Corona-Kris Op Covid-19-Kontroll mat der Police

"Bleift Doheem". Dee Saz hutt Dir sécher Honnerte Mol héieren a leschter Zäit. Mee wéi dacks gouf Dir scho vun der Police kontrolléiert, wann Dir net doheem bliwwe sidd? Verschidden Deplacementer, wéi Akafen, bei den Dokter oder mam Hond Spadséiere goen, si jo nach erlaabt. Mee fir datt jiddweree sech un d'Reegelen hält, geet d'Police op den Terrain kontrolléieren. De Pierre Reyland war bei sou enger Covid-19-Kontroll an der Stad mat derbäi.

Pierre Reyland / cbi

Police-4.jpg
Foto: Police Grand-Ducale

Mat sechs Policeautoen a ronn enger Dose Poliziste fuere mer duerch de Péitrussdall. Mir fuere lues, well bei deem herrleche Wieder sinn nawell Leit ënnerwee: Eltere mat Poussetten, Kanner déi spillen, Jogger, Cyclisten, Trottinetten a Skater.

Foto: Police Grand-Ducale

An et sëtzen och Leit do, ënner de Beem, op der Wiss, an der Sonn, dacks eleng, zu zwee, an, do uewen an der Wiss, och emol zu sechs. Do bleift d'Police Covid-Kontroll eng éischte Kéier stoen.

Foto: Police Grand-Ducale

Et si Leit aus dem Venezuela, hir Pabeiere gi kontrolléiert.. Et gëtt diskutéiert, mee jiddweree bleift roueg. De Polizist erkläert mir:

"Hei op der Wiss hu mer eben eng gréisser Gruppéierung gesi vu sechs Persounen - also, an dësen Zäiten ass dat eng gréisser Gruppéierung. Et war och ze erkennen, datt et net nëmmen Elteren a Kanner wieren, mee och aner Erwuessener. Et ass eis opgefall, datt si zwar all op enger Adress ugemellt sinn - dat ass e Flüchtlingsheem. Mee mir hunn hinnen awer gesot, datt ee just an der Famill soll zesummesëtzen. Dat heescht, d'Eltere mat de Kanner, déi sollen zesummebleiwen, an déi aner Koppel soll dann e bëssen op Distanz bleiwen."

De venezuelanesche Mann erkläert, hie géif sech ëmmer un d'Distanz halen, mee hie wier net perfekt, a si wiere vläicht e bësse no beienee gewiescht.

Foto: Police Grand-Ducale

En Avertissement taxé gëtt et an dësem Fall net. Obwuel dat och heiansdo géif geschéien, zielt ee Polizist. Wann ee keng valabel Excuse hätt, da géif dat 145 Euro kaschten, déi een op der Plaz oder bannent 30 Deeg bezuele kann. "Wa se an den 30 Deeg net bezuelt hunn, da gëtt eng Amende forfaitaire doraus gemaach, an dat geet da bis zu 190 Euro."

Foto: Police Grand-Ducale

Eng Polizistin erkläert, datt een d'Leit probéiert ze sensibiliséieren. "Mir sinn an enger preventiver Approche."

Déi meescht Leit kooperéieren

Mir fuere weider, mee bleiwe gläich nees stoen. Op der Wiss, nieft de Gemeinschaftsgäert bei der Rue Séjourné, sinn och nawell e puer Leit. Hei gëtt kee Grupp, mee just zwou Fraen, déi beienee sëtzen, kontrolléiert.

Schwaarz Schof géif et ëmmer, mee déi meescht Leit géife kooperéieren, och wa si net ëmmer direkt géife verstoen, wat si eigentlech falsch gemaach hunn. Dat wier och fir d'Police net ëmmer einfach:

"Hei ass ee Park. An et ass eben eng Plaz, wou vill Leit beienee kommen. Also ass de Risiko, fir sech mam Coronavirus ze infizéiere relativ grouss. Dowéinst biede mer d'Leit och ëmmer, fortzegoen. Et ass guer kee Problem, wann d'Leit ronderëm trëppelen. Mee fir sech dann ze rassembléieren am Park ass zimmlech geféierlech. Dowéinst soe mer ëmmer, fir hir Sécherheet ass et besser, si gi fort."

Foto: Police Grand-Ducale

Bei de Covid-Kontrollen, besonnesch a méi sensibele Quartiere wéi Gare, Péitrussdall an dem Park ronderëm d'Kinnekswiss, ginn iwwregens och net nëmmen d'Covid-19-Reegele kontrolléiert.

Foto: Police Grand-Ducale

D'Covid-19-Kontroll geet weider, aus dem Dall erop an d'Uewerstad an de Park. Virum Sprangbuer bei der Avenue Amélie, sëtzen zwou Dammen op enger Bänk an der Sonn. Och si gi kontrolléiert.

Foto: Police Grand-Ducale

An datt ee vun Méindeg un e Mundschutz muss undoen, am ëffentlechen Transport zum Beispill, oder um Stater Maart, mécht hinnen och net vill Suergen.

Foto: Police Grand-Ducale

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Pierre Reyland
Lauschteren

Méi zum Thema

info
Coronavirus

An Zäite vu Covid-19 sinn am Internet vill Falschinformatiounen ënnerwee. Den Zentrum fir politesch Bildung wëllt mat enger Web-Applikatioun dobäi hëllefen, Informatioun vu Manipulatioun ze trennen.

End Lockdown
Coronavirus

De Regierungsrot zitt haut Conclusiounen doriwwer, a wéi engen Etappen d'Restriktiounsmesurë géint d'Ausbreedung vum Coronavirus kënne gelockert ginn. Wat sinn d'Enjeue vun de méiglechen Decisiounen?

Net verpassen

Programm

  • Panorama

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

  • Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen