Muséeën iwwer Bierg an Dall Musée de la Sidérurgie: De Schmelzaarbechter

Zanter Jore sammelt d'Amicale vun de Schëfflenger Kolonien Aarbechtsgeschier, Objeten an Dokumenter mam Zil d'Memoire vun de Schmelzaarbechter oprechtzeerhalen. Bis ufanks 2015 war d'Kollektioun an engem Garage ënnerbruecht, ouni Accès fir de Public. Haut hunn dës Zäitzeien hir Plaz am ale Gebai vum Arbed Site Esch-Schëffleng fonnt a sinn op 110 Quadratmeter ausgestallt.

Natasha Ehrmann / cbi

Den Alain Gunther an de Victor Mierens
Den Alain Gunther an de Victor Mierens

Wärend 130 Joer huet d'Stolindustrie um 60 Hektar grousse Site vun Esch-Schëffleng Geschicht geschriwwen, eng ronn 2.600 Persounen hunn do geschafft, bis 2012 all Aktivitéit opgehalen huet. Am Musée, deen zu Schëffleng um Site ass, gëtt d'Geschicht gewise virun, wärend a no der Industrialiséierung.

D'Wichtegkeet vum Äerz

Schonn am drëtte Joerhonnert viru Christus hunn d'Kelten dat sougenannte Bounäerz verhitt. D'Gallo-Réimer hu Stollen duerch de Fiels gedriwwen. Dat richtegt Ausmooss vun de Minettsvirkomme gouf awer eréischt 1850 vum Fransous Renaudin entdeckt an dat selwecht Joer hunn d'Bridder Metz sech dru gewot fir Minett an hirem Eecher Betrib ze schmëlzen.

Bis an d'1970er Jore war d'Siderurgie den Haaptpilier vun der Lëtzebuerger Ekonomie. De Gunther Alain a Victor Mierens bedreiwen de Schmelzaarbechtermusée. Am Ufank wier et eng Grupp vun Idealiste gewiescht, déi an de Kolonië gewunnt hunn a sech getraff hu fir e Club ze grënnen, mam Zil perséinlech Saachen aus der Zäit vum Biergbau ze sammelen.

D'Ausstellung wiisst

Reegelméisseg kréie si ugeruff a kréien nei Saache proposéiert. An der Ausstellung fënnt een Objeten, déi d'Leit an de Vestiairen haten, fir hir Hänn ze wäschen, Kaarten, déi gedréckt goufe virum, wärend am nom Krich.

Den Ament lafe grouss Projete fir de Site vun Esch-Schëffleng ze revitaliséieren, e fuschneie Quartier soll bis 2025 entstoen.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Am Minnemusée
Muséeën iwwer Bierg an Dall

1810 war scho gewosst, datt et zu Lasauvage Eisenäerz gëtt. Ronn 100 Joer duerno war Lëtzebuerg an den Top 10 vun den Eisenäerz-Produzenten op der Welt. Am Musée National des Mines gëtt dorun erënnert.

Fligermusée1
Muséeën iwwer Bierg an Dall

Zanter 2012 steet zu Munneref de Lëtzebuerger Fligermusée. Eent vun den Haapttheeme vum Musée ass deen éischte groussen internationale Meeting vun der Fligerei zu Munneref am Joer 1910.

Pompjeesmusée zu Wolz 2
Iwwer Bierg an Dall

Hanner dem Pompjeesmusée zu Nidderwolz sti sechs Pensionnairen, déi mat vill Enthusiasmus an Engagement de "Pompjeesmusée an der Géitz" verwierklecht hunn. De Musée erzielt d'Geschicht vum Feier läschen hei am Land.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen