Wimperfliedermais zu Déifferdeng Nei Quartéieren entdeckt

Bei eis ginn et 21 Zorte Fliedermais, déi all geschützt sinn, well se a Gefor sinn. Eng vun de besonnesch bedreeten Aarten - d'Wimperfliedermaus - gouf elo awer op fënnef neie Platzen entdeckt!

Sophie Morang / cbi

Dr. Simone Schneider
Dr. Simone Schneider - Sicona

Den Naturschutzsyndikat Sicona huet sech mat "Batcorder" op d'Sich gemaach. Dat ass eng Maschinn déi d'Riff vun de Fliedermais enregistréiert, a virun allem an den Asaz kënnt, wann d'Déieren hire Wanterquartéier verloossen. Beim Oflauschteren erkenne Spezialisten ëm wéi eng Aart et sech dréit.

Dat ass esou geschitt an der Déifferdenger Minière "Grouwen". De Verdikt vun de Batcorder ass kloer: Hei huet eng Kolonie vu Wimperfliedermais iwwerwantert. Derniewent konnt hier Existenz nach op 4 weidere Platzen, zu Déifferdeng, Schëffleng a Rëmeleng nogewise ginn.

"Ëmmer a Minière" - seet d'Dr. Simone Schneider, Sicona-Responsabele vum Projet. "D'Déiere sichen e Wanterquartéier an deem se virum Frascht, an anere Gefore geschützt sinn. Am Summer fënnt een se Gebaier, ewéi Kierchen oder Scheieren".

E raart Déier

D'Wimperfliedermaus ass rar, mee zu Lëtzebuerg awer - relativ gesinn - relativ präsent. "Mir hu bis elo 12 Summerquartéier entdeckt", seet d'Simone Schneider, mat engen 1.200 Weibercher. Ënner anerem zu Bech Klengmaacher, mee och am Préizerdaul géifen et grouss Kolonie ginn. Am Verglach: An Däitschland sollen et nëmme 17 Kolonie ginn.

D'Simone Schneider fënnt et flott, datt een elo zu Lëtzebuerg eng gewëss Responsabilitéit fir déi Aart huet. An och wann d'Fliedermaus dacks belächelt gëtt, wier si wichteg fir de ganzen ekologesche System, seet d'Expertin. An dofir misst een och ëmmer erëm dorop sensibiliséieren.

Méi zum Thema

Gusty Graas
Déiereschutz

Mam neien Déiereschutzgesetz soll d'Dignitéit vun Déiere festgehale ginn. De Begrëff léisst Spillraum fir Interpretatiounen, gëtt den DP-Deputéierten a Rapporter vum Gesetzprojet, Gusty Graas, zou.

Roger Schauls
Wollef

D'Mënsche missten erëm léiere mam Wollef ze liewen, seet de Roger Schauls vum Mouvement écologique. De Wollef ass e wichtege Regulateur vun de Wëld- a Beembestänn. Fir de Mënsch wier en net geféierlech.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen