Eng international Mafiaorganisatioun "Si si Cousin, Papp a Fils"

'Ndrangheta. Esou gëtt d'Mafia aus Kalabrien, am Süde vun Italien, genannt. E Freideg virun zwou Woche gouf hei am Land e presuméierte Member vun der 'Ndrangheta festgeholl. Wat ass dat fir eng Organisatioun a wat sinn eventuell Erklärungen dofir, datt Membere vun der kalabresescher Mafia zu Lëtzebuerg liewen? Mir hunn dem Federico Varese, engem Mafia-Expert a Proff fir Kriminologie op der Uni zu Oxford, e puer Froe gestallt.

Stephan Polet / cbi

Federico Varese
De Federico Varese ass Proff op der Uni zu Oxford a Spezialist, wann et ëm Mafia-Froe geet. Foto: Nuno Ferreira Santos

De selwechten Dag wéi zu Lëtzebuerg goufen och an Italien a Kanada eng Rei presuméiert Membere vun der 'Ndrangheta festgeholl. Datt Membere vun der kalabresescher Mafia a verschiddene Länner ënnerwee sinn, erstaunt de Kriminologiesprofesser Federico Varese net. D'Ndrangheta wier ganz international an an Däitschland, Norditalien, Australien a Kanada present, seet hien.

Esou war zum Beispill och d'Ndrangheta involvéiert, wéi 2007 zu Duisburg an Däitschland sechs Mënsche virun eng Pizzeria erschoss goufen. D'Ndrangheta als eng eenzeg grouss Organisatioun ze gesinn, wier awer falsch, et wier éischter eng Federatioun vun onofhängege Gruppen, déi sech déi selwecht Ritualer an Normen deele géifen. Déi géife sech koordinéieren an eemol d'Joer treffe fir gemeinsam Themen ze beschwätzen, seet de Federico Varese.

Eng dezentral Organisatioun

Och d'Mafiagruppen am Ausland schaffe relativ autonom. Si brauchen awer den Accord aus Kalabrie fir en eegene Clan ze grënnen a fir ënner dem Numm 'Ndrangheta dierfen ze agéieren. Esou eng dezentral Struktur géif een a ville Mafiaorganisatiounen erëmfannen. Bei den 'Ndrangheta wier et awer speziell, datt se an de verschiddene Gruppen als Famill ënnerwee wieren. "Si si Cousin, Papp a Fils".

Déi dezentral Struktur féiert heiansdo zu Konkurrenz a Sträit tëschent de Gruppen. Och déi rezent Verhaftunge sinn op en interne Krich tëschent Clanen an der kalabresescher Stad Siderno zeréckzeféieren, wou e Member vun engem Clan ermort gouf. "Aus Revanche goufen zwee Memberen aus engem anere Clan ëmbruecht", erkläert de Professer Federico Varese.

Och de Mann, deen hei am Land verhaft gouf, gehéiert engem Clan vu Siderno un. Datt hien am Grand-Duché war, kéint domat ze dinn hunn, datt säi Clan hei zu Lëtzebuerg mat Drogen handelt oder Geldwäsch bedreift, esou de Kriminologieprofesser Federico Varese. Et sollt een awer net ausschléissen, datt Mafiosi am Ausland sinn, fir engem Mafiakrich ze entkommen a fir méi sécher ze sinn.

Repressioun ass net d'Léisung

Déi rezent international Verhaftunge wieren e staarke Schlag géingt d'Mafia, mee déi verhafte Persoune géife séier erëm ersat ginn. Et géife gesellschaftlech Ursaache gi firwat d'Ndrangheta existéiert, seet de Federico Varese. "Policerepressioun kann dës Problemer net léisen.", esou seng Analys.

D'Mafia wier an deene Géigende staark, wou d'Leit wéineg Vertrauen an de Staat an an d'Justiz hunn.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Stephan Polet
Lauschteren

Méi zum Thema

Et gouf en Accord mat der Police fonnt
Recrutementsplang

Fir dem Personalmangel entgéint ze wierke wëllt d'Regierung an den nächsten dräi Joer d'Police personell verstäerken. Genee Zuele goufen net genannt. Iwwerstonnen a Permanencë ginn nei gereegelt.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen