Sonndegspadséiergang Op der Az bei den Islandponyen an de Piwitschen

D'Az ass e Fiichtgebitt an der Gemeng Biekerech, dat 2017 ugeluecht ginn ass. Zwee Joer drop koum de Piwitsch. De Max Steinmetz vum Sicona gëtt dem Tessy Steffen Koenig Erklärungen op sengem Sonndegspadséiergang.

Fiichtgebitt Schweesch Max Steinmetz
Fotoen: Tessy Troes

D'Zil hei op der Az ass et, d'Fiichtgebitt méiglechst oppen ze gestalten an ze ënnerhalen. Et sollen also keng Hecken eropkommen a méiglechst wéineg Vegetatioun sinn. D'Successioun gëtt ëmmer nees op de Kapp gesat, esou de Max Steinmetz. Dat gëtt hei mat Islandponye gemaach. Fir dat Zil ze erreechen, gëtt versicht mat lokale Betriber zesummenzeschaffen. D'Päerd hëllefen, datt hei op der Fläch net ze vill wiisst an alles kuerz bleift.

D'Fiichtgebitt "Az" ass annerhallwen Hektar grouss (Foto: Tessy Troes)

Hei op der Az existéiert eng relativ homogen Landschaft ouni Hecken a Beem - et ass also just ee charakteristesche Liewensraum fir bestëmmten Aarten. "Déi wéineg Aarten, déi mir hei hunn, si super bedroten Aarten. Dowéinst ass déi Valeur ëmsou méi héich."

De Max Steinmetz schafft als Naturschützer beim Naturschutzsyndicat Sicona (Foto: Tessy Troes)

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Dominic Eulberg
Musek

Techno an Naturschutz sinn zwee Elementer déi een instinktiv éischter net matenee verbënnt. A genee deen Iwwerraschungseffekt notzt den Dominik Eulberg, Joergank 1978, studéierten Ökolog a passionéierten Techno-DJ.

Natur
Biophilia

D'Natur soll eng Rechtspersoun mat eegene Rechter ginn. Dat ass d'Iddi vum Affekot Jean-Jacques Schonckert. An enger Rei vu Länner funktionéiert dat Konzept scho méi laang.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen