Nationalarchiv No der Iwwerschwemmung

Enn Juli gouf et eng Iwwerschwemmung am Nationalarchiv. An engem Depot am Parking vum Helleggeescht-Plateau huet Killwaasser vun der Cité Judiciaire wichteg Dokumenter beschiedegt. Fir dës Dokumenter ze rette goufe se agefruer a mussen elo mat vill Aarbecht a fir vill Sue restauréiert ginn.

Lara Bousch / cbi

Nationalarchiv
Vill Dokumenter goufen duerch d'Iwwerschwemmung beschiedegt. Foto: Gilles Regener

Donneschdes, de 25. Juli an der Mëttesstonn, gouf duerch e Stopp an der Kanalisatioun Waasser an den Depot vum den nationalen Archiv eropgedréckt. Dëst ass duerch Chance séier entdeckt ginn a banne kierzter Zäit ware ronn 30 Leit an d'Pompjeeë mobiliséiert gi fir der Situatioun Meeschter ze ginn.

Wichteg Dokumenter goufe beschiedegt

Befall sinn op bal 2.000 Quadratmeter Dokumenter vum Ministère des affaires étrangères an Dokumenter vu verschiddenen Ambassaden, wéi Bréissel, Lissabon a Washington. Och Dokumenter vun der Police an zwee privat Fonge si beschiedegt.

Am stäerkste betraff ass e groussen internationale Fong vun der UEO a Serië vun Zeitungen. Alles Dokumenter aus dem 20. an 21. Joerhonnert, erkläert d'Josée Kirps, Direktesch vum Nationalarchiv:

"Dat sinn Dokumenter, déi méi rezent sinn, wat awer elo net heescht, datt déi manner Wäert hätten, well zum Beispill d'Affaires étrangères, dee Fong gëtt ganz vill consultéiert vun de Chercheuren, well een iwwer dee Fong gesäit, wéi d'Aussepolitik vu Lëtzebuerg an deene leschte Jore gemaach ginn ass."

Dokumenter waren digitaliséiert

Verloschter gouf et trotzdem net, well déi Zeitungen, déi ewechgehäit misse ginn, bei der Nationalbibliothéik digital archivéiert sinn. Déi aner Dokumenter goufen nach sur Place agefruer a lageren den Ament a Frigoen am CFL Multimodal zu Beetebuerg. Am Ausland kuckt ee grad no Firmen, déi d'Dokumenter mat engem spezielle Prozess erëm an hiren ursprénglechen Zoustand kënne bréngen, seet d'Josée Kirps.

"Mee dat ass natierlech ganz opwändeg, well dat geschitt an e puer Deeg. Dat geet also net an enger Stonn, elo leeën ech déi do dran, an dann huelen ech se eraus, an dann ass et ok. Mee éischtens brauch ee ganz vill Energie dofir, an et brauch een Zäit dofir an dat kascht."

Dono muss gekuckt ginn, ob d'Dokumenter net nach musse restauréiert ginn, well d'Waasser aus der Kanalisatioun och vill Dreck mat sech bruecht huet. Bis d'Dokumenter erëm kënne consultéiert ginn, wäert et der Josée Kirps no tëschent annerhallef an zwee Joer daueren.

Depot war just eng Iwwergangsléisung

"Normalerweis soll jo sou eppes net geschéien.", seet d'Direktesch vum Nationalarchiv. Den Depot, deen d'Archiv am Parking vum Helleggeescht hunn, wier als Parking an net als Depot fir Archive gebaut ginn. Datt d'Dokumenter hei gelagert goufen, wier och als Iwwergangssolutioun geplangt gewiescht. "Mee elo si mir zanter Enn den 80er Joren an dësem Depot", seet d'Josée Kirps.

D'Direktesch vum Nationalarchiv ass awer ganz optimistesch, datt de mëttlerweil drëtte Projet mat der Regierung elo endlech duerchgeféiert gëtt. Geplangt ass en neit Gebai tëschent 2024 an 2025 zu Esch Belval. An dat Gebai soll dann och de Krittäre vun engem Archiv am 21. Joerhonnert entspriechen.

D'Josée Kirps paakt Holz un, datt bis dohinner net nach en Ongléck passéiert. Schliisslech gi vill Dokumenter op ënnerschiddleche Plazen, déi net fir Archivéierungszwecker virgesi sinn, gelagert.

"Dofir ass dat u sech dat beschte Beispill fir ze weisen: jo et rentéiert sech awer fir an Infrastrukturen ze investéieren, well et ass jo awer eise Patrimoine, dat ass eis Geschicht an déi Dokumenter, déi gëtt et nëmmen eemol."


Notiz vum 22. August: An enger éischter Versioun vum Artikel ass fälschlecherweis vu Staatsarchive geschwat ginn. Richteg ass awer den Numm Nationalarchiv. Mir hunn dat am Artikel verbessert an entschëllegen eis fir dee Feeler.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Boulevard Royal - Grand-Rue
Sozial Medien

Enn de 70er Joren huet den Editeur François Mersch ugefaangen eng Serie mat ale Postkaarten iwwert Lëtzebuerg erauszeginn. Eng Nostalgie-Well ass entstanen. Ganz ähnlech Phänomener fënnt een haut op Facebook.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen