Zäitëmstellung Schluss mat der Summerzäit?

D'Auer gouf nees gedréint an dat suergt fir Diskussiounen. De Wiessel huet méi Nodeeler wéi Virdeeler, soen eng Partie Europadeputéiert. Och d'Parlamenter a Finnland an a Polen setze sech dofir an, datt d'Auer net méi ëmgestallt gëtt. Dat ass awer net esou einfach, well d'Summerzäit duerch eng EU-Direktiv geregelt gëtt. Bleift also awer alles beim Alen?

Danièle Weber / ys

Zäitëmstellung
Foto: picture alliance / dpa Themendienst

D'Iddi ass al a gouf a verschiddene Regioune schonn am Éischte Weltkrich agefouert. Deemools wéi haut war d'Argument dofir, d'Auer ze dréien, dat selwecht: Energie spueren, andeems ee méi laang vum Dagesliicht profitéiert. Allerdéngs ass dat zimlech ëmstridden. Etudë weisen, datt méiglecherweis den Energie-Spuer-Effekt gläich Null ass.

Europaparlamentarier stellen Zäitëmstellung a Fro

Zënter, datt et d'Summerzäit gëtt, gëtt driwwer diskutéiert. An net nëmmen am Bistro. D'lescht Woch hunn zu Stroossbuerg eng Partie Deputéiert queescht duerch d'Parteien dozou opgeruff, d'Summerzäit ofzeschafen.

Et géif dofir e staarke Support, seet den tschecheschen Europadeputéierten Pavel Svoboda, de President vun der Parlamentskommissioun, déi zoustänneg fir juristesch Froen ass. Am Parlament beschäftegt sech een Aarbechtsgrupp mat iwwer 70 Deputéiert mam Sujet.

20 Prozent vun de Leit géifen ënnert der Ëmstellung vun der Auer leiden, sou den Pavel Swoboda. Den tschechesche Chrëschtdemokrat berifft sech op eng rezent Etude vum Recherche-Service vum Parlament. "Déi Energie, déi bei der Luucht agespuert gëtt, gëtt nees fir d'Hëtze verbraucht", seet den Pavel Svoboda. D'Zäitëmstellung hätt just Nodeeler a géif virun allem gesondheetlech Problemer mat sech bréngen.

EU-Kommissioun ënnersicht d'Konsequenze vun der Summerzäit

D'Auerzäit oder vill méi dËmstellung gëtt europäesch geregelt. Et gëtt eng entspriechend EU-Direktiv, déi dofir suergt, datt d'Zäitëmstellungen an der EU koordinéiert ginn. Dës Ëmstellungen hätte grouss Auswierkungen op den Transport- an Energiesecteur, sou eng Spriecherin vun der Kommissioun leschte Freideg.

Et wier een awer am Gaange sech mam Sujet ze befaassen, an d'Fro vun der Summerzäit op der Basis vun de leschten Informatiounen ze ënnersichen, sou d'Mina Andreeva.

Debatten a Polen an a Finnland

Et gëtt effektiv Debatten a verschiddenen EU-Länner. A Polen hu sech bei deem Thema sou guer soss zerstridden Parteien zesummegedoen. Op Initiativ vun der polnescher Bauere-Partei huet virun zwou Wochen eng Majoritéit an enger parlamentarescher Kommissioun dofir gestëmmt, datt d'Summerzäit d'nächst Joer ofgeschaaft gëtt.

A Finnland gëtt et Stëmmen, déi no engem Referendum iwwert d'Summerzäit froen. En Donneschdeg huet d'Transport-Kommissioun am Parlament dofir gestëmmt, datt sech d'Regierung soll aktiv dofir asetzen, datt d'Summerzäit op EU-Niveau ofgeschaaft gëtt.

Och si begrënnen hir Initiativ domat, dat d'Auerëmstellung net gutt vun de Leit verdroe gëtt. A Finnland hate 70.000 Leit eng Petitioun ënnerschriwwen, déi seet, d'Auer sollt an Zukunft net méi ëmgestallt ginn.

Och zu Lëtzebuerg ass d'Auer dréinen een Thema. Mir mussen der Zäit hir Zäit loossen, schreift de Lëtzebuerger Agrarminister Fernand Etgen op Facebook. Hie fënnt, et sollt ee bei der Wanterzäit bleiwen, also d'Auer am Mäerz net ëmstellen. Sollt et zu enger Ännerung an der EU kommen, dierft dat déi gréissten Diskussioun ginn: Nämlech déi, ob een sollt d'Summerzäit oder d'Wanterzäit bäibehalen. Well och do ginn d'Meenungen auserneen.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Antoine Deltour
Luxleaks

Whistleblowere musse besser protegéiert ginn, fënnt d'Europaparlament. D'EU-Kommissioun soll ee Gesetz virleeën. Et misst séchergestallt sinn, datt ee Whistleblower kann direkt un d'Press goen.

Europaparlament zu Bréissel
Gewalt géint Fraen

Ëmmer méi Fraen äussere sech iwwer sexuell Belästegungen an den europäeschen Institutiounen. Eng Rei Europadeputéiert fuerderen, datt d'Reegelen an den europäeschen Institutioune solle geännert ginn.

Denis Scuto Meenung
Europäesch Unioun

Den Institut fir Zäitgeschicht huet den EU-Kommissiounspresident op d'Uni Lëtzebuerg agelueden, fir iwwer d'Zukunft vun Europa ze schwätzen. Seng Ried an den Debat hu gewisen: Europa stécht an der Kris

Eeler Dame mat Smartphone
Digitaliséierung

Mam Smartphone kann ee Patient mëttlerweil seng Gesondheet zum Deel selwer iwwerwaachen. D'Digitaliséierung vun der Medezin bréngt awer net just nei Méiglechkeeten, mä och vill Risike mat sech.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen