World Radio Day New World - New Radio
Haut ass de Weltradiodag, deen an dësem Joer ënner dem Motto "New World - New Radio" steet. Wat bedeit de WRD fir aner Radiosender? De radio 100,7 presentéiert Interviewe mat Radioschafenden aus verschiddene Länner.
Fir den internationale Welt Radio Dag huet de Philippe Hansen aner Senderen, queesch duerch Europa, ugeruff.
D'Wichtegkeet vum Medium "Radio", d'Virdeeler an d'Nodeeler, an d'Zukunft vum Radio stinn am Mëttelpunkt vun enger Era, an där den FM verschwënnt an den DAB+ ëmmer méi un Terrain gewënnt.
Den Telefon opgehuewen hunn d'Anne Gillot vun Espace2 zu Genève, d'Nina Zimmermann vum NDR Hamburg, de Bernard Dobbeleer vum Bréisseler Jam Radio an d'Ellen Ichters vum RTS Lausanne.
Den Interview mat der Anne Gillot vun Espace2 lauschteren
Den Interview mat der Nina Zimmermann lauschteren
Mir wollten awer och wësse vu wou d'Passioun vum Radio "maachen" hier kënnt a wéi eng Musek op aneren ëffentlech-rechtleche Radioe programméiert sinn. Parallellen mam radio 100,7 ginn et op alle Fall.