Webinaire Orientatioun an der Educatioun

Am Webinaire spanen eng Experte an dräi Experten am Studio e grousse Bou vun der Schoulorientatioun an der Grondschoul, am Secondaire an an der Beruffsausbildung.

Webinaire Schoulorientatioun

D'Emissioun bitt ausserdeem d'Geleeënheet fir gewuer ze ginn, wat d'Offer op der Schoulfoire wäert sinn. Zousätzlech sinn an der Emissioun Analysen vun enger Rei Expertinnen an Experten zu verschiddene Facette vum Thema ze héieren.

Invitéen am Studio sinn:

  • de Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques; de SCRIPT ass ee vun den dräi Organisateure vun der Schoulfoire.
  • d'Véronique Schaber, Directrice vun der Formation professionelle am Educatiounsministère a fréier Direktesch vum Lycée des Arts et Métiers, e weideren Organisateur.
  • de Gil Belling, Präsident Worldskills Luxembourg, an techneschen Delegéierte fir Lëtzebuerg bei nationalen an internationale Beruffsconcoursen an drëtten Organisateur vun der Schoulfoire.
  • de Romain Nehs, chef de service de l'enseignement secondaire am MEN.

D'Nolauschterer hunn d'Méiglechkeet am Virfeld, an och wärend dem Webinar, hier Froen iwwer Email (fro@webinar.lu) oder WhatsApp (621 44 00 44) eranzereechen.

D'Participatioun vun Enseignante um Webinar gëtt vum IFEN als Formatioun unerkannt. Méi Informatiounen: www.ifen.lu

Méi zum Thema

Webinar - Museksunterrecht an der Schoul
Webinar

Wéi dréit d'Musek zur Entwécklung vum Kand bäi? Wéi gëtt se am beschte vermëttelt? Wéi funktionéiert de Museksunterrecht? A wat bréngt et mat sech, wann den Accès dozou fir Kanner vun der Rentrée 2022 u soll gratis sinn?

Webinar: ADHS
Webinar

Den Oktober steet dëst Joer am Zeeche vun der Opmierksamkeetsdefizit-/ Hyperaktivitéitsstéierung - op Däitsch ofgekierzt ADHS, op Franséisch TDA/H. Zesumme mam SCRIPT organiséiert de radio 100,7 ee Webinaire zum Theema.

Webinar: Franséisch an der Schoul
Webinar

Quasi zanter Lëtzebuerg existéiert, gëtt Franséisch am Schoulsystem enseignéiert. A genee esou laang gëtt d'Sprooch vu villen als schwéier ze léieren an ze schwätzen empfonnt.

Webinar digital sciences
Een neit Fach an de Lycéeën

D'Entwécklung vun digitale Kompetenzen ass eng virrangeg Missioun vun der Schoul vum 21. Joerhonnert. D'Schüler sollen déi technesch Fäegkeete vermëttelt kréien a si solle bei der Festegung vun hirer eegener digitaler Identitéit begleet ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen