Generatiounen Verännert Liewensmëttel, Féijoersbotz an de Jangli
An der Emissioun "Generatiounen" proposéiere mir Iech haut en Extrait aus engem Gespréich vun engem Zwangsrekrutéierten a sengen Erliefnesser. Mir schwätzen iwwer staark verännert Liewensmëttel an dir héiert en Extrait aus engem Musical, dat op Basis vum "Pygmalion" vum George Bernard Shaw entstanen ass.
Fréijoersbotz an Allergien
All Donneschdeg proposéiert de Jean Claude Majerus Iech op dëser Plaz souzesoen "E gudde Rot". An haut geet et, et passt jo bei Zäit, ëm d'Fréijoersbotz, an eben allergesch Reaktiounen, déi kënnen optrieden. Et ass schonn Traditioun grouss Botz ze maachen, wann d'Fréijoer ugeet. Dat ass och kee Problem, soulaang een net mat Allergië geplot ass. Fir Allergiker ass déi grouss Botz ganz gären eng "Corvée". Stëbs flitt doruechter an och d'Botzmëttele kënnen allergesch Problemer op der Haut, un den Aen a bei der Ootmung provozéieren.
"De Jangli fiert den Houwald erop"
Si ware geduecht fir déi Géigenden, an deenen net esou vill Leit gewunnt hunn, och un d'Eisebunnsnetz unzeschléissen. Déi lescht Zichelcher si Mëtt den 1950er Jore gerullt. Als Erënnerung un déi beléifte wéi verhaasste Bunne proposéiert de Georges Urwald an eiser Rubrik "Grammophon" dësen Evergreen aus der Lëtzebuerger Musek. E Klassiker, deen och haut nach all Kand misst kennen.
Staark verännert Liewensmëttel
Bei "Bewosst Gesond" geet et et haut ëm Liewensmëttel, déi op iergend eng Manéier staark transforméiert goufen a wéi e Stellewäert een hinne ka ginn.
De Marcel Lamboray erënnert sech
Op Initiativ vum Guy Thewes ass 2002 een Interview mam Marcel Lamboray gemaach ginn, wou hie seng Erliefnesser als Zwangsrekrutéierten am Zweete Weltkrich verzielt. A Polen un der Front géint d'Russe kämpfe bis hin zur "Selbstverstümmelung" fir erëm heem geschéckt ze ginn. Nodeems de Marcel Lamboray endlech d'Méiglechkeet ergraff huet fir sech aus de Preisen hiren Hänn ze befreien, ass hie mat den amerikaneschen Zaldoten an dat nächst Gefaangenelager komm. Do huet hien zwar net, wéi un der Front, missen dauernd ëm säi Liewe fäerten, esou ware seng Strapazen awer nach net fäerdeg. A säin Iwwerliewen an amerikanescher Gefaangenschaft huet ugefaangen. De Carlo Link proposéiert en Extrait aus deem Interview, wéi et zu dëser Gefaangenschaft koum an datt ee sech bis zum Enn an engem Krich net konnt sécher sinn.
Fir elo ze wëssen, wéi et iwwerhaapt zur Zwangsrekrutéierung vum Marcel Lamboray koum, a wéi säi Wee weidergaangen ass, kënnt Dir dës Emissioun an eiser Archiv-Sektioun ënner www.100komma7.lu lauschteren.
"The Rain in Spain" an "Get Me to the Church on Time"
De Manuel Ribeiro mat engem vun de Klassiker par excellence vun de Broadway Shows. Nach haut gëtt vun de Spezialisten de Musical "My Fair Lady" als eng vun de grousse Referenzen an deem Beräich ugesinn. Danz, gutt Musek mat schéine Melodië mat engem Happy End sinn net ëmmer einfach gutt ze kombinéieren. Allerdéngs ass dëst dem Auteur an dem Komponist vum Musical Alan Jay Lerner a Frederick Loewe immens gutt gelongen, esou dat och nach en erfollegräiche Film doraus entstanen ass.
"Generatiounen" nees mat vill Ofwiesslung a mat Musek, déi een eben net méi esou dacks héiert. Mir ginn Iech e neie Rendez-vous muer de Mëtteg vun 13:00 Auer un.
A wann Dir éieren e Musekswonsch hutt, oder Dir eis eppes soe wéilt, oder engem e Bonjour wëllt mat op de Wee ginn, da kënnt Dir dat maachen iwwer eis WhatsApp um 621 44 00 44 oder iwwer den Telefonsrepondeur 44 00 44 123.