De Marc Georges huet 17 Joer laang fir de radio 100,7 geschafft. Deemools, esou erzielt de fréieren Techniker, ass villes vum Band gelaf, d'Reporteren hunn deels hir Interviewen a Pressekonferenzen op Minidisk oder och nach op Kassett opgeholl.
"Nom Reportage hunn déi missen eent zu eent op e Band agespillt ginn an dunn ass et um Band montéiert ginn. Do konnten eenzel Buschtawen erausgeschnidde ginn an dunn erëm uneneegepecht ginn. Et war impressionnant, wéi genee een dat deemools konnt maachen."
"D'Schaffe war e bësse méi spannend"
Dat huet misse ganz riicht gepecht ginn, soss hätt de Reportage op där Plaz "gehickt". Dat ganzt Schaffe wier deemools e bësse méi spannend gewiescht, esou de Marc Georges.
"Mee et war och méi Aarbecht. Haut sëtze mir do, de Refresh-Button ze drécken, wann d'Bäiträg an den Noriichten nach net do sinn. Fréier bass de mat engem hëlzene Stänner erop an d'Redaktioun gaangen an do waren dann déi Bobinnen drop. Dat waren da fënnef Bänner vun all kéiers enger bis véier Minutten."
Am Studio stounge lénks nieft dem Techniker zwou Bandmaschinnen an an der Mëtt e Mëschpult an op der rietser Säit stoung de Journalist. An där Reiefolleg, wéi d'Bäiträg gespillt hu misse ginn, wieren d'Bänner dann op d'Maschinne placéiert ginn.
"Et huet een déi Bänner missen aspanen, dat huet Zäit gebraucht."
D'Studioe vum radio 100,7 waren am Keller
Am Ufank, vun 1993 un wéi de radio 100,7 fir d'éischte Kéier gesent huet, koumen d'Téin aus dem Gebai vun RTL.
![]()
Bis de Sender dunn 1996 a seng eege Studioen an d'Lonkegerstrooss geplënnert ass. An déi Studioe waren am Keller mat enger, wéi de Marc Georges seet, zimlech géier Trap.
Net ze verhënnere war bei Liveemissiounen, datt verschidde Bäitrag déi lescht Sekonn erofkoumen an de Studio bruecht gi sinn. An do wier et och déi eng oder aner Pann ginn.
"D'Journaliste koume gelaf an hunn hir Bänner an der leschter Sekonn op d'Maschinne gemaach an do ass et och emol virkomm, datt d'Band net richteg agespaant ginn ass. D'Maschinne konnten dunn net esou richteg lafen, wéi se sollten. Et koum vir, datt d'Band dunn normal ugefaangen huet, an e beemol huet déi Persoun um Band ëmmer méi séier geschwat. Dat huet du geklongen, wéi wann eng Mickey Mouse géif schwätzen."
Kuerz virum Senden ass d'Band erofgefall
D'Sophie Morang schafft an der Noriichteredaktioun vum radio 100,7. Si seet, datt et och emol virkomm ass, datt de Journalisten hiert Band oder hir hallef Stonn Emissioun kuerz virum Senden erofgefall ass. Et wier och ëmmer nees virkomm, datt d'Bänner sech verwéckelt hätten.
"Mee op der Antenn ass mir dat zum Gléck ni passéiert."
![]()
Vun 2003 un, wéi de radio 100,7 an eng Villa an d'Montereysavenue geplënnert ass, koum dunn den Iwwergang vum Analogen op dat Digitaalt. Zënterhier gëtt just nach digital geschafft.
"Stécker mat Pech un d'Mauer gehaangen"
D'Software, mat där zanter den Iwwergang geschafft gëtt, heescht "Digas" an ass e relativ intuitive Programm. D'Schneide wier och méi einfach ginn, seet d'Sophie Morang.
"Heiansdo haten d'Leit d'Technik, datt se am Ufank vum Reportage nach net woussten, ob si verschidden Deeler fir hir Reportage wëllen halen oder net. Déi Deeler hu si da mat Pech un d'Mauer gehaangen a wann een den Deel dann awer nach gebraucht huet, konnt ee sech en nees erofgeholl. Fir en 'Otem' dran ze maachen, war e bësse méi komplizéiert, dat kann ee mam digitale Programm méi liicht maachen an och méi liicht nees Saachen zeréckhuelen."
Mee net nëmmen d'Schneiden huet sech verännert, och d'Recherche vun de Sujeten huet changéiert.
Haut fënnt een all d'Informatiounen um Internet. De gréisste Challenge dobäi: kritesch bleiwen an d'Informatiounen hannerfroen.