Wat ee mat Mathé sou kann ufänken Probabilitéit fir Ufänger

Déi zwee Mathematiker vun der Uni Lëtzebuerg Ivan Nourdin an Giovanni Peccati waren ënnert de Laureate vun den FNR-Awards. De Fonds national de la recherche huet si ausgezeechent fir déi bescht wëssenschaftlech Publikatioun, eng Etude mam Titel: "Normal Approximations with Malliavin Calculus: From Stein’s Method to Universality". Versiche mer mol, mathematesch Probabilitéit sou gutt et geet verständlech ze maachen...

Kerstin Thalau, md

Nourdin Peccati.jpg
Ivan Nourdin an Giovanni Peccati

Wann ee fir en eenzelt Evenement oder d’Zesummekomme vun enger Rei Evenementer keng kausal Erklärung ka fannen, da schwätzt ee vun Zoufall. Dat kléngt e bëssen no Wischiwaschi, wéi wa Mathematiker e wäite Bou ëm des "accidentes", wéi de Latäiner seet, maache missten, well se op den éischte Bléck näischt mat der abstraktester ënnert den exakte Wëssenschaften ze dinn hätten. Falsch, seet den Giovanni Peccati vun der Uni Lëtzebuerg.

Den Zoufall, oder besser: seng Berechnung, hunn d’Probabilitéitsfuerscher zur Chefsaach gemaach. "D'Probabilitéit existéiert net. Wéi den italiéinesche Mathematiker Bruno de Finetti gewisen huet, ass d'Theorie vun der Probabilitéit ee mathematesche Modell, mat deem een de Manktem un Informatiounen iwwert d'Zukunft duerstelle kann", erkläert den Giovanni Peccati.

Wéi gëtt ee Probabilitéitsfuerscher?

Et ass op alle Fall keen Zoufall, datt hie Fuerscher ginn ass. De Papp war scho Wirtschaftsmathematiker. De Fils ass dee selwechte Wee gaang an huet sech op Mathematik a Kombinatioun mat Finanzen interesséiert. Fir den Ivan Nourdin, deen heifir aus de franséischer Groussregioun kënnt, hunn eng Partie wichteg Rencontere mat Proffen den Ausschlag ginn. Dunn hu sech d'Weeër vum Ivan Nourdin a vum Giovanni Peccati gekräizt.

An dësen onsécheren Zäiten ass d’Probabilitéit, wéi et schéngt, immens en vogue. Mat enger Formel ka souwuel en economesche wéi och e botanesche Phänomen berechent ginn. Et huet een also méi Äntwerte wéi aner Disziplinne parat. Ee Phänomen a mathematescher Sprooch beschreiwen ass dofir net manner komplizéiert. "De Modell muss räich genuch si fir kënnen z'erklären. Gläichzäiteg muss en einfach genuch si fir datt een en och ka studéieren", sou den Ivan Nourdin. Et wier net evident, do en Equiliber ze fannen.

Mat der Probabilitéit d'Urspréng vun der Welt erklären

Fir hir Publikatioun, déi mat engem FNR-Award ausgezeechent gouf, hunn den Giovanni Peccati an den Ivan Nourdin d'Erkenntnesser vun zwee wichtege Probabilitéitsfuerscher zesummebruecht. Engersäits den Amerikaner Charles Stein, Joergang 1920. De Statistiker vun der Uni Stanford huet sech mat sengem Theorem "central limit" e Numm gemaach: hei geet et ëm approximativ Modeller bei enger grousser Zuel u Parameteren. Anerersäits de Fransous Paul Malliavin (1925-2010), deen e wichtege Problem vun der harmonescher Analyse geléist huet. Dovu profitéieren ëmmer méi Finanzmathematiker.

"D'Mëschung vun deenen zwee huet eis zu neie Resultater gefouert, déi aner Fuerscher duerno an enger Hällewull u Beräicher applizéiert hunn", seet den Ivan Nourdin. Zum Beispill eng Equippe vu Roum, déi kosmologesch Donnéeë statistesch ënnert d'Lupp hëlt. "An dëser Zesummenaarbecht wollte mer Radiatioune verstoen, déi d'Äerd ëmkreesen. Dës Radiatioune forméieren eng Zort fixt Bild vun engem urspréngleche Stadium vum Universum, ongeféier 300.000 Joer nom Urknall", sou den Giovanni Peccati.

De Besoin un héich qualifizéierte Spezialisten am Beräich vun der Probabilitéit ass do, un Aarbecht feelt et net. An awer klot den Ivan Nourdin, datt hien an den Giovanni Peccati hir Aarbecht dacks musse verdeedegen, verkafen a Suen dofir froe mussen. Hiert Fuerschungsfeld vergläicht hie mat der Formel 1: Net all technologesch Neierung bei dëse Bolide gëtt op den Auto vum Alldag iwwerdroen, mee all Fortschrëtt beim Alldagswon ass op Spëtzefuerschung zeréck ze féieren.   
Lauschtert d'Emissioun vum Kerstin Thalau:

An der Mediathéik:

Café Scientifique / / Kerstin Thalau
Lauschteren

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen