Kathoulesch Kierch "Vläicht mat méi eppes Groussem verbonnen"

Wa Chrëschtdag méi Leit an d'Kierche gi wéi soss am Joer, dann hätt dat sécher och domat ze dinn, datt d'Massen deen Dag méi feierlech opgezu ginn, seet de Patrick Müller. De Geeschtleche mengt awer, datt et fir dee méi groussen Zoulaf net nëmmen iwwerflächlech, mee och méi déif Ursaache ginn. De 25. Dezember ass jo deen Dag, wou am Chrëschtentum d'Gebuert vu Jesus Christus gefeiert gëtt.

Maurice Molitor (Interview) / Chris Zeien (Web)

Patrick Müller
De Paschtouer Patrick Müller ass Generalvikar, zoustänneg fir Pastoral a Personal an der Lëtzebuerger Kierch.

"Dat gëtt all Joers nei gefeiert, et ass ëmmer dat selwecht, mee et verbënnt eis ëmmer erëm op en neits mat eppes, wou mer soen: Mir sinn awer vläicht mat méi eppes Groussem verbonnen, wéi dat wat mer all Dag esou erliewen a sinn", sou de Patrick Müller.

"Zesumme Kierch sinn" ass de Motto, ënner deem d'Diözes Lëtzebuerg d'nächst Joer (2020) hiren 150. Anniversaire feiert. Fir de Paschtouer Patrick Müller goufen et schonn dacks schwéier Zäite fir d'Diözes. "Och wéi et ugaangen ass, war net onbedéngt eng ganz Kierche-frëndlech Zäit, do ware vill Diskussioune fir iwwerhaapt déi Diözes opzeriichten." Déi, fir d'Lëtzebuerger Diözes schwéier Zäite vun der Trennung vu Kierch a Staat géif elo awer hanner engem leien, sou datt een elo erëm positiv no vir kucke kéint.

Parallellen tëschent Mathematik a Glawen

Zanter dem Summer ass hien och Generalvikar, zoustänneg fir Pastoral a Personal an der Lëtzebuerger Kierch. Éier de Patrick Müller de Wee vun der Theologie ageschloen huet, hat hie scho Mathematik studéiert. Hien enseignéiert och Mathé, am Stater Kolléisch, huet awer elo wéinst sengen neie Responsabilitéiten am Bistum d'Stonnenzuel op fënnef reduzéiert. Mathematik, déi exakt Wëssenschaft par excellence, an Theologie: wéi pass dat beieneen?

Theologie wier och eng Wëssenschaft "an där ganz logesch raisonéiert" géif ginn an an där et och keng Widderspréch dierft ginn, seet de Patrick Müller. Änlech wéi an der Mathé géif een och an der Theologie vu Glawenswourechten, den Axiomen ausgoen.

"Ech kann an der Mathé mam Euclide soen: Et gëtt nëmmen eng Parallel zu enger Droite, déi duerch ee Punkt geet. Wann een dovunner ausgeet, kann een och e mathematesche System opbauen. An der Theologie an am Glawen ass et net elo just en Denksystem, do ass d'Erfarung vun deem Gott, deen op Chrëschtdag Mënsch ginn ass, an dee Jesus Christus, deen duerno gelieft huet, e bësse wéi den Axiom, deen ech elo net méi ka verifizéieren, mee ech vertrauen einfach drop, datt wärend 2.000 Joer Milliarde vu Mënschen op deem Wee vum Chrëschtentum gaange sinn. An ech erfueren dat awer och haut an där Gemeinschaft, an där Frëndschaft oder och heiansdo an den Zeechen, déi den Härgott an eiser Zäit hannerléisst, ëmmer nach. Et ass also méi inkarnéiert wéi d'Mathematik, déi zimmlech abstrakt jo awer wierklech ass."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Jean-Paul Lehners
Jean-Paul Lehners

D'Kierch bräicht eng radikal Reform. Et wier néideg, datt den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, dee vill ënnerwee ass, vum Weibëschof Leo Wagener ënnerstëtzt gëtt, seet de Jean-Paul Lehners.

Leo Wagener
Relioun

An de leschte Woche gouf et geheeften Austrëtter aus der kathoulescher Kierch, seet de Generalvikar Leo Wagener. Dorënner wiere vill Jonker, awer och eeler Leit, déi laang kathoulesch waren.

Daniel GRAUL
Glawen

Och virum Ofschafe vum Reliounsunterrecht wier et kee sozialen Drock ginn, seet den Oktavpriedeger Daniel Graul. Leit, déi sech haut an der Kierch engagéieren, géifen dat méi bewosst maachen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen