlech Europaschoul.
Episod 2 - Zeréck an d'Zukunft
D'Karin Elsen an d'Edith Jacobs wëllen d'Schoul méi gerecht maachen. 1975 woen déi zwou Léierinnen en Experiment.
Episod 1 - Op den Ufank kënnt et un
D'Estrela huet aacht Joer a Schwieregkeeten an der Schoul. Seng Conclusioun: "Ech sinn net intelligent".