Sot Emol Raoul Schlechter: Mam Riddo huet et ugefangen

De Raoul Schlechter ass als Acteur am Theater grad ewéi am Film doheem. Mee datt een elo awer Acteur ginn ass, huet wéi esou villes a sengem Liewe mat engem Zoufall ze dinn, zielt hien a "Sot Emol".

Jean Claude Majerus / cbi

Raoul Schlechter
Foto: actors.lu

De Raoul Schlechter huet sech iergendwéi ëmmer vum Theater ugezu gefillt, an e wollt erausfanne firwat den Theater en esou unzitt. An nach zu senger Lycéeszäit ass hie bei de Marc Olinger, deemools Direkter vum Kapuzinertheater, froe gaangen, ob e kéint am Theater aushëllefen.

"Do sot hie mir: wat hues de da geléiert fir kënnen am Theater ze schaffen? Ech sot: ma näischt, ech sinn am Fong nach am Lycée, dofir hunn ech nach näischt extra fir den Theater geléiert. An do sot hien: Ma Ok, da komm emol all Kéiers nom Lycée, a mir fannen der eppes wat s du kanns maachen."

Déi éischt Statioun war Technik

En huet du bei den Theatertechniker gehollef, wat fir de Raoul Schlechter eng wonnerbar Zäit war, well d'Techniker hien direkt wéi hire Jong opgeholl hunn:

"Ech ka mech erënneren: déi éischte Kéier hunn ech missen e falschen Dekor, eng falsch Bibliothéik mat falsche Bicher maachen. An do kënnt dann een Techniker a sot: "Hei Raoul maacht dat esou an esou" an e geet fort. Do kënnt dann deen aneren an da seet: "Raoul, maach dat", dat war einfach e bëssen e Spill tëscht hinnen Zwee"

An et war virun allem déi Kollegialitéit, déi dem Raoul Schlechter am beschte gefall, jo esouguer impressionéiert huet.

Ouni oppene Riddo keen Theater

De Marc Olinger huet dem Raoul Schlechter d'Dieren am Theater ëmmer méi opgemaach, ëmmer méi Responsabilitéit ginn, mee wien hätt dat geduecht, um alleréischten Owend stoung de Raoul Schlechter op der Bün, a seng Responsabilitéit war de Riddo.

"Ah jo, dat war meng aller-, aller-, alleréischt Aarbecht, well do war ech Freides do an et war schonn alles prett fir Theater. Mee owes huet ee missen de Riddo opzéien. (...) Do stoung ech do, engersäits héiers de Zuschauer, déi erakommen, déi schwätzen a pësperen. (...) An op där anerer Säit vum Riddo do waren Dänzerinnen, déi hu sech waarm gemaach."

Tëscht zwou Welten

Et war wéi zwou Welte virum an hanner dem Riddo, déi nach näischt mateneen ze dinn haten an awer drop waarden, openee lass gelooss ze ginn.

"An du bass esou dertëschent an du méchs dann de Riddo op, deen Ament hat ech och nach gefaart, wann s de elo de Riddo net opméchs, da kann hei den Theater, also den Danz net kommen."

A kuerz virum Optrëtt hunn d'Dänzerinne sech an e Krees gestallt an se hunn de Raoul Schlechter derbäi geruff, et war bal wéi e Ritual virum Optrëtt, da krut hie vun all Dänzerinnen nach zwou Beesen, Riddo op a lass goung et.

"An ech duecht: "Wow", dat do super, hei ass deng Plaz, hei muss de bleiwen. Voilà, an dat war meng éischt wierklech Aarbecht am Theater."

An der Mediathéik:

Sot emol / / Jean Claude Majerus
Lauschteren

Méi zum Thema

Danielle Hennicot
Sot Emol

Musek berouegt. Musek mécht glécklech. Musek bréngt Mënschen zesummen, a Musek ass nohalteg. D'Invitée vun dësem "Sot Emol" ass Braatschistin a Matgrënnerin vum Ensembel "United Instruments of Lucilin".

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen