Kannerrechter Tëschent de Länner

Zwee an en halleft Joer huet de Jérôme Grethen seng Duechter Zoé net méi richteg gesinn.

Tessy Steffen Koenig / Pit Walté

Cuzco
Cusco a Peru. Foto: Bigstock

Duerch verschidden Ëmstänn huet dem Zoé seng Mamm hatt mat an de Peru geholl - ouni dem Papp säin Averständnis. Zanterhier kämpft hien dorëms, dat fënnef Joer jonkt Meedchen erëm ze gesinn. 10.000 Kilometer Loftlinn trennen de Jérôme Grethen a seng Duechter Zoé. Et wier eng komplizéiert Situatioun, déi schwéier ze erdroe wier.

Lauschtert dee ganze Reportage mat Schilderunge vum Jérôme Grethen sou wéi Hannergrënn iwwer de legale Kader a Kannerrechter. Eng Ausso vum Zoé senger Mamm war net ze kréien.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen