Mäin Europa Wat bréngt den Nutri-Score?

Wien huet net scho bei engem Produit d'Tabell mat den Nährwerter hannendrop ugekuckt, mee se net richteg verstanen? Fir de Konsumenten zousätzlech dozou méi een einfachen Zougang zu den Nährwerter ze vermëttele gëtt et an enger Rei EU-Memberstaate de sougenannte "Nutri-Score".

Françoise Keller / cz

nutriscore
Foto: Bigstock / wwwebmeister

De Label dee vereinfacht gesot ee verschaffte Produit no Nährwert bewäert. Och hei am Land ass de Konsumenteschutzministère a Gespréicher doriwwer ob de Label soll recommandéiert ginn. Een Zil vum Nutriscore ass et, fir zu enger méi gesonder Ernährung bäizedroen a géint Iwwergewiicht virzegoen. De Label steet awer ënner anerem an der Kritik, well en zum Beispill Zousazstoffer keng Rechnung dréit. D'Françoise Keller huet fir d'Serie "Mäin Europa" nogefrot, wat den Nutri-Score bréngt.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Mäin Europa / / Françoise Keller
Lauschteren

Méi zum Thema

Béier Alkohol photosvit
EU-Reegelung

An der EU gëlle generell streng Reegelen, wann et drëms geet, de Konsumente genee Informatiounen iwwer d'Ingredienten an den Nutritiouns-Wäert vu Liewensmëttel oder Gedrénks ze ginn. Fir d'Alkoholindustrie gëllen aner Reegelen.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen