100,7-Klassesall Séiss Mëllech, e Bilddiktat a Korinten, déi danzen

Haut ass den éischten Dag vun der éischter Phas vum De-Confinement - vill komplizéiert Wierder, déi de Pierre Reyland eis entkomplizéiert. Dann hutt dir bestëmmt schonn emol héieren, datt net jiddweree Mëllech gutt verdréit - firwat ass dat esou? A firwat ass eng Mëllech méi séiss wéi eng aner?

Jean-Claude Majerus / Nathalie Bender / cz

Klassesall
Foto: Bigstock / Faces Portrait

Mam Mr. Science hu mir de Moien héieren w éi ee Korinte ka mat Hëllef vun engem Glas Waasser un d'Danze kréien, a wie Loscht huet e bëssen iwwer Fotoen nozedenken, selwer eng ze maachen, dee kann am Challenge OnWater vu Schouldoheem.lu matmaachen a seng Foto um Enn niewent deene vun de Fotografe Yann Arthus-Bertrand a Philippe Bourseiller op der Säit www.onwater.lu gesinn!

A wéi geet dann elo d'Geschicht aus, déi dir zesumme mam Roland Meyer geschriwwen hutt, an an där d'Melusina probéiert, sech vun hirem Fluch ze befreien?

News

Haut ass e wichtegen Dag. Well, dir hutt et vläicht schonn héieren, haut kënne verschidde Leit nees schaffe goen. An dat virun allem am Bausecteur, wou vill Schantercher nees wäerten opgoen. Et ass déi éischt Phas vum sougenannten De-Confinement hei zu Lëtzebuerg. Vun haut u muss een och e Mundschutz undoen, am ëffentlechen Transport an iwwerall do, wou een déi Zwee-Meter Distanz net ka respektéieren.

Lauschteren

Schätz aus dem natur musée - Séiss Mëllech

Wat ass Mëllech? A firwat kréie verschidde Leit Bauchwéi vun der Mëllech? A firwat gëtt et Mëllech, déi séiss ass? Do hunn de Levi an d'Aline Fischer aus dem natur musée e ganze Koup Erklärungen.

D'Bilddiktat

Et ass nees esou wäit, also Zäit fir erëm Blat, Bläistëft a Faarwen bereet ze halen. D'Kyra Thielen aus der Villa Vauban ass erëm do mat engem neie Bilddiktat. Mir lauschtere gutt no.

Science.lu

... Korinten, déi danzen? Un engem Nylonsfuedem? Nee ... am Waasser!

Korinten, dat ass jo déi gedréchent Versioun vun Drauwen, déi kleng schrompeleg Korinte kenne mer aus dem Kuch, oder och aus verschiddenen Desserten. Awer hutt dir scho probéiert, wéi ee Korinte kann danze loossen? De Joseph Rodesch alias Mr. Science weess, wéi an och firwat dat geet.

D'100,7-Aufgab vum Dag - Onwater Challenge mam Tania Gibéryen

Haut kréie mir eng Aufgab am Zesummenhang mat OnWater

OnWater ass eng Fotosausstellung mat de wonnerschéine Biller vun den zwee Fotografe Yann Arthus-Bertrand a Philippe Bourseiller. Hir Fotoen erlaben dir et ronderëm d'ganz Welt ze reesen, vun Tansania bis op Neikaledonien. Si beschäftege sech mat alle Facettë vum Waasser a mam Theema vun der Nohaltegkeet, a wisou ee gutt op Waasser soll oppassen!

An d'Tania Gybérien erzielt eis haut, wat OnWater mam Challenge vum Dag ze doen huet.

Gelies an erzielt - Mir schreiwen - a lauschteren haut dat 10. Kapitel

... elo ass et souwäit: mam 10. Kapitel schléisse mir d'Buch, dat dir mam Roland Meyer zesumme geschriwwen hunn, haut of.

D'Melusina hat sech jo bei de fënnef Kanner beschwéiert, datt hatt huet missen ënner dem Fluch leiden, deen eigentlech dem Siegfried gegollt huet ... Zesummen hu si e Plang ausgetüftelt fir dem Melusina ze hëllefen, an dee schreckleche Fluch, deen hatt schonn zanter Joerhonnerten erdroen huet, opzehiewen ... Geléngt de Plang, dee si gefaasst hunn.

Méi zum Thema

Klassesall
Den 100,7-Klassesall

Um leschten Dag vun der Vakanz schwätze mir am 100,7-Klassesall iwwer d'Noriichten, eng Käerz, déi danzt, a mir feieren eng Monsterparty!

Klassesall
Den 100,7-Klassesall

Am 100,7-Klassesall gi mer haut villes iwwer Vullennäschter gewuer a schwätzen iwwer Skulpturen aus dem Mudam. Mir hunn och en Experiment fir iech am Gepäck mat enger Energiespuerluucht.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen