Corona-Pandemie Method fir Masken ze dekontaminéieren

D'Covid-Kris test de Mënsch bis wäit iwwer seng Grenzen eraus, mee de Mënsch fënnt op resistent Manéier all Dag op e Neits Ressourcen, fir vun der Pandemie ze léieren an sech ze adaptéieren. Nodeems Masken an eisem Alldag zum Normalbild gi sinn, gëtt sech eescht Gedanken doriwwer gemaach, wéi een dës och kann dekontaminéieren.

Natasha Ehrmann / cbi

Masken a Blusen
Foto: Bigstock / Andy Dean Photography

Am Kontext vun der COVID19-Pandemie leiden een sëlleg europäesch Länner un engem akute Manktem u Protektiounsmaterial wéi Masken a Labos-Blusen. Fir dës Erausfuerderung ze meeschteren, ginn a ganz Europa verschidden Initiativen duerchgefouert, fir Léisungen ze bestëmmen déi d'Reutilisatioun vun disponibelen Ausrüstungen duerch Dekontaminatioun oder souguer Steriliséierungsprozesser ze erméiglechen

Dës leiden awer dacks ënner groussen Aschränkungen. Besonnesch verursaache se d'Degradatioun vun de Materialie wéinst aggressive Veraarbechtungsbedéngungen.

Déi lëtzebuergesch Firma "Molecular Plasma Group", kuerz, MPG, vermaart eng eenzegaarteg patentéiert Behandlungstechnologie, déi et erlaabt, déi chemesch Charakteristike vun alle Surfacë permanent ze änneren, dat op Basis vu Plasma.


Lauschtert de ganze Reportage vum Natasha Ehrmann

An der Mediathéik:

Aktuelles / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Engel vs Engel.jpg Riicht Eraus
Engel vs Engel

D'CSV hat de Freideg eigentlech deklaréiert, si wier géint de Prinzip vun esou engem Gesetz. Domat hätt seng Partei just wëllen ausdrécken, datt si mat där proposéierter Versioun net averstanen ass, sou den CSV-President Fränk Engel.

Masken
Deconfinement

Masken an aner Forme vu Mundschutz spillen an der Covid-19-Kris eng essentiell Roll beim Deconfinement an dem Wee zeréck an d'Normalitéit. Mee wéi geet ee richteg ëm mat Masken, Buffen, Schalen a Foularden?

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Generatiounen

Praktesch Infoen

  • 3.6. Generatiounen

    3.6. Generatiounen

    Manner Kalorien, Orchester an Danzmusek mam René de Bernardi an "The Sound of Music"

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen