Biophilia Manner Gummi ginn: Vum Ofnotze vun Autospneuen

D'Enn vum Verkaf vun neie Bensinn- an Dieselautoe vun 2035 u gëtt als grouss Errongenschaft ugesinn. Dat ass awer nëmmen en Deelerfolleg, well ee Problem bleift weiderhi bestoen: D'Ofnotze vun den Autospneuen.

Tessy Steffen Koenig / jod

Pneu
Beim Ofnotze vun de Pneue gi kleng Gummipartikelen, also Mikroplastik, fräigesat. (Foto: Bigstock/CHAI CGN)

An dat kann duerch Elektroautoen esouguer nach méi problematesch ginn. Elektroautoe sinn an der Reegel nämlech duerch hir Batterië méi schwéier wéi Verbrennerautoen, wat zu engem méi héije Verschläiss vun de Pneue ka féieren. Donieft hu si wéinst dem héijen Dréimoment vun den Elektromotoren eng méi héich Acceleratioun wéi Verbrennerautoen, wat och nees zu engem méi héije Verschläiss vun de Pneue féiere kann.

Dramatesch Konsequenze fir d'Ëmwelt

Och wann ee muss soen, datt vill verschidde Facteuren do matspillen, wéi d'Gewiicht vum Gefier oder de Fuerstil, am Endeffekt nëtzt et kengem Elektroautoen a Verbrenner mateneen ze vergläichen: Ofnotze maachen all d'Pneue mat der Zäit a verléieren u Profil. Nieft dem Theema vun der Sécherheet op de Stroossen - dowéinst sollen d'Pneue reegelméisseg iwwerpréift ginn - huet dee Verschläiss dramatesch Konsequenze fir d'Ëmwelt.

Beim Ofnotze vun de Pneue gi kleng Gummipartikelen, also Mikroplastik, fräigesat. Dës winzeg Partikele belaaschten d'Gewässer an de Buedem a räichere sech an der Natur un, well si net normal kënnen zersat ginn. D'Partikele sammele sech fir d'éischt awer mol op de Stroossen un, iert se da mam Reen op déi Plaze ronderëm gespullt ginn.

Am kriteschste sinn déi Plazen nieft den Autobunnen. Liewensmëttelen, déi op esou Plazen ugebaut ginn, kënne mat kritesche Stoffer, belaascht ginn, dorënner, Bläi, Zénk, Cadmium a Weichmacher.

Auswierkunge bis an d'Arktis

D'Partikele si gréisstendeels net méi grouss wéi e Mënschenhoer a kënnen iwwer wäit Distanzen transportéiert ginn. Duerch säi geréngt Gewiicht dréit de Wand de Mikroplastik bis an d'Arktis, wou dësen aner problematesch Konsequenze mat sech bréngt: D'Grummipartikele sinn - änlech wéi Rußpartikel - meeschtens däischter a reflektéiere manner Sonneliicht. Dat bréngt dann nees mat sech, datt de Schnéi an d'Äis méi séier schmëlzen.

Wat kann een also maache fir d'Ofnotze vun de Pneue sou geréng wéi méiglech ze halen?

Et kann een natierlech versiche gréisstendeels op den Individualverkéier ze verzichten a méi op ëffentlechen Transport an de Vëlo zeréckgräifen. Dat ass awer net ëmmer a fir jidderee méiglech.

Autoe mat manner Gewiicht hunn och e manner héije Verschläiss vun de Pneuen. Staarkt an abrupt Bremse soll ee vermeiden an an de Kéieren net ze séier fueren. Och dat huet Auswierkungen op d'Pneuen.

An natierlech: reegelméisseg Kontroll an d'Upasse vun de Pneue fir déi verschiddene Joreszäiten.

An der Mediathéik:

Biophilia / / Tessy Steffen Koenig
Lauschteren

Méi zum Thema

e-Fuels
Biophilia

Vun 2035 u wäerten an der EU keng nei Gefierer mat Verbrennungsmoteur méi zougelooss ginn, ausser si fuere mat klimaneutralem Sprit. Mee wéi gréng sinn déi E-Fuels eigentlech?

Pierre Reyland Kommentar
Chronik

Et gi manner nei Autoen a méi Elektro-Autoen zu Lëtzebuerg verkaf. Den Individual-Verkéier gëtt also méi propper. Mee de Probleem vum Auto senger Dominanz bleift nach méi laang, mengt de Pierre Reyland an engem Kommentar.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen