25 Joer Téi vum Séi Kamille, Fenchel a Peffermënz am Top 3

Tëschent sechs an aacht Hektar Téi a Kraider ginn zanter iwwer 25 Joer vun der landwirtschaftlecher Genossenschaft am Naturpark Uewersauer produzéiert. Ouni Pestiziden a chemeschen Dünger, esou ee Verkafsargument.

Angie Maquil / cbi

Téi vum Séi
Foto: Bigstock / Elena Dzjuba

En Téi, deen iwwerdriwwe gutt richt a schmaacht, muss net dee Gesondste sinn. Et kënnt op d'Zesummestellung un, seet de Charles Marx, Responsabele vun der landwirtschaftlecher Kraidergenossenschaft am Naturpark Uewersauer, wou zanter iwwer 25 Joer Téi produzéiert gëtt. Ugefaangen huet d'Geschicht mat engem europäesche Leader-Projet. Fënnef Bauere sinn haut un der Genossenschaft bedeelegt.

Kamillen-, Fenchel- a Peffermënztéi wieren déi beléiftsten Téien hei am Land, esou de Charles Marx. Vervaine a Basilisk kann de Bauingenieur wéinst dem Lëtzebuerger Klima net ubauen, wat hie bedauert.

Am Naturpark gi reegelméisseg Visitte proposéiert.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Angie Maquil
Lauschteren

Méi zum Thema

2-2.jpg
Wëssen

Fir Famille mat manner finanzielle Mëttelen no der Gebuert vun engem Kand ze ënnerstëtzen, huet d'Alupse eng Këscht zesummegestallt. An dëser sinn essentiell Saachen, déi Famillen no der Gebuert vun engem Kand brauchen.

Archeology
Centre national de recherche archéologique

Zwou rezent Publikatioune vum Centre national de recherche archéologique bidden ee flotten Iwwerbléck op den archeologesche Patrimoine zu Lëtzebuerg. De Mohammed Hamdi huet se gelies.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen