Dräi Deeg hannerteneen hätt een op dräi vun de véier Moossstatiounen zu Lëtzebuerg ze héich Stëbspartikel-Wäerter gemooss, erkläert de Pierre Dornseiffer vum Ëmweltministère. Dat wieren Iwwerschreidunge vun engem Dagesmëttelwäert vu 50 Mikrogramm pro Kubikmeter. Dee Wäert dierft Lëtzebuerg enger europäescher Direktiv no net méi dacks wéi 35 Mol am Joer iwwerschreiden. Lëtzebuerg hätt déi Unzuel un Deeg nach ni iwwerschratt, confirméiert de Pierre Dornseiffer.
Dës schlecht Loftqualitéit géif virun allem un de Wiederkonditiounen an Europa leien, erkläert de Jacques Zimmer vu Meteolux. A sämtleche Couchë vun der Atmosphär wier duerch den Héichdrock keng Bewegung. An deem Fall géif ee vun enger Inversiounswiederlag schwätzen. Dee Moment sinn déi iewescht Loftschichte méi waarm. Dat géif wéi een Deckel wierken, wou näischt sech méi géif bewegen. Wann dann do feine Stëbs wier, géif dee sech usammelen an net méi fortgoen.
Stëbs-Facteur: Heizungen a Verkéier
Nieft dem Wierder kéim e groussen Deel vun der Stëbsproblematik duerch d'Heizungen, erkläert de Pierre Dornseiffer. Deemno missten d'Chaudièrë reegelméisseg kontrolléiert ginn. D'Heizungsreglement wier 2014 nei gemaach ginn, sou datt och d'Holzheizunge misste kontrolléiert ginn. Deem Reglement no misst een dat op d'mannst all zwee Joer maachen. Dobäi sollt een och nach kucken, wéi dacks eng Maintenance gemaach sollt ginn.
Awer och d'Autos-Emissioune géifen hiren Deel zu der Situatioun bäidroen, sou de Staatssekretär am Ëmweltministère Camille Gira. 40 Prozent kéime vun den Heizungen a ronn 23 Prozent vum Verkéier. Woubäi awer net alles aus dem Auspuff komme géif. Och d'Ofreiwung vun de Pneuen an de Bremse géif fir Stëbs suergen.
Sensibiliséierung, Léisungen an Alternativen
Um radio 100,7 hat sech d'Ëmweltministerin trotz héije Pollutiounswäerter vu Stëbspartikelen a Stéckoxiden an der Loft, net fir ee Verbuet vun Diesel Autoen ausgeschwat. Der Carole Dieschbourg no géif een de Problem virun allem mat enger besserer Mobilitéit an de Grëff kréien.
Si ass der Meenung, datt gréng Politik sech virun allem duerch Léisungen an Alternativen auszeechne géif. Dofir hätt de François Bausch vun Ufank un aktiv um Ausbau vun der doucer Mobilitéit an der Stad geschafft. Méi douce Mobilitéit géif ënner anerem heeschen, bei kuerzen Distanze verstäerkt op de Vëlo zréckzegräifen. Si ass och der Iwwerzeegung, datt een de Leit méi attraktiv Alternative bidde sollt.
Betraff wiere virun allem Leit, déi an de Stied wunnen, esou d'Mirjam Schindler, Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg. Et wier do, wou ee misst ufänken, Mesuren ze huelen. E Beispill kéint ee sech un Däitschland huelen. Hirer Meenung no kéint een aféieren, datt a bestëmmte Beräicher nëmmen Autoen dierfte fueren, déi gewëssen Ëmweltstandarden entsprieche géifen. Déi Autoe géife manner ausstoussen a wiere sou eng méi kleng Belaaschtung fir d'Populatioun.
Der Mirjam Schindler no wier et wichteg, d'Leit ze sensibiliséieren.
Zum Beispill misste méi Informatiounen zu den aktuelle Wäerter verëffentlecht ginn. Sou kéinten d'Leit méi einfach entscheeden, ob si léiwer den Auto oder de Bus géifen huelen.
D'lescht Woch hat de Ministère een nationale Programm vun der Loftqualitéit presentéiert. Dee soll demnächst publizéiert ginn, versprécht de Camille Gira. Si géifen och an d'Gemenge goen, fir de Bierger z'erklären, wat virgesi wier. Et géife kloer Prozedure bei de verschidde Seuile vu Stëbspartikelen a Stéckoxide festgehale ginn. Sou ähnlech, wéi schonn am Summer beim Ozon.
Risiko fir d'Gesondheet
Der Welt-Hëllefsorganisatioun WHO no stierwen héichgerechent all Joer iwwer sechs Millioune Mënschen duerch schlecht Loft. Ze héich Stëbspartikel-Wäerter wieren e Risikofacteur fir Häerz a Longen, erkläert den Dr. Robert Goerens vum Gesondheetsministère. Donieft géifen et och nach kriibserreegend Partikelen an der Loft ginn. Déi meescht betraffe Leit wieren eeler Leit oder kleng Kanner.
Bis 2030 wëll d'EU d'Zuel vun den Doudesfäll duerch Loftverschmotzung ëm d'Halschent reduzéieren. Zu Lëtzebuerg soll sech d'Situatioun vun de Stëbspartikelwäerter de Weekend verbesseren, sou de Jacques Zimmer vu Meteolux.