Et wiere Krisen, déi zwar alleguerten ënnerschiddlech Ursaachen hätten, an dach hätte se e puer gemeinsam Krittären, esou de Frédéric Haupert, Direkter vu CARE Lëtzebuerg. Se géife scho méi laang daueren a se wiere geopolitesch fir vill Acteuren net vu Bedeitung. Wat dozou féiere géif, datt se an de Vergiess geroden.
D'Lëscht, déi CARE opgestallt huet:
1. Madagaskar: 2,6 Millioune Mënschen si vun enger Dréchent betraff
2. Zentralafrikanesch Republik: Wéinst engem Konflikt brauchen 2,6 Millioune Mënschen humanitär Hëllef
3. Sambia: Wéinst dem Klimawandel brauchen 2,3 Millioune Mënsche Liewensmëttel
4. Burundi: Wéinst Onrouen an Instabilitéit am Land fält et ville Mënsche schwéier hir Familljen ze ernären
5. Eritrea: Vill Kanner si wéinst Ënnerdréckung an Honger kierperlech a geeschteg ënnerentwéckelt
6. Nordkorea: Honger hanner zouenen Dieren - 10,9 Millioune Mënsche brauchen humanitär Hëllef, Liewensmëttel an Drénkwaasser
7. Kenia: Wéinst Iwwerschwemmungen an Dréchente liewen 1,1 Millioune Mënschen ouni sécheren Zougang zu Liewensmëttel
8. Burkina Faso: 5,2 Millioune Mënschen si vun der Gewalt-Eskalatioun am Land betraff
9. Äthiopien: 7,9 Millioune Mënsche leiden un Ënnerernärung
10. Tschadséi-Regioun: Honger a bewaffnet Konflikter si Schold drun, datt bal 10 Millioune Mënschen humanitär Hëllef brauchen.
Eng Kris hätt zwar am Normalfall net nëmmen een Ausléiser, seet de Frédéric Haupert, mee wann ee sech déi Lëscht géif ukucken, da géif ee gesinn, datt de Klima en ëmmer méi grousse Facteur wier.
"Wat mer observéieren, ass datt mer eng Rei vu Krisen an den Top zéng hunn, déi duerch Wiederextreemer oder Klimaverännerungen ausgeléist oder verschlëmmert goufen. Wann ee Madagaskar kuckt, déi op déi traureg éischt Plaz kommen, dann ass dat eng Kris, déi duerch eng Klimaverännerung mat ugestouss ginn ass."
Fir dës Lëscht opzestellen huet CARE 40 Krisen identifizéiert, an deenen op d'mannst eng Millioun Mënschen Hëllef brauchen. Dobäi hu se sech op Zuele vun der UNO, eegen Estimatiounen an aner offiziell Zuele baséiert. Mat der Entreprise Meltwater hu se dann analyséiert, wéi eng vun de Krisen iwwer dat lescht Joer an de Medien am mannsten opgetaucht sinn. Dofir goufen 2,7 Milliounen Artikelen no relevante Stéchwierder duerchsicht.
Déi zéng Länner op der Lëscht vu CARE sinn déi, déi am mannsten an dësen Artikelen ernimmt ginn. D'ONG huet sech bei hirer Analys awer op fënnef Sprooche beschränkt, an deenen déi Artikele geschriwwe waren. Nächst Joer wéilt een da probéiere chinesesch mat ze integréieren, esou den Direkter vu CARE Lëtzebuerg, Frédéric Haupert.
D'Situatioun ze änneren, also datt méi iwwer dës Krise geschwat gëtt, wier awer schwiereg.
"Léisunge fir deen dote Problem sinn net einfach ze fannen. Mir brauchen ee méi intensiven Echange mat de staatlechen Acteuren op der Plaz an de Medie selwer. Mir wëssen, datt de Medien d'Ressourcë feelen, datt den Zougang an d'Krisegebidder ëmmer méi schwiereg gëtt, an datt et fir Journalisten op der Plaz dacks ganz geféierlech ass. Als Hëllefsorganisatioune kënne mir de Medien op der Plaz hëllefen, trotzdeem ass et wichteg, datt se net nëmmen Informatioune vun ONGe kréien."