Tourismus Prett fir an d'Vakanz

Iwwert 15 Fluchgesellschafte fléie vum Findel fort, mat méi wéi 800 Flich d'Woch. 3,6 Millioune Fluchpassagéier huet de Fluchhafen d'lescht Joer gezielt. D'Lëtzebuerger reese gären, an der Tourismusbranche geet et gutt. Inspiratioun fir déi nächst Vakanz konnte sech 29.000 Visiteuren op der Vakanzefoire sichen.

Claude Biver

Beach, Strand
Foto: Bigstockphoto / Vixit

De Choix ass grouss fir an d'Vakanz. Bei méi wéi 120 Stänn a mat knapp 200 Experten aus der Tourismusbranche konnt ee sech iwwer seng nächst Rees informéieren. De Marché boomt, an och Länner déi un Attraktivitéit verluer haten, kommen erëm. Beispillsweis géifen dëst Joer erëm méi Leit an Ägypten, Tunesien oder an d'Tierkei reesen, soen d'Reesorganisateuren.

Verschidden Zorte vun Tourismus

D'Leit géife sech awer och verschidden Zorte vun Tourismus wënschen. Verschidde Reesorganisateuren hu sech op Pauschalreesen a Strand-Tourismus spezialiséiert. Anerer organiséieren Croisièren, um Floss an um Mier. Hei ginn et ënnerschiddlech Trends jee no Altersgrupp.

Déi verschidde Reesorganisateure si sech eens, datt an Zukunft méi en individuellen a perséinlechen Tourismus gefrot wäert sinn. Et wäert och en Tourismus zréck an d'Natur ginn, an Expeditioune wäerten un Attraktivitéit gewannen, mengt de Frank Linster, Direkter vu Voyages Flammang.

Géint Internetportaler ukommen

Et wier wichteg, sech géint déi grouss Internetportaler wieren ze kënnen, ënnersträicht d'LSAP-Staatssekretärin Francine Closener. Dofir géif de Staat déi eenzel Firmen och mat Formatiounen ënnerstëtzen. Si mengt awer, datt d'Betriber gutt op d'Digitaliséierung agestallt sinn.

Och déi verschidde Reesorganisateure maache sech keng Suergen ëm den Internet-Marché. Et wier ee gutt opgestallt, an et kéint ee mat aneren Atoute punkten. Ënner anerem géifen d'Cliente komplett op Lëtzebuergesch betreit ginn, an et kéint een och méi séier reagéieren, zum Beispill bei geopolitesche Konflikter, seet den Alberto Kunkel, Vizepresident vun Luxair Tours.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Claude Biver
Lauschteren

Méi zum Thema

Findel Pist.JPG
LuxAirport

3,6 Millioune Passagéier huet d'Fluchhafebedreiwergesellschaft Luxairport d'lescht Joer gezielt. Lëtzebuerg behaapt domat seng Positioun als Fluchhafe vun der Groussregioun, seet de Commercial Director vu Luxairport.

Francine Closener.JPG
Francine Closener

Si ass eng vun deenen onbeléiftste Politikerinnen. D'Staatssekretärin Francine Closener schwätzt iwwer déi negativ Resultater bei Sondagen. Niewent hirem eegenen Image geet et och ëm dee vum Land.

Casually dressed young stylish female traveller checking a departures board at the airport terminal hall in front of check in couters. Flight schedule display blured in the background. Focus on woman.
Konsumenteschutz

D'CLLV (Commission luxembourgeoise des litiges de voyage) hëlleft, wann an der Vakanzenzäit Problemer optauchen. Den Giovanni D'Aria erkläert wat a verschidde Fäll ze maachen ass.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Noriichten

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen