arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sinn ze vill (Ouschter)eeër ongesond?

Gesondheet

|
reading time

2 min

Sinn ze vill (Ouschter)eeër ongesond?

Mat Ouschtere stinn déi üblech Traditioune virun der Dier: d'Fierwe vun Eeër gehéiert dozou. Dacks gëtt gesot, datt et ongesond wier, ze vill Eeër a kuerzer Zäit ze iessen. D'Lis Muller, Dieteticienne a Responsabel vum Berodungsservice zu Munneref am Thermalbad, seet, Eeër hätten am Prinzip keng negativ Auswierkungen op d'Gesondheet.

reading time

2 min

Et gehéiert an eise Géigenden dozou, ronderëm Ouschteren Eeër ze fierwen an ze iessen. Mee: ass dat wierklech gesond fir de mënschleche Kierper, wann een a kuerzer Zäit vill Eeër ësst? Wann dat just an der Ouschterzäit geschitt, géif et engem gesonde Mënsch näischt ausmaachen, wann een e puer Eeër hannerteneen ësst, seet d'Lis Muller.

D'Dieteticienne weist drop hin, datt Eeër net schlecht fir den Niveau vum Fett am Blutt wieren, och wann dat fréier gemengt gi wier. "D'Leit kréien éischter en héije Cholesterol, well si ze fetträich iessen a besonnesch ze vill déieresch Fetter zu sech huelen."

Trotzdem solle Leit, déi Problemer mam Cholesterol hunn, maximal véier Eeër an der Woch iessen, esou d'Lis Muller. "D'Ee bleift e Liewensmëttel, wat méi fetträich ass, dat muss ee sech virun Aen halen."

Wann d'Eeër bis gekacht a gefierft sinn, da kéint ee se bis zu zwou Wochen halen, erkläert d'Dieteticienne. Eeër mat Téitsche wieren awer ëmmer mat Virsiicht ze genéissen a sollten am Zweiwelsfall net méi giess ginn.


De Kevin Nilles mat Detailer:

play_arrow Lauschteren