Gender Studies "Staark Meedercher a staark Jongen"
"Jonge sinn net sou fläisseg a stéiere méi heefeg an der Klass, Meedercher si schei a roueg." Dat si Stereotyppen, déi op enger rezenter Diskussiounsronn an der Abtei Neimënster ënner d’Lupp geholl goufen. Stereotyppe kënnen de Bildungsprozess vu Schüler ëmmer nach aschränken.
Am Ufank wier een an der Fuerschung dovun ausgaangen, datt d'Meedercher duerch Geschlechter-Stereotyppen an der Schoul benodeelegt wieren. Haut hätt sech d'Blat awer gedréint, seet d'Sozialpädagogin Petra Focks.
D'Petra Focks enseignéiert zënter de spéide 90er Jore geschlechterbewosst Pädagogik op der kathoulescher Héichschoul fir Sozialwiesen zu Berlin. Dës Approche soll stereotyppe Verhalensweise soll entgéint wierken.
Hautdesdaags géing dacks d'Viruerteel opkommen, datt Jonge méi schlecht schoulesch Leeschtunge géinge bréngen. Wann Enseignanten dësem Stereotyp géinge Glawe schenken, kéint dat allerdéngs een Afloss op déi reell Leeschtung vun de Jongen hunn, seet d'Sozialpädagogin. "Wann een ëmmer seet 'Dir sidd méi schlecht' kann et sinn, datt si dat duerno och selwer denken."
Wat ass "männlech" a wat "weiblech"?
Mä och d'Evaluatioun vu Jongen kéint duerch Stereotyppe beaflosst ginn, well wann een dovun ausgoe géing, datt d'Jonge méi schlecht wieren, sech net esou gutt kéinte konzentréieren, net esou gutt matschaffen géingen oder net esou fläisseg wieren, dann hätt dat Konsequenzen. "Ech als Enseignante ginn hinnen da vläicht méi schlecht Notten."
Ënnert anerem den däitschen Erzéiungswëssenschaftler Jürgen Budde huet analyséiert, datt Jongen deelweis duerch hiert Verhalen an der Schoul géingen opfalen. Hien nennt d'Beispill vum Valentin aus dem fënnefte Schouljoer, dee während dem Joer an eng néi Klass kënnt an negativ opfält. Dat kéint der Petra Focks no bei senger Opfaassung vu männlechem Optriede leien. "E Jong kënnt an eng nei Situatioun, huet do seng Plaz nach net fonnt a versicht a senger Klass oder a senger Peergrupp Unerkennung ze kréien."
Eng Fro vu perséinlecher Iwwerzeegung
Der Sozialpädagogin no wier eng Erklärung fir dëst Optrieden de Fait, datt d'Geschlecht net just eppes wier, wat een hätt, ma och wat ee géing inzeenéieren. Dat géing een och "Doing Gender" nennen.
Tëscht zwee a sechs Joer géinge geschlechtlech Preferenzen an Astellunge ganz festgefuer ginn. "Kanner mussen hir Geschlechts-Identitéiten nach entwéckelen. Si kréie gesot, datt si eppes net däerfen, well Jongen dat normalerweis net solle maachen, oder ëmgedréint." Wichteg wier et, sou Stereotyppen opzegräifen a se unzeschwätzen, mä se net z'encouragéieren.
Schoulmaterial sollt op Geschlechter-Stereotyppen analyséiert ginn an de Sujet an d'Elterenaarbecht mat agebonne ginn, mengt d'Petra Focks. Si ënnersträicht, datt geschlechterbewosst Pädagogik kee Projet wier, deen een ufänkt an iergendwann ofschléisst. "Et muss an der Situatioun an am Alldag ëmmer erëm ugepasst ginn. Dozou gehéiert also och iwwert sech selwer nozedenken."
Unerkennung an der Fuerschung a Pädagogik
D'Christa Bömmel, Beoptragt fir Fraepolitik vum CID Fraen an Gender, begréisst, datt den nationale Formatiouns-Institut IFEN d'Thematik als zertifiéiert Weiderbildung géing ubidden. Verschidden Aspekter missten an engem Kader festgehale ginn. Am Kaderprogramm fir non-formal Educatioun wier dat schonn de Fall. "Et muss een de Leit, déi d'Richtlinne sollen ëmsetzen och d'Kompetenzen dofir ginn. Dozou zielen d'Grondausbildung an awer och Weiderbildungen."
Geschlechterbewosst Pädagogik kéint zum Beispill an de sougenannte "plan de dévelopement scolaire" intergréiert ginn, seet d'Christa Brömmel. "Gender ass keng Ideologie, mä eng unerkannten Approche an der Fuerschung an an der Pädagogik."
De CID Fraen an Gender hat an Zesummenaarbecht mat der Universitéit Lëtzebuerg an dem Zenter fir Gläichbehandlung eng Diskussiounsronn zum Thema organiséiert.