Ecoparc Wandhaff "Op der Aarbecht lieft een och"

Virun dräi Joer huet d'Natur- a Bëschverwaltung, zesumme mat der Gemeng Käerch, dem Staat an engem Zesummeschloss vun Entreprisë mam Numm Ecoparc Wandhaff decidéiert, déi méi wéi 50 Hektar grouss Industriezon um Wandhaff ze reamenagéieren. Wéi d'Industriezon geplangt gouf, wier villes asphaltéiert ginn an et wier net un d'Wuel vu Mënsch an Déier geduecht ginn, seet de Marc Parries vun der Naturverwaltung.

Tessy Steffen Koenig / cz

Marc Parries
Marc Parries

An der Industriezon Wandhaff war ëmmer schonn eng ganz grouss Aktivitéit: et ass d'Streck, déi d'Réimer gebaut hate vu Reims fir op Tréier. Déi Industriezon huet hir Origine schonn an de 60er Joren a si ass och no konventionelle Gesichtspunkten ugeluecht ginn, seet de Marc Parries vun der ANF, der Administration de la nature et des forêts.

"De Verkéier ass net richteg gesi ginn, et ass net richteg un de Facteur Mënsch geduecht ginn, et ass vill asphaltéiert ginn an no an no sinn och net-heemesche Planzen ugeplanzt ginn."

D'Facteure Mënsch, Ëmwelt an Ekonomie sollten hei am Mëttelpunkt stoen. Dat am Sënn vun enger nohalteger Entwécklung vun der Industriezon an dem Wuelbefanne vun deenen, déi um Wandhaff schaffen a liewen, seet de Marc Parries. Et misst ee sech bewosst sinn, datt Mënschen an der Industriezon schaffen a keng Roboter.

"Si verbréngen all Dag aacht, néng, zéng Stonnen hei, a si sollen net d'Impressioun hunn, si géifen op der Aarbecht net liewen. Op der Aarbecht lieft een och an do kann een och e gewëssent Wuelbefannen hunn. Dat ass alles méiglech an dozou droen déi natierlech Strukture bäi. An dozou dréit awer och bäi, datt ee kann a senger Mëttesstonn e bëssen jogge goen an zwar an d'Natur - och wann et duerch d'Industriezon geet."

"Méi héich Liewensqualitéit"

Duerch de Reamenagement vum Site hätt sech d'Liewensqualitéit verbessert, fënnt och d'Sylvie Meyers-Weis. Si schafft net nëmmen am Bio-Supermarché kuerz hanner dem grousse Rond-Point, mee wunnt och hei op der Plaz.

D'Sylvie Meyers-Weis schafft a lieft bei der Industriezon "Ecoparc Wandhaff"

Der Sylvie Meyers-Weis ass opgefall, datt eng gutt Partie vun de méi wéi 2.000 Salariéen, déi um Wandhaff schaffen, déi nei ugeluechte Foussgänger- a Vëlosweeër notzen.

"Mir gesi ganz vill Jogger do lafen, mir gesinn och ganz vill Spadséiergänger do. A wat mir opfält - wouriwwer ech ganz frou sinn - ass zum Beispill hannen dat Waasser mat deene Bréckelcher. Ech fannen dat immens schéin. Dat ass eng immens Verschéinerung vun engem Site, wou eng Zone d'activités ass, awer wou een och mierkt, datt d'Natur kann opbléien."

"An dat erreecht ee virun allem, an deem een hei d'Natur gewäerde léisst", seet de Marc Parries vun der Natur- a Bëschverwaltung. Och den Heckeschnëtt gëtt no den Aarbechten an den Hecke leie gelooss. "Mir wëllen och hei net den Androck vermëttelen, wéi wann hei misst Uerdnung sinn, well d'Natur kennt keng Uerdnung."

Dat wier fir d'Stroossebauverwaltung net nëmme méi ustrengend gewiescht, fir d'Plaz an der Rei ze halen. Mee et wieren och amorph Fläche gewiescht, wou kee Liewe konnt opkommen, esou de Marc Parries vun der ANF.

Eng Rei Problemer bleiwen

"Hei ass elo ee vun de Foussgängerweeër, hei gëtt et och direkt méi roueg. Mir gi lo hei laanscht de Bauerebetrib op der enger Säit an d'Distributioun an den Datenzenter vun der Post op der anerer Säit. Déi Clôture hei laanscht de Bauerebetrib ass eng typesch Clôture, wéi se fréier war, mat Eechepéil. An dann huet ee laanscht den Drot de KrautsaUm, wou nach d'Grieser an de Kléi kann an d'Bléi goen. Mir méien dat hei zwee, dräimol d'Joer, well et dann zouwiisst, mee méi och net."

E Rei Problemer bléifen awer nach op: Eng Partie Entreprisë wieren nach net gewëllt matzemaachen. An och den ëffentlechen Transport a Vëlosweeër misste weider ausgebaut sinn, well déi meescht Leit mam Auto an d'Industriezon kommen. Dat wier awer guer net néideg, seet de Marc Parries, well "alles, wat een den Dag iwwer brauch, dat ass hei an dat ass och quasi zu Fouss ze erreechen."

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Illustratioun Total Aarbecht
Gesellschaft

Ee Lëtzebuerger verbréngt am Duerchschnëtt 80.000 Stonnen op der Aarbecht. Mee wa mir just nach schaffen, verpasse mir alles, wat eisem Liewen ee Sënn gëtt, mengt de Joshi Gottlieb.

Jan Herr a Laurent Schley Säugetiere Luxemburgs
Invité am Moies-Magazin

"Säugetiere Luxemburgs" heescht dat neit Buch wat vun der Naturverwaltung an Zesummenaarbecht mat Natur an Ëmwelt an dem Ëmweltministère vun de Biologen Jan Herr a Laurent Schley réaliséiert an elo publizéiert gouf.

Maria Old Oak
Internationalen Dag vum Bam

De Bam suergt fir propper Loft a proppert Drénkwaasser a bitt villen Déierenaarten en Doheem, vun der Kroun bis bei d'Wuerzelen. Fir de Mënsch kann de Bam och eng reliéis oder historesch Bedeitung hunn.

Transition Days
Transition Days

Wësse wou d'Iesse produzéiert gëtt, mat den Hänn schaffen an erëm e Bezuch zur Ëmwelt kréien - en Trend? Neen, eng Liewensastellung. Do si sech d'Leit, déi op den Transition Days deelgeholl hunn, eens.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen