Kulturierwen Mossul: Wéi baut een historesch Stied no engem Krich erëm op?

Wéi baut een historesch Stied no engem Krich erëm op? D'Alstad vu Mossul, am Norde vum Irak, ass e gutt Beispill dofir, wéi bei Restauratiounsaarbechten ënnerschiddlech Interessen openeen treffen, dacks op de Käschte vun den ursprénglechen Awunner, déi während dem Krich geflücht sinn.

Charlotte Bruneau / cz

Mossul
Et goufe vill Kämpf zu Mossul. Foto: Sebastian Backhaus / picture alliance / NurPhoto

An der Alstad vu Mossul, am Norde vum Irak huet de Krich géint d'Terrormiliz Islamesche Staat am längste gedauert, bis am Summer 2017, wou déi lescht IS-Kämpfer sech an de Gaasse vun der Alstad verstoppt hunn, déi duerch Loftattacke gréisstendeels zerstéiert goufen.

Nëmme wéineg Efforte si bis elo fir den Opbau vun dëse Quartiere gemaach ginn, déi aus der Osmanescher Zäit stamen. An dach, wann een duerch de Souk vun der Alstad geet, héiert een d'Geräischer vu vereenzelte Chantieren. De Wadah Jalili, e grousse Propriétaire an der Alstad ass ënner deene Wéinegen déi investéieren, fir d'Liewen erëm zeréck an d'Stroossen ze bréngen.

"Dëse Quartier war d'Séil vun der Stad. Et waren ëmmer sou vill Léit hei, datt ee bal net duerch d'Stroosse komm ass", seet hien. D'Leit wieren aus den Dierfer komm fir anzekafen, fir sech ze treffen, fir zesummen ze iessen.

Räich Famillen hunn den Opbau selwer an d'Hand geholl

D'Famill Jalili ass eng räich Famill a gehéiert zum Adel vu Mossul. Am 17. Joerhonnert hu si als Sultanen d'Stad kontrolléiert. Haut ass hier Muecht nach ëmmer ekonomesch. "Mir hunn direkt no der Liberatioun ugefaangen, d'Stroossen ze botzen. Wann ech dorop gewaart hätt, datt d'Regierung eppes mëscht, da géife mir hei nach ëmmer net schaffen." Hien hätt selwer d'Initiativ geholl an d'Ëmgéigend propper gemaach an och selwer dofir bezuelt, betount de Wadah Jalili.

Déi irakesch Regierung investéiert kaum a Restauratiounsaarbechten. Nëmmen déi néidegst Servicer - Stroum a Waasser - ginn an der Alstad deelweis erëm ugebueden.

Fir den Architekt-Ingenieur Mekdad Jamil Mohammad ass et awer dréngend, eng Kohärent Strategie fir den Neiopbau vun der Alstad op den Dësch ze leeën. "D'Alstad vu Mossul ass ganz speziell wéinst sengem Relief an de klénge Gaassen, déi ganz organesch entstane sinn. Esou Alstied fënnt een an Europa erëm, zum Beispill Dresden oder Warschau an an der arabescher Welt, wéi zu Marrakesch."

Mangel un Handwierker an deem néidege Material

D'UN-Kulturagence UNESCO an aner international Donateure wëllen an d'Restauratioun vun historesche Monumenter investéieren - souwéi den al Hadba Minarett oder d'al Nouri Moschee.

Dës Projete sinn awer schwiereg virunzebréngen, net nëmme well déi original Baumaterialien, haaptsächlech de Marmer, wéi och d'Kompetenze feelen, sou den Ingenieur Jamil Mohammad.

"Mir sichen no deenen Handwierker, déi nach ëmmer déi néideg Kompetenzen hu fir am traditionelle Baustil ze schaffen. De Problem ass, datt déi meescht vun hinne Chrëschte waren. Déi si geflücht oder gestuerwen. Mir musse gutt Handwierker fannen, déi anerer forméiere kënnen."

Vun der Regierung eleng gelooss

Déi grouss Fro déi fir den Ament oppe bleift ass d'Zukunft vun de residentielle Quartieren. Grouss Hëllefsorganisatioune wëllen a Monumenter investéieren. Privat Investisseure maache Geschäfter op. Fir d'Käschte vun der Rekonstruktioun vu privaten Haiser wëllt keen opkommen.

E Manko, deen net nëmmen zur Aarmut vun den deemolegen Awunner vun der Alstad bäidréit, mee och verhënnert, datt déi populär residentiell Quartieren am traditionelle Stil erëm opgebaut ginn. D'Regierung hat Hëllef versprach, déi zënter zwee Joer net kënnt. Op sech eleng gestalt bauen déi oft aarm Famille sou gutt si kënnen, mee oft ouni Plang, sou de Jamil Mohammad.

"Leit, déi hei hir Haiser erëm opbauen, maachen et an engem moderne Stil, si respektéieren déi traditionell Architektur net. Mir brauchen also Gesetzer an eng Encadrement vun de Restauratiounsaarbechten. Wat mer am Fong elo gesinn ass eng zweet Destruktioun vun der Alstad."

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Charlotte Bruneau
Lauschteren

Méi zum Thema

US-Konvoi
International

D'Charlotte Bruneau huet zu Erbil de Kemal getraff, e jonken US-Amerikaner, dee mam Zil an d'Regioun gereest ass d'Kurden ze ënnerstëtzen. D'US-Regierung hätt mat de Kurden hiren treiste Partner an der Regioun fale gelooss, seet hien.

Protester Irak picture alliance Ameer Al Mohammedaw dpa
Demonstratiounen am Irak

D'Protester am Irak, déi sech op d'Haaptstad Bagdad konzentréieren, mee och a verschiddene Stied am Süde vum Land ausgebrach sinn, hu bis ewell iwwer 100 Doudesaffer gefuerdert a méi wéi 6.000 Blesséierter.

Protester Irak 1 dpa
Noen Osten

D'Zuel vun den Doudesaffer zu Bagdad ass den Donneschdeg op iwwer 20 eropgeklommen, mat méi wéi 1.200 Blesséierten. Grond fir d'Manifestatiounen, déi iwwerraschend séier gewuess sinn, sinn d'Aarbechtslosegkeet an d'Korruptioun.

Mossul
Irak

De Bistum vu Mossul wëllt, datt Chrëschten am Irak bleiwen. Ginn d'Rekonstruktioun nom Krich a Strategië géint den demographesche Wiessel duer? D'Charlotte Bruneau war op der Plaz.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen