Medezin Virtuellen Anatomiedësch op der Uni Lëtzebuerg

Am September d'nächst Joer geet et lass mam neie Medezinsbachelor op der Uni Lëtzebuerg. An dobäi soll innovéiert ginn. D'Studente kréien nämlech d'Méiglechkeet Läichen op engem virtuellen Anatomiedësch ze sezéieren.

Rahel Könen / cbi

Anatomiedësch
Um virtuellen Anatomiedësch gesäit jiddwereen, wat sezéiert gëtt. Foto: ©Université du Luxembourg.

Den virtuellen Anatomiedësch erméiglecht eng 3D-Animatioun vum mënschleche Kierper. Elo scho steet esou en Dësch an der Maison de Savoir um Belval. Déi liewensgetrei Läich kann an héijer Opléisung ënnerschiddlech Charakteristiken unhuelen a virtuell ouni Aschränkungen erfuerscht ginn. An duerch en Touchscreen ka se mat engem Fanger bedéngt a sezéiert ginn. De Gilbert Massard, Direkter fir d'Medizinausbildung op der Universitéit Lëtzebuerg erkläert:

"Par Rapport zu engem Anatomiesatlas huet een hei ebe justement d'Méiglechkeet, d'Saach d'3-dimensional ze gesinn. Et kann een d'anatomesch Preparatioun an alle Richtungen dréien, och datt ee wierklech all Relatioun gutt versteet. Et kann ee Gefässer dobäisetzen an ewechhuelen. Nerven dobäi- an ewechhuelen. Et ass also eppes ganz Interaktives."

Ënner anerem géif de virtuellen Anatomiedësch et erméiglechen, déi verschiddenst Krankheeten ze ënnersichen. Doduerch kéinten och d'Doudesursaache vu Läichen erfuerscht ginn, oder gesond Organer mat kranken Organer am Kierper verglach ginn, sou de Gilbert Massard.

Eng virtuell Dissektioun

De virtuellen Dësch hätt awer nach aner Virdeeler am Verglach zu enger richteger Läich:

"Den Dësch kann ee mat an den Auditoire huelen, an da kann de Professer den Dësch benotze fir säi Kur ze maachen. An da gesäit et aus, wéi wann en eng Dissektioun un engem Kadaver géing maachen, mat dem Avantage, datt et op de groussen Ecran projezéiert ass, an all Mënsch däitlech gesäit, wat leeft. Da fir d'Studenten, wa si eleng praktizéieren, kënne si Teste maachen, déi si schonn am System virgesinn, déi kënnen d'Professeren natierlech dann och bësselchen anescht gestallten, wou hien dann eng Rei anatomesch Strukturen identifizéieren a kucke kann, op een déi Saach verstanen huet."

De virtuellen Anatomiedësch gouf vun der d'Universitéit fir ronn 150.000 Dollar kaaft. Dat géif no vill klengen, wier awer op laang Dauer e méi rentabelen Investissement wéi wann ee misst e klassesche Anatomieslaboratoire ariichten, esou de Medizindirekter Gilbert Massard.

De Vize-Dekan vun der Fakultéit fir Wëssenschaft, Technologie a Kommunikatioun, Serge Haan, erkläert, wéi déi ronn 25 Studenten am zweeten an drëtte Joer vum neie Medezinsbachelor den Anatomiesdësch an Zukunft notze kéinten.

"Am zweeten, drëtte Joer, well mir relativ wéineg Studenten hunn am Verglach zu anere groussen Unien, kënne mir d' Studente vill méi mat sou enger neier Technologie och schaffe loossen, an dat ass da wierklech en däitleche Plus fir d'Studente selwer. Datt si de Contenu einfach besser verstinn, datt si méi d'Méiglechkeet hunn, dat wierklech am Dräidimensionalen ze verstoen."

Ëm eng richteg Läich kënnt een net laanscht

Eng richteg Läich kéint de virtuellen Anatomiedësch natierlech net ganz ersetzen, dat seet den Frederic Schwarz, President vun der Associatioun vun de Medezinsstudenten ALEM. An awer géif hien et als e grousse Mehrwert fir d'Anatomie gesinn:

"Well een einfach d'Méiglechkeet huet, direkt dann nach seng Biller dobäi ze gesinn - vu sengem CT, vu sengem IRM, etc - wat extrem vill eigentlech bréngt. Ech mengen, dat ass definitiv wou et elo an Zukunft higeet. Et gett ëmmer méi op Unien domat geschafft, well et einfach vill méi liicht ass, d'kann ee vill méi domat maachen. 't ass halt net, datt een duerch eng Läich limitéiert gëtt, mee et kann ee souvill dissektéieren, wei ee well a wéini ee well."

Et wier eng gutt Méiglechkeet als Student vill an dacks ze üben, éier een op de richtege Mënsch lassgelooss gëtt, esou de President vun de Lëtzebuergesche Medezinsstudenten.

Fir Gruppenaarbechte kéint den Dësch zwar benotzt ginn - gläichzäiteg un der virtueller Läich sezéiere wier awer bis elo nach net méiglech.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Gilbert Massard
Uni Lëtzebuerg

D'Uni Lëtzebuerg hofft an e puer Joer e Master an der Medezin ubidden ze kënnen, seet den Direkter vun der Medezinausbildung Gilbert Massard. Am September d'nächst Joer géif e Bachelor an der Medezin ulafen.

Virstellung Space Master uni.lu
New-Space-Secteur

D'Uni Lëtzebuerg bitt vun dësem September un en neie Studiegang. De sougenannten interdisziplinäre Space-Master. Doduerch soll Lëtzebuerg sech europawäit am New-Space-Beräich un der Spëtzt positionéieren.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen