Darts "Mental hu mir net eis Leeschtung bruecht"

Vum 7. bis den 12. Oktober hat d'WDF, d'World Darts Federation de World Cup am rumänesche Cluj organiséiert. Och d'Lëtzebuerger Nationalequipe vun den Dammen an Häre waren do am Asaz. D'Erwaardungen, déi een am Virfeld hat, goufen awer net erfëllt.

Pit Walté / cbi

Dart

Souwuel am Eenzel, wéi och am Team ass d'Lëtzebuerger Nationalequipe a Rumänien ugetrueden. Am Eenzel bei den Häre waren d'Resultater och net schlecht, dem Tom Bourquel huet et bis an déi drëtt Ronn gepackt, den Dan Martins an de Jim Mayer an déi zweet.

Dat wier an der Rei, seet den Tom Becker, deen als Spiller a Rumänie mat dobäi war, awer och Vizepresident vun der FLD ass, der Federation Luxembourgeoise de Darts. "Ech mengen d'Resultat hätt nach kéinte besser sinn, mee domadder, wéi eis Spiller gekämpft hunn, si mir ganz zefridden. Et ass ëmmer schwéier bei enger Weltmeeschterschaft säi Land ze vertrieden."

"De Kapp huet net matgespillt"

Bei der Eenzelkompetitioun vun den Dammen, wéi och an den Teammatcher, gouf et fir d'Lëtzebuerger awer keng Victoire, do ass ee vun der Federatioun natierlech enttäuscht. Dat schlecht Ofschneiden hätt mat de staarke Gruppen ze dinn, an deenen d'Lëtzebuerger gespillt hätten, seet den Tom Becker, donieft hätt de Kapp vläicht net ganz matgespillt.

"Et war méi dran, mee et ass dann dee Moment schwéier mental déi Leeschtung ze bréngen. Den Darts ass ee ganz mentale Sport an et muss ee probéieren de Kapp auszeschalten, mee dat klappt awer net ëmmer an de Matcher. Et kënnt vir, datt gutt Spiller ënner Drock net méi hir Leeschtungen ofruffe kennen."

Aacht Sportler a Sportlerinne ware mat a Cluj, begleet vun zwee Teamcheffen. Do muss dann natierlech de Fluch an d'Hotelle bezuelt ginn. Wat sech d'Federatioun awer net eleng leeschte kennen, seet den Tom Becker:

"Dat ass e grousse Problem. Wéi och déi aner kleng Federatioune brauche mir Sponsore fir esou eppes bezuelen ze kennen. Déi hu mir awer net. Dowéinst bezilt d'FLD nëmmen den Deel vun de Käschten, de Rescht mussen d'Spiller selwer bäileeën."

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Pit Walté
Lauschteren

Méi zum Thema

Bob Bertemes-2
Liichtathletik-WM

D'Enttäuschung war grouss fir de Bommstousser Bob Bertemes d'lescht Woch bei de Liichtathletik-Weltmeeschterschaften zu Doha am Katar. Mat 19,89 Meter ass et fir hien net duer Gaang sech fir an d'Finall ze qualifizéieren.

Rugby
Rugby

Zanter dem 20. September ass a Japan d'Rugby-WM am Gaang. Wéi steet et ëm dee Sport hei zu Lëtzebuerg? De Pit Walté huet sech mam Alexandre Benedetti, techneschen Direkter vun der Rugbyfederatioun, ënnerhalen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen