arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Satir oder Beleidegung?

O tempora o mores

|
reading time

3 min

Satir oder Beleidegung?

Wéi een an de Bësch rifft, esou schalt et erëm. Brutal Muechtmënsche generéiere batterbéis Satir. A provozéiere Beleidegungen, déi, wann ee se an hirer originaler Bedeitung analyséiert, heiansdo nawell ganz objektiv bei déi, déi se provozéiert hu passen.

reading time

3 min

O tempora o mores: Zäiten, Sitten a Wieder ännere sech a widderhuele sech dach! Satir, Konschtrichtung déi mat Hëllef vun Iwwerdreiwen, Ironie a Spott Persounen an Ereegnesser lächerlech mécht a Mëssstänn denoncéiert, liese mer sënngeméiss am Duden.

Loosse mer drunhänken, datt Satire dacks aus der Hëlleflosegkeet fir eppes net änneren ze kënne gebuer gëtt. An dass mer dofir verstinn, ouni dat guttzehalen, dass Satire dacks Dimensioune kritt wou d Grenz mat Beleidegung verschwomme gëtt. Beispiller: Dat kontraproduktiivt Böhmermann Gedicht op den Recip Erdogan - den ofgerappten Donald Trump Kapp aus Gummi. Gewass, et kann e verstoen, datt muncher een den ongehuwwelten egomanen amerikanesche President, dee vill mënschlech a sozial Wäerter zynesch mat Féiss trëppelt als Idiot bezeechent. Sollt dat Wuert iwwer als gratis Beleidegung gebraucht ginn kann een et net guttheeschen.

Etymologie vum Idiot

Aneschtes gesäit et aus wann ee sech mat der Etymologie, dem Ursprong an der eigentlecher originaler Bedeitung vun esou engem Begrëff ausenanersetzt. Idios heescht op griichesch eigentlech privat. Als Idiote sinn an der Polis, an der Buerg, an der griichescher Stad, an der Athenescher Demokratie déi Mënsche bezeechent ginn déi, och wa se d Méiglechkeet gehat hätten ëffentlech Chargen unzehuelen, dat refuséiert hunn, fir sech eenzeg an eleng op hir Geschäfter an hire perséinleche Komfort ze konzentréieren.

Den Zoustand vun der Idiotie am urspréngleche Sënn vum Wuert ass also den natierlechen Originalzoustand vum Mënsch: De Mënsch kënnt als Idiot op d'Welt a mutéiert duerno duerch Educatioun zum Bierger. Esou hunn et déi al Athener verstan, obschonns an hirer Ur-Demokratie d'Biergerschaft verieflech war.

Mat deem Geschéck sinn Idioten dann zum Bierger avancéiert ouni datt si sech dat Wëssen zougeluecht hätten, wat noutwendeg gewiescht wier fir déi ëffentlech Charge an der Polis unzehuelen, Chargen déi si da refuséiert hunn, wat vun der Allgemengheet als Onéier gewäert gouf. Dorausser eraus ass schliisslech dat pejoratiivt Element vum Begrëff Idiot erausgewuess, dat op offensichtlech Inkompetenz fousst an den Idioten eng schlecht Jugeotte a politeschen an an ëffentlechen Ugeleeënheeten ënnerstellt.

Barbar, eng Beleidegung

D'Réimer hunn de Begrëff iwwerholl an aus dem Idiot carrement e primitive Mënsch gemaach. An der Medezin ass d'Wuert bis an den Ufank vum 20ste Joerhonnert gebräichlech gewiescht fir bestëmmte Forme vu geeschteger Behënnerung ze bezeechnen. Eng ähnlech Evolutioun huet de Begrëff Barbar matgemaach: Barbaros heescht op algriichesch Tuddeler a bezeechent Mënschen, déi onverständlech schwätzen, respektiv iwwert e limitéierte Vocabulaire verfügen. Griichen a Reimer, d Groussmuechte vun deemools, hunn alles als Barbare bezeechent wat net hirem ethnozentresche Weltbild entsprach huet, wat hinne friem war, wat se net verstanen hunn. E Bierger vu Roum Barbar ze nenne war eng Beleidegung.

Haut versti mir ënner Barbare Mënschen, déi sech dernieft behuelen, d'Kontroll iwwert sech selwer voléieren, brëllen, draschloen, onkapabel sinn hir Emotiounen ze kontrolléieren. Mënschen, déi ee besonnesch muss am Ae behale wa sech sech un d'Spëtzt vun der Muecht katapultéieren.