arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The future of food

Post vum Christiane

|
reading time

11 min

The future of food

Landwirtschaft huet dacks e schlechten Image - dobäi ass se mat villen Aspekter verbonnen - wéi Gesondheet, Biodiversitéit, Gerechtegkeet, Fairtrade, Klimawandel, Erosioun vum Buedem - a se liwwert dat, wat de Mënsch am meeschte braucht: Liewensmëttel. An eiser Serie "Post vum Christiane" gi mir op d'Rees an kucken, wéi Landwirtschaft an aneren Länner ass. D'Christiane Walerich stellt en traditionelle japanesche Bauer an eng japanesch Indoor Hightechfarm vir.

reading time

11 min

Déi japanesch Gemeng Ama deelt den Awunner vun der Insel Nakanoshima de Participatiounstaux bei der Moies-Gymnastik mat. Virun e puer Deeg hat d'Gemeng zu dësem Gesondheetsprogramm via Lautsprecher opgeruff.

Nakanoshima gehéiert zu den Oki-Inselen. Dës kleng Inselgrupp läit ronn 80 Kilometer virum japanesche Festland am Weste vu Japan. Ronn 22.000 Mënschen wunnen op den 350 Quadratkilometer groussen Inselen. Si goufen 2013 vun der Unesco als Geopark klasséiert, well sech hei de vulkaneschen Ursprong vun der Äerdgeschicht besonnesch gutt novollzéie léisst.

Fir op d'Oki-Insele bei d'Farm vun der Famill Miyazaki ze kommen, muss een e Boot huelen. D'Vilfalt u Liewensmëttel, déi dës Farm produzéiert ass impressionnant. D'Farm ass praktesch autark an huet ee ganz héije Selbstversuerungsgrad. De Masaya Miyazaki, wéi sech de jonke Bauer nennt, huet praktesch e Kreeslaf vun Nährstoffer op sengem Haff installéiert. Dat heescht nom Virbild vun der Natur funktionéiert den ekologesche Betrib als ganzheetleche System, sou datt kaum Bestanddeeler vu Baussen - ob Waasser, Energie oder Nährstoffer - néideg sinn, fir ze produzéieren.

Géint de Stroum schwammen

Haut steet de Masaya Miyazaki moies fréi mat sengem dräi-järege Jong Yota am Gaart a bereet de Koi-Nobori vir. Dës faarweg Wandsäck a Fëschform ginn um japaneschen Kannerdag, de 5. Mee, op Bambusstaange gezunn, sou datt se am Wand ronderëmdréien. Virun allem de Kaarp gëllt a Japan als Symbol fir Kraaft, well dëse Fësch géint de Stroum schwëmmt.

Géint den Stroum schwëmmt och de Masaya Miyazaki. Hien hat eigentlech Wirtschaft op der Uni studéiert, hat also kee Background an der Landwirtschaft an och kaum Erfarung: "For me, I follow my inner voice", mengt hien.

Organeschen Ubau als Standbeen géint de Klimawandel

D'Fréijoer ass och déi Zäit an där déi meeschten Aarbecht usteet. Sou huet den Masaya Miyazaki dës Woch Sojabounen ausgesäit, Cacaouetten an Tomatejongpflanzen a Setzlingen vu Séissgrompere gesat. D'Muerten, den Daikon a Grompere si schonn um Wuessen.

Momentan ginn d'Spargelen an déck Boune recoltéiert. Mee d'Famill baut nieft dem Geméis och hir eege Bamwoll un, déi gesponne gëtt. Si stellen Ueleg aus de Käre vun der Camelia-Blumm hier. An donieft hu si Uebstbeem, Shiitake-Champignonen an notzen de Bambus als Brenn- a Baumaterial.

Dës Vilfalt sou wéi den organeschen Ubau wier och e wichtegt Standbeen géint de Klimawandel, dee sech och op den Oki-Inselen ëmmer méi bemierkbar mécht.

"Maybe the climate is not like before. Sometimes in winter we have so much snow and the next year no snow. Summers are very cool and next year very hot. But for organic way we can survive like this. Rice and vegetables are stronger than normal one."

Säi Räis a säi Geméis wiere méi resistent wéi am konventionellen Ubau, mengt den Masaya Miyazaki.

Haaptkulture sinn awer Soja a Weess. A Japan fënnt ee fir déi traditionell kleng Ubauflächen och kleng Maschinnen. De Masaya Miyazaki huet eng Mini-Méimaschinn geierft, déi net méi grouss ass wéi eng Wuess-Méimaschinn. De Weess kann domat geschnidden an zesummegebonne ginn. Fir ze Dréchne ginn d'Weessbündelen an enger Hal laanscht d'Mier opgehaangen.

Planzevilfalt

Natierlech huet de Masaya Miyazaki och Räis. Nakanoshima ass eng vun de wéinege japaneschen Inselen, déi genuch Séisswaasser huet, sou datt och Räisubau méiglech ass.

"Yes fortunately on this island we have fresh water, spring water and the sea, mountains, fields - everything combined together like a small picture of Japan. So it is interesting people can produce many various plants."

Räiszuucht

Viru Kuerzem huet de Masaya Miyazaki seng Räisfelder mat Waasser gefëllt. Amplaz déi typesch wäiss Räiszort unzebauen, déi mëttlerweil de japanesche Marché dominéiert, huet sech de Masaya Miyazaki fir e pechegen, brongen an e ganz ale Kulturräis entscheet, deen een esou am Handel net méi fënnt. Am Géigesaz zu ville Räisbauere leet d'Famill och hei vill Wäert op biologeschen Ubau. Dofir komme grondsätzlech keng Pestiziden, Insektiziden oder Herbiziden zum Asaz.

Mat faarwege Schwammboxen ausgerüst, däerfe sech déi Fënnefjäreg sou richteg knaschteg maachen. D'Monitoren hunn ee Plastik iwwer de klengen Hiwwel beim Räisfeld gespaant, iwwer deen d'Kanner an den Bulli rutschen.

Miereskornischongen

Nieft de Planze sinn och Déieren Deel vum Kreeslaf. Hénger, Beien, Fësch, Oktopussen a Krabben. D'Mier leit praktesch direkt virun der Hausdier. Een Owend fuere mir zesummen eraus mam Boot an de jonken Bauer léist e 15 Meter laangt Fëschernetz an d'Mier. Den nächsten Dag sinn eng hallef Dose Fësch dran. Déi lescht Jore géifen et ëmmer manner Fësch ginn, stellt den jonke Bauer a Fëscher fest, och d'Unzuel vu Gellisfësch hätt enorm zougeholl.

E wichtegt Akommes fir d'Famill sinn och d'Miereskornischongen. Dat ass kee Geméis, mee eng Zort Schleeken, déi am Mier liewen a Plankton friessen. Dës Miereskornischonge gi vu Februar u gefaangen.

"We have two ways to catch them: We use a glass to look unto the bottom of the sea and we can catch it with a very long tool made out of bamboo. Longest one will be more then 15 meter. The other way is to pull the net with a ship."

Dono gi si iwwer d'Wanterméint gedréchent a virun allem a China exportéiert. 20 Kilogramm Miereskornischonge kënne bis zu 10.000 Euro abréngen.

D'Famill Miyazaki ass net nëmmen un enger grousser Vilfalt interesséiert, mee och un den ale Methode fir Saachen haltbar ze maachen. Fermentationsprozesser, bei deene lieweg Bakteriëkulturen zum Asaz kommen. "Of course for health fermented food is very nice." Sou stellt d'Famill hire Sake-Wäin an d'Miso-Sauce selwer hier. Dofir gëtt den eegene Räis iwwer Nuecht a Waasser ageweecht, an den nächsten Dag eng Stonn gekacht. Nodeems de Räis ofgekillt ass, gëtt e mat Bakteriëkulturen - dem sougenannten Koji beimpft - déi de Fermentationsprozess a Gang setzen. Och Geméis gëtt an engem Räisgemësch fermentéiert an haltbar gemaach - Nukazuke nennt sech dës Technik, déi fréier a ganz Japan verbreet war. Eng aner typesch japanesch Spezialitéit sinn Natto-Sojabounen. Duerch de Fermentatiounsprozess mat dem Bacillus subtilis natto, deen traditionell aus Räisstréi staamt, kréien d'Sojabounen eng schläimeg-pecheg Konsistenz. Natto ass immens gesond, wéinst de ville Vitamin B-Komplexer.

"We like delicious food", sou den Masaya Miyazaki. Biodiversitéit wier an dësem System eng Wäertsteigerung. "Biodiversity, many living being together, makes more value and I don't want to do something that I cannot explain to my children ..."

Dës organesch Vilfalt géif him virun allem Freed bréngen. Mee fir d'Zukunft vun der japanescher Landwirtschaft, wou et ëmmer manner Farmer gëtt, wier och d'Educatioun vum Konsument wichteg. "People need to produce more food. Children for example it is also better to let them. Make Miso or Soy sauce by themselves, to keep cultures and so that Japanese agriculture can be sustainable."

Éier mir Oki verloossen, kréie mir nach d'Geleeënheet de jonke Bauer op der traditioneller Shamisen spillen ze héieren. Dat ass eng dräisäiteg, gezupfte Laut mat engem laange schmuelen Hals.

D'Produzente spieren d'Konsequenze vum Klimawandel

Op Farme wéi där klenger Okifarm gëtt net nëmme Wëssen a Kultur weiderginn, mee dës villfälteg biologesch produzéierend Farm stellt och eng wichteg Léisung géint den Aarteschwund an den Klimawandel duer.

Schonn elo spiere vill Produzenten d'Konsequenzen vum Klimawandel. D'Fréijoer gëtt ëmmer méi dréchen, méi Kulture musse bewässert ginn. Schonn eng Erwiermung ëm ee bis zwee Grad Celsius vun der duerchschnëttlecher Jorestemperatur verännert d'Ubauzäite vun de Planzen. D'Uebstbeem bléien zum Beispill duerchschnëttlech méi fréi, firwat se och méi ufälleg fir Frascht sinn. Dës Erwiermung huet och eng Konsequenz op d'Insekten an d'Bestäuber. Extrem Wiederkonditioune wéi Knëppelsteng, Schloreen an Dréchenten, Typhunen wäerten an Zukunft nach méi Recolten a Gefor bréngen.

Grondsätzlech gëllt: Ee gudden Bauer ass och ee gudde Risk Manager - wann d'Risiken op villfälteg Kulturen opgedeelt ginn, da si se méi kleng. Konventionell Landwirtschaft ass hei dogéint vill méi schlecht opgestallt, grouss Monokulturen sinn hei bei wäitem méi sensibel.

Hightech Hydroponik-Anlagen

Een ganz aneren Wee wéi d'Oki-Farm ginn déi sougenannten Hightech-Farmen.

Tëschent der aler Keeserstad Kyoto an der fréierer Haaptstad Nara ass esou eng Indoor Farm. Hei gëtt de Buedem an d'Sonn duerch kënschtlech Elementer ersat, d'Klima gëtt praktesch nei erfonnt.

Spread nennt sech dës Firma, déi iwwer zwee Produktiounssitte verfüügt.

An der neister Indoor-Farm vu Spread bei Nara ginn all Dag 30.000 Zalote produzéiert. Op Regalsystemer vum Buedem bis ënner de Plafong verlafen hei vollautomatesch Produktiounsschinnen. Beweegt gi grouss Plateauen - sougenannten Trays - an deene Planzen stinn, déi minutiéis getimed ënner enger LED-Beliichtung weiderrullen - vum Setzling bis zur fäerdeger Zalot. Eng Maschinn gräift déi fäerdeg Zaloten aus de Regaler, an an engem weidere Raum gi se da geschnidden, verpaakt a fäerdeg gemaacht fir den Transport. Ronn 30 bis 40 Leit schaffen all Dag an dëser sougenannter Indoor-Farm.

Dës nei Fabrick wier eng Optimiséierung zur éischter, wou 20.000 Zaloten pro Dag produzéiert ginn, seet de Chris Malcolm, Manager vu Spread, deen eis de Fonctionnement vun dëser jonker indoor vertical farming company erkläert. Ronn 50.000 Zaloten, also fënnef Tonne Gréngs stellt Spread all Dag hier.

"So everything that happens from the seedling to the harvest stage, is all inside a very tightly controlled environment, where we control the lightening, the temperature, the humidity and all the other aspects, that help the plant to grow optically."

Reaktioun op d'Kris an der japanescher Landwirtschaft

An der riseger Hal kann een duerch eng Fënster op déi futuristesch Hightechanlag kucken. Ee Grond firwat Spread gegrënnt gouf, wier och d'Kris an der japanescher Landwirtschaft. 67 Joer ass den Duerchschnëttsalter vun de Baueren. Dat kéint an Zukunft zu Versuergungsengpäss féieren. "With the general aging trend in Japan also with the trend of younger people moving away from agriculture, there is a sort of looming fruit insecurity issue coming up on the horizon." Dës Technik wier ausserdeem onofhängeg géintiwwer saisonale Klimabedingungen an och géintiwwer extreme Wiederkonditiounen. "Japan is a very volatile country in terms of its weather and climate with very, very hot summers, fairly harsh winters depending on where you are. But also things like typhuns, even earthquakes." Spread kënnt op enger klenger Fläch konstant vill produzéieren, well et keng Saisone ginn a well sech d'Luucht net verännert.

Ubau ënner Labosbedingungen

"So in traditional Agriculture you might have people touching the plants. Whereas here we have very clean suits, we have people, they wash their hands every time they go in. They have masks."

Et gëtt och kee Buedem mat Liewewiesen, déi Nährstoffer fir d'Planzen zougänglech maachen, mee en Hydroponik-System, dee mat enger kënschtlecher Nährflëssegkeet ugeräichert ass, sou de Chris Malcolm.

"So basically, what that means is that the roots grow in a flow of water and in that water is a set of nutriments, so just a sort of our own recipe of nutriments that we found grows the best for our plants. So it is just a sort of fertilizer that is mixed into the water and that provides all the nutriments, that a plant needs to grow. Of course plants need other things, plants need air around their roots - so we are having ways of getting air into that root zone of the plant... And we also have a growing medium which is a substrate, which is a material that holds the plant and that also retains a bit of water..."

Wéi vill Energie sou eng Anlag verbraucht a wéi dacks d'Waasser gefiltert a recycléiert ka ginn, wollten eis déi Zoustänneg vu Spread net soen.

Produzéiert ginn insgesamt véier Zaloten-Zorten. De Präis vun den Zalote wär 20 bis 30 Prozent méi deier wéi déi normal Zaloten.

A Japan muss net op d'Verpackung stoen kommen, datt d'Zaloten aus enger Hydroponic Farm stamen. Mee Spread géif et awer maachen. "We do and we write in the middle of the front. The translation would be factory vegetables. It is a bit clunky in english, but in Japanese that is ok."

Ergänzung zur traditioneller Landwirtschaft

Dës Zalot géif zwar net als bio gëllen - zwar gi keng Pestiziden benotzt - dës Zalote stinn awer an enger kënschtlecher Nährflëssegkeet, seet de Chris.

"It depends on the country ... But largely in the EU and Canada where I am from, it is not fully recognized as an organic product yet. And I think that stands from the philosophy behind organic production is such that it is more about the soil, regeneration of the soil, health of the soil ...however the United States have moved in this direction, whereas they have taken the bigger picture standards, in saying: Well what does organic represent to the consumer? And what it kind of represents is a product what is free from pesticides, so free from agrochemicals ...So if you take those common points we don't use pesticides at all here."

Ob esou Zalote längerfristeg gesond sinn? Hei gëtt de Manager keng wierklech Äntwert, mee verweist drop, datt si sech als eng Produktiounsméigelechkeet ënner ville verstinn. "We are trying to position, that this product is just one of several potential solutions to agriculture."

D'japanesch Regierung géif dës Technik vum "vertical farming" interessant fannen. Japan kënnt hei ee Leader ginn, mengt den Malcolm zouversiichtlech - mee fir dëse Genre vu Farming géife keng finanziell Bäihëllefe vum Staat ausbezuelt ginn. Mat dëser Technik kann och längst net déi Vilfalt hiergestallt ginn, wéi op enger Oki-Farm. Wuerzelgeméis oder Grompere konnte bis elo nach net ausserhalb vum Buedem geziicht ginn.

Natur versus Technik: Wéi also gesäit d'Zukunft vun der Liewensmëttelproduktioun aus? Och a Japan steet dat nach an de Stären.