Demenz Villsproochegkeet schützt virun Altersdemenz

Zu Lëtzebuerg gëtt et manner Altersdemenz wéi an aneren Länner. Eng Ursaach dofir ass d'Villsproochegkeet vun de Residenten, dat ergëtt eng Etude vum "Luxembourg Institute for Health". D'Lëtzebuerger géingen am europäesche Verglach, bei selwechter Liewenserwaardung och méi laang gesond al ginn, seet d'Doktesch an Fuerscherin Magali Perquin.

Mick Entringer / ys

Altersdemenz.jpg
(Bigstock)

Enger neier Etude vum Luxembourg Institut of Health no ass d’Unzuel vun Demenz-Erkrankungen a Cognitiouns-Stéierungen zu Lëtzebuerg méi niddreg, wéi an aanere Länner. 3,8 Prozent vun der eelerer Populatioun hei am Land leid ënner Demenz. Am Verglach läit dëse Wäert am Rescht vun Europa bei 6,4 Prozent, a Lateinamerika bei 7,1 Prozent an a Kanada souguer bei 8 Prozent.

Dësen Ënnerscheed kéint mat der Villsproochegkeet zu Lëtzebuerg zesummenhänken. An der Etude gouf erausfonnt, datt Leit, déi regelméisseg e puer Sprooche benotzen, manner ufälleg sinn, hier kognitiv Fähegkeeten ze verléieren. Eng nei Etude, "MemoLingua", vum LIH, soll den Zesummenhang vun Demenz a Méisproochegkeet elo nach méi genau ënnersichen.

D'Projets-Responsabel Dr Magali Perquin vum LIH am Gespréich mam Mick Entringer:

Dr Magali Perquin

Méi zum Thema

E Jonke fëmmt en Joint
Suchtpräventioun

Drogekonsum ass ënner Jugendlechen e grousse Problem. Besonnesch d'Jugendhaiser spillen an der Suchtpräventioun eng wichteg Roll. Et ginn interessant Projeten, fir déi Jonk vun Drogen ewech ze halen.

Jeannot Belling.JPG
Senioren

De President vun der Amiperas seet: et dierf een d'Bild vum dynamesche Senior net verallgemengeren. An de Jeannot Belling hëlt och Stellung zu den interne Streidereien an der Associatioun fir eeler Leit.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen